Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

De Lëtzebuerger Staatsbeidel wéi e schotteschen Dudelsak? 

De Lëtzebuerger Staatsbeidel wéi e schotteschen Dudelsak?
Image par wal_172619 de Pixabay

keng Iwwerraschung, datt dem Staatsbeidel matzen an der Pandemie d’Loft ausgaangen ass. D’Recetten vum Zentralstaat sinn an de Méint Abrëll bis Juni ëm 1,2 Milliarden agesackt. Dat bedeit also fir dat zweet Trimester eng Abouss vu Recetten an der Gréisstenuerdnung vun décken 12 Prozent, zugläich goungen d’Ausgaben ëm 22 Prozent an d’Luucht. De Staat war also a Liquiditéitsprobleemer geroden an hat mussen 350 Milliounen Euro léine goen, fir iwwerhaapt Paien a Pensiounen kënnen auszebezuelen. https://guykaiser.lu/gaston-reinesch-vun-der-letzebuerger-zentralbank-mat-enger-leierstonn-fir-ddeputeierten/ An et ass net ausgeschloss, datt sech dat muss widderhuelen.

De Finanzminister Pierre Gramegna war e Freideg an der zoustänneger Chamber -kommissioun a krut do vun den Oppositiounsvertrieder e Shampoing gemaach. D’Regierung huet déi Suen nämlech geléint ouni d’Parlament driwwer ze informéieren! 350 Milliounen ass jo net näischt! Dobäi kann en zegutt halen, datt alles huet musse ganz séier goen, mä ass et net en Zeechen vu politescher Arroganz, wann de Minister d’Parlament glat a guer net an d’Bild setzt? An der Staatskeess geet et déi nächst 6 Méint wuel kaum bessser!

D’Baisse vun de Staatsrecetten ass ëmsou méi däitlech, wou d’Betriber hier Steieravancën reportéiert kruten. Dat huet duerchaus Sënn gemaach, well Avancën bezuelen op eng Betribskeess, déi iwwer Méint eidel stoung, hätt vill Gesellschaften an de Ruin gedriwwen. D’Deputéierten kruten vum Direkter vun der Steierverwaltung iwwregens matgedeelt, datt den Term “reportéieren” falsch ass; richteg wär, datt d’Betriiber hier Steieravancën ” annuléiert” kruten. Dat heescht, déi Avancën sinn ausgesat bis zum Dag vun der Steiererklärung fir d’Joer 2020, also bis an dat zweet Trimester vum nächste Joer!

“…Wann d’Loft eraus ass, gëtt nei opgeblosen!..”

Dat riskéiert eng laang Duuschtstreck fir de Staat ze ginn. Souwisou falen déi geplangten Einnamen drastesch zeréck vis-à-vis vun de budgetäre Previsiounen: d’Geschäfter lafen a ville Wirtschaftsbranchen bei wäitem net esou gutt ewéi virun der Kris. Eng Rëtsch Gesellschaften wäerten déi Streck net packen a Faillite maachen. Dat bedeit méi Chômage, also nees eng Kéier manner Recetten an zousätzlech Ausgaben!

Muss d’Regierung also weidert Geld léine goen, fir de Staatsbetriib um Lafen ze halen? De Minister wor a senger Äentwert éischter evasiv. Staarkt Stéck! Et geet ëm d’Zukunft vum Land, ëm eng Generatioun déi de Pech hat, hiert Beruffsliewen unzefänken an där schlëmmster nationaler Wirtschaftskris zanter der ARBED, enger industrie crépusculaire! Wou bleift do dee frësche Wand, deen GAMBIA nom CSV-Staat wollt an d’Politik era fächeren? Wou bleift do d’Transparenz?!

Schonn de Staatsminister hat aus senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun eng Ried exklusiv iwwer d’Pandemie gemaach. Et war eng virleefeg lescht Geleegenheet, sech selwer kënnen op d’Schëller ze klappen. Daje alt! Mä eng Diskussioun am Plenum iwwer d’Situatioun vum Land, iwwer seng Finanzen, iwwer de Verlaf vun den Tripartite-Gespréicher muss direkt no der Summervakanz nokommen! D’Parlament ass do, fir d’Regierung ze kontrolléieren. Um Krautmaart – oder am Zerkel- ass eng konstruktiv-kritesch Oppositioun méi wéi je noutwendeg.

D’Regierung muss sech de Virworf gefale loossen, déi lescht Joer ze vill liichtfankeg mam Geld ëmgesprongen ze sinn: gratis ëffentlechen Transport, gratis Crèchen, en ze generéise congé pour raisons familiales, e Militärsatellit deen la peau des fesses kascht….an näischt an der Spuerstrëmp ze hunn. Dat war alles geduecht fir Stëmmen ze fänken. Elo ass et gläich aus die Maus, an et kascht, wat et kascht!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *