Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

gk online, no 7 Méint e klenge Bilan 

gk online, no 7 Méint e klenge Bilan

Kuerz viru Chrëschtdag zejoert goung dëse Site online. An der Halschecht vum Januar koum ech mam Artikel iwwer de Staatsminister: de Xavier Bettel hat an engem Gespréich iwwer d’Situatioun am Logement enger Madame zimmlech erofloosend geäntwert, an ech war der Meenung, datt e Politiker, a virun allem e Staatsminister sech net esou kéint behuelen(http://3.127.214.33/si-tacuisses/ )Deen Artikel gouf iwwer 31.000 mol gelies, en Zweeten iwwer 15.000, am Ganzen also  gutt 46.000 mol, an deen, deen am meeschten doriwwer erféiert wor, war ech selwer.

Absolutte Gewënner an der Lieserzuel ass alledéngs bis ewell den Nohaltegkeetsminister François Bausch. Déi verschidden Artikelen iwwer hien an iwwer d’Fro, ob oder ob net hien sech an enger bestëmmter Affaire an d’Justiz agemëscht hätt, goufen iwwer 65.000 mol gelies. Eng ganz Partie Presseorganer hu bis haut nach net doriwwer geschriwwen!

iwwer 15.000 mol gelies gouf mäi Bréif un d’Address vun der Jugend, wat hire Klimastreik ugeet. Een e bësselche provokante awer och ironesche Bréif, iwwer deen an de Klassestonnen diskutéiert gi war. Net ze vergiessen déi ablacklech Polemik ronderëm de “geheime” casier: Behaaptungen, déi ech den 18. Abrëll an deem Kontext gemaach hat, ginn ëmmer méi confirméiert an d’Ministeren Braz a Bausch sinn an der Bredouille. Natiirlech ass dëse Casier net vun haut a gëschter, ma éischter vu vir-,vir-, virgëschter, ma et ass elo un der Dräierkoalitioun d’Top-Geleegenheet, d’Fënsteren grouss opzerappen a Remedur ze schaafen. Keent vun de Presseorganer hat bis ewell de professionnellen Anstand, an dëser Affaire de gkonline ze zitéieren. De maître Gaston Vogel ass an dëser Affaire zu Topform opgelaaf – e grousse Merci un hien fir seng Bréiwer-, ma säi persöinleche Rekord krut hien mat sengem Bäitrag iwwer déi vill Schantercher an a ronderëm d’Stad, mat net grad 10.000 Lieser.

 

Ech krut Courrier aus dem Finanzministère zougespillt, en Text, deen net esou fir de breede Public war, ma deen awer vill Opmierksamkeet am Finanzsecteur krut. Aennerungen am Waffegesetz hu fir vill Onrou gesuercht, an d’CSV gouf 3 amendementer eranPL7425 – Amendements Et héiert een, wéi wann de Gesetzprojet vum Dësch wier! Déi gréng Fraktioun misst nach emol nobesseren, an dësem Fall, e Schrack hannerécks goen, och ënnert dem Drock vun den zwee Koalitiounspartner.

 

D’Weilerbaach mat hire Statuen a Flüchtlingen huet et zu enger question parlementaire vun der ADR bruecht, wou mir nach mussen op d’Aentwert waarden vun der Ministerin. Gutt kommentéiert goufen d’Artikkelen iwwer de SREL an de Prozess, deen em Hierscht op eis duerkënnt http://3.127.214.33/affaire-srel-de-laange-wee-vun-engem-politesche-putsch/ an och den Artikel iwwer e fréiere Polizist, dee gäeren moralesch retabléiert wär http://3.127.214.33/e-freiere-polizist-kampft-em-seng-eier/.

Last but not least huet och déi léiw Geschicht vum Dachs zu Biekerech et zu enger parlamentarescher Fro gepackt. Alles an allem, iwwer 180 Beiträg, dorënner och e puer Schnoken. Fir eng one-man show mol guer net esou schlecht. Dat ass den Owend op alle Fall e Grond, fir e klenge Cognac ze genéissen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *