Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Bei der LUXAIR geet et ëm méi ewéi ëm Cremant! 

Bei der LUXAIR geet et ëm méi ewéi ëm Cremant!
luxair
  • An der Zäit gouf de Spunnes mat der italieenescher Loftgesellschaft Alitalia gemaach: firwat kësst de Poopst all Kéiers de Buedem, wann hien aus dem Fliger klëmmt? Äntwert: fléi mat Alitalia, an da weess du et! Esou änlech gewitzelt gëtt neierdéngs iwwer d’Luxair: Ah esou! Du waars mat der Luxair an d’Vakanz an du bass tatsächlech erëmkomm?! Bei der Gesellschaft leeft déi lescht Méint tatsächlech munches schif an et stellt een sech Froen.

Bei eiser nationaler Loftgesellschaft war een bis ewell de Géigendeel gewinnt; alles an der Kontinuitéit: de Camembert deen een zervéiert kritt, huet zanter Joerzéngten net geännert, just aus dem wäisse Bréitchen gouf e Schwaarzt an de roude Wäin gouf méi saierzeg. D’Luxair, dat war eis Gesellschaft – mir si schliisslech all Aktionär-, a mir waren houfereg op eis Gesellschaft, och wann een an der Kabinn sëtzt wéi zesummegepercht an enger Eeërbatterie! A virun allem, d’Fanger eweg vum Cremant, vum lëtzebuerger Cremant!

Dat alles huet virun 3 Joer geännert, d’Luxair ass mat an duerch de Corona-Virus a Schwieregkeete geroden. Wéinst der Pandemie bloufen d’Fliger um Tarmac pechen, kee Business, kee Fric, et huet sech mussen vu vill Personal getrennt ginn, anerer goungen fräiwëlleg a koumen dacks beim Staat ënner. Leit mat vill berufflecher Erfarung ware fort an déi hu gefeelt, wéi d’Leit no der Pandemie decidéiert hunn wéi verréckt an d’Vakanz ze fléien.

Paperjam

All d’Loftgesellschaften goufen kräfteg duerchgerëselt, bei der Luxair koum derbäi, datt d’Fliger-Flott ugefaangen huet, an den Alter ze kommen. Déi eenzel Maschinnen goufen ëmmer méi ufälleg a hunn deementspriechend méi dacks mussen reparéiert ginn. Ma och an der Maintenance hu Leit gefeelt, déi zwee Joer virdrun héiflech erauskomplimentéiert gi waren. Rien de va plus. Dat war d’Gebuertsstonn vum Gilles Feith.

Säi Virgänger duerft trëppelen. Den Adrien Ney dee laang Joer d’Gesellschaft mat roueger Hand gefouert hat, krut ënnert anerem virgehäit, d’Fliger net mat Zäiten erneiert gehat ze hunn. Och wann dat net ganz falsch ass, muss ee wëssen, datt vun der Luxair ëmmer eng gewësse Finanzreserve verlaangt war, eng Mouk fir den Eeschtfall, wann et sollte finanziell Problemer mat der Cargolux ginn. Et soll sech do ëm op d’mannst 100 Milliounen Euro handelen. An iwwerhaapt: esou Decisiounen musse vum ganze Verwaltungsrot gedroe ginn, deementspriechend war also net nëmmen dem Ney seng Responsabilitéit a Fro ze stellen.

Egal! Den Ney duerft goen, vive de Gilles Feith, dee reegelméisseg an der Ëffentlechkeet vu sech wëssen deet, wéi faszinéiert hien dach vun der Technik ass an datt hien seng Equipe zum Erfolleg wëllt bréngen. Weise gëllt, Här Feith! Wat een an der Lescht ze héiere kritt, geet op d’mannst an déi komplett aner Richtung!

“…D’Beispill vu Mykonos…”

D’Luxair huet an der Lescht ëmmer nees nei Destinatiounen an hire Programm opgeholl, dëst Joer ënnert anerem déi grieschech Insel Mykonos. Do schéngt allerdéngs iwwerhaapt keng Maartfuerschung gemaach ginn ze sinn, well d’Insel ass virun zwee Méint aus dem Programm erausgeholl ginn. Einfach esou! Et haten sech iwwerraschend wéineg Clienten fir déi Destinatioun interesséiert, an déi puer déi gebucht haten, kruten Wochen virdru Bescheed gesot, datt aus hirer Vakanz näischt déit ginn. Entschiedegung: 100 Euro.

demy schandeler/Luxair tours

Eng nei Destinatioun an de Programm ophuelen, ass awer méi komplizéiert ewéi wann een d’Luucht um Plaffong uknipst. Do musse Leit op der Plaz selwer engagéiert ginn, déi d’Kontakter mat den Hoteller hierstellen, do mussen Autorisatiounen ugefrot ginn,….do muss Geld investéiert ginn. Am Fall vu Mykonos eng Feelinvestitioun! A gebongt: dat kann virkommen. Nawell ass et symptomatesch fir eng Gesellschaft, bei där villes schif leeft.

Virun allem sinn et déi vill technesch Pannen déi de Leit ëmmer méi op d’Nerve ginn. Déi lescht Woch huet sech nach ee Passagéier op Facebook batter beklot, deen op Sylt wollt fléien. ” Den nächsten Hummer vun der Luxair! De Vol op Sylt vun 14.30 Auer haut de 5. Juli ass annuléiert ginn. D’Informatioun un d’Passagéier ass genee um 11.39 Auer per SMS erausgaangen, ouni weider Explikatiounen oder Informatiounen. Um Telefon ass KEEN  ze erreechen (…) Dat ass lamentabel. D’Luxair-Geschäftsleedung ass definitiv net méi tragbar!! Wat do an deene leschte Wochen geschitt ass, dat ass d’Resultat vun enger inkompetenter Féierung an deene leschten 2-3 Joer. Här Minister, et gëtt Zäit ze handelen! A schnell!”

Esou änlech ergoung et honnerten anere Passagéier. Kuerz virum Depart gouf ofgesot! Oder nach besser: de Fliger ass tatsächlech fortgeflunn, ma huet ënnerwee mussen ëmdréien. Palma, Barcelona, Madrid, Sylt…an d’Vakanzenzäit fänkt elo réischt richteg un! Wann een och näischt drun ännere kann, datt e Fliger net méi an d’Flilleken klappt well hie futti ass, esou misst d’Luxair dach vill méi Gewiicht op eng uerdentlech Kommunikatioun setzen.

Virun e puer Wochen sinn ech vu Gran Canaria zeréck op de Findel geflunn. D’Maschinn koum mat enger Verspéidung vun enger Stonn zu Las Palmas un a war deementspriechend zäitlech hannendran fir zeréck op Lëtzebuerg. Et souze Leit an der Kabinn déi sech duerchaus berechtegt Froen gestalt, sech méiglecherweis Suerge gemaach hunn. Réischt nodeem mir zwou Stonnen an der Loft waren, koum de Versuch vun enger Explikatioun.

wikipedia

De Pilot huet wéi gewinnt esou kloer an däitlech geschwat, datt een direkt sech nach e Cremant gefrot huet. Iergendwéi krut een de Message dann dach nach entschlësselt: ze vill Fliger an der Lut an… technesch Problemer déi een awer séier konnt behiewen! Uff! Einer kam durch. Et sollt eis Boeing sinn, déi zu de gléckleche Gewënner gezielt huet. Bingo!

D’Equipe vu Stewardessen a Stewarden war wuel ganz korrekt, ma dëse Versuch vun enger Explikatioun hätt duerchaus kënne vill éischter gemaach ginn. Aus Respekt vis-à-vis vun der Clientèle. Aus Respekt vir eng Gesellschaft, déi am gaangen ass, ëmmer méi Plommen ze loossen.

D’Luxair wäert wuel ni eng Bëllegloftgesellschaft ginn a vill Lëtzebuerger acceptéieren dat, hunn dat allemol an der Vergaangenheet gemaach. Bis dohinner nämlech war d’Rechnung opgaangen: e bësselchen méi deier, mä ëmmer garantéiert Qualitéit! Domatter mengen ech net de Camembert an de Cremant, ma dat Ganzt ronderëm. D’Hoteller sinn net de leschten Dreck, halen dat wat de Prospekt versprécht, d’Bordpersonal mécht seng Aarbecht gäeren, d’Guiden sur place sinn an der Rei.

Esou war et op d’mannst. Ma ënner dem Personal ramouert et esou lues. Wien vill muss klotzen, dee fänkt un mat motzen. Et falen ze vill Schichten un, bei Verschiddenen ass de Rimm erof, an dat huet Konsequenzen op de Bordservice, also op de Passagéier…an hannen um Wupp wuel och op d’Geschäft.

Schonn elo ginn et vill Client, déi kategoresch refuséieren mat der Luxair ze fléien, gréisstendeels aus Käschtegrënn. D’Luxair soll kucken, hir Problemer ganz huerteg an de Greff ze kréien, well all Client acceptéiert maximal eng verschasse Vakanz- wann iwwerhaapt. Schliisslech sinn déi Problemer net wéi aus dem Himmel gefall komm: scho viru Méint hat e Pilot sech anonym an der Press gemellt mat der Warnung, datt déi technesch Pannen sech wäerten heefen.

Hat do net een behaapt, hie wär vun der Technik faszinéiert?!

 

Related posts

1 Comment

  1. Ex-LG Staff

    …, et huet sech mussen vu vill Personal getrennt ginn, anerer goungen fräiwëlleg a koumen dacks beim Staat ënner. Leit mat vill berufflecher Erfarung ware fort an déi hu gefeelt,…
    Dat ass ganz richteg mä wat nach méi dozou bruecht huet dass Luxair an dem Zoustand komm ass, ass dat vill ganz vill Léit vum middle management inkompetent sinn!!! Dat sinn déi di misste fir déicht goen an net Leit mat vill berufflecher Erfarung!!!
    Kommentar vun een EX-Insider

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *