Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Gaston Reinesch vun der Lëtzebuerger Zentralbank mat enger Léierstonn fir d’Deputéierten 

Gaston Reinesch vun der Lëtzebuerger Zentralbank mat enger Léierstonn fir d’Deputéierten
image credits: bcl.lu

optimismus ass eng gutt Saach an esou fären deen ubruecht ass. Et mécht kee Sënn a Panik ze faalen. Allerdéngs ass Pragmatismus gefrot, wann een déi ablécklech wirtschaftlech Situatioun wëll anstänneg interpretéieren. Realpolitik. Et stellt sech d’Fro ob d’Lëtzebuerger Regierung net ze vill duerch de Rosa-Brëll an d’Liicht vun dëser Welt blënzelt? Viru 14 Deeg war de President vun der Lëtzebuerger Zentralbank Invité an der parlamentarescher Finanzkommissioun.

fir d’Zentralbank géingen et 3 méiglech Zenario an der Euro-Zon ginn: eng éischter douce Kris, eng méi hefteg an eng ganz schro. Datt de PIB , also de Bruttoinlandprodukt fir dat lafend Joer zeréckgeet, steet ausser Fro. Ma ass mat engem Minus vun ronn 6 Prozent ze rechnen oder éischter mat engem Réckgang vun 8,7%? Oder esouguer ieren mat engem Minus vun 12,6% am schlëmmste Fall?!

Natierlech erhëlt sech eis Wirtschaft. Ma wéi séier? De scénario de référence geet vun engem Plus aus vu 5,2 Prozent dat anert Joer. Ma et kéint och just en Opschwonk ginn vun 3,3 Prozent, d’Joer drop vun 3,8. Bannent zwee Joer wier den ekonomesche Verloscht also just déck zur Halschecht rekuperéiert. An dat mécht sech um Aarbechtsmaart bemierkbar.

image credits: bcl.lu

De Chômage klëmmt, an zwar nohalteg. Am Schnétt waren zejoert 7,6 Prozent vun de Leit  an der Euro-Zon ouni Schaff; de worst case gesäit vir, datt d’Aarbechtslosegkeet schonn dëst Joer op 11,3 Prozent eropgeet an d’Joer duerno op 12,5%! Op alle Fall erhëlt sech den Aarbechtsmaart nëmme ganz lues: an zwee Joer léich de Chômage ëmmer nach bei 9,1 Prozent, respektiv -wann et méi rau kënnt- bei 11,2. Vun de krassen Ënnerscheeder tëscht den eenzelne Memberlänner net ze schwätzen!

Lëtzebuerg kéim bei wäitem besser ewech an d’Previsiounen vum Statec rechnen dermadder, datt d’Ekonomie schonn an 18 Méint um Niveau ukomm ass vun 2019. Dat huet an der Haaptsaach mat zwee Facteuren ze dinn: engersäits den Touristesecteur, anerersäits d’Finanzplaz. Eisen HORESCA-Secteur an allen Éieren, ma hien ass net esou systemesch wéi dat de Fall ass fir Länner wéi Spuenien oder Griichenland. Wann d’Hoteller net esou gutt besaat sinn, ass dat wuel schlëmm fir d’Proprietären, allerdéngs ouni gréisser inzidenz op d’National-Wirtschaft. Aneschters ass et fir de Finanzsecteur, deen ëmmer nach wichtegst Stäip ass vum Land.

Déi europäesch Geldpolitik huet bis ewell vill derzou bäigedroen, datt de Secteur stabel a stabill ka bleiwen. Ma d’Blat ka sech dréien. Wann d’Zuel vun de Failliten weider an d’Lut geet an et sinn dorënner relativ déck Gesellschaften, kënnen d’Banken fir hiren Deel duerchaus gerëselt ginn! Prêten déi nach opstinn, kënnen net zeréck bezuelt ginn. Dann hätt de Grand-Duché niewt der Wirtschaftskris och nach eng Bankekris!

“… e puer perséinlech Bemierkungen!…”

beim Staat stinn nach 1500 Plazen op. Deen éischten ass vir! Ma och de Staat huet mat där enormer Degradatioun mat Likiditéitsprobleemer ze doen. Wéi sos ass sech ze erklären, datt de Staat den 18. Juni 50 Milliounen Euro léine goung an den 30. Juni nach emool 300 Milliounen?! Wär ech Politiker, géing ech dat mol hannerfroen. Et handelt sech dobäi ëm prêts à court terme, déi normalerweis no 6 Méint schonn mussen erëm bezuelt ginn. Geet d’Regierung dervunner aus, datt d’Situatioun sech bis dohinner esou wäit normaliséiert huet, fir déi Suen kënnen zeréck ze ginn?

Egal ob dëst Geld dervir geduecht war oder net, d’Peien an der fonction publique kënnen auszebezuelen, d’Situatioun weist, datt de Staat u senge Limiten ukomm ass. Sollt et tatsächlech zu enger zweeter Covid-19-Well kommen, dann däerf et kee kompletten Confinement méi ginn. De Mënsch verdréit eventuell nach eng Mask, ma net méi d’Ekonomie. De Motto “et kascht, wat et kascht” däerf just nach fir de Gesondheetssecteur gëllen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *