Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Erstaunlech Geschichten 

Erstaunlech Geschichten
Image parS. Hermann & F. Richter de Pixabay

de Roberto Traversini an d’Carole Dieschbourg ware formell: iwwer déi ex-post-Autorisatioun fir d’Gaardenhaischen hätten si net matenaner geschwat.“Iwwer den dossier selwer hu mir menges Wëssens no net geschwat” sot d’Ministesch e Méindeg op der Pressekonferenz,”ech ka mech net erënneren…also …neen!” Um soziokulturelle Radio huet sech dat gëschter Moien dach liicht aneschters unhéieren aus dem Mond vun der Ministesch. Den Här Traversini hätt si kuerz drop ugeschwat(ech paraphraséieren) an si hätt gim geäntwert, datt do misst eng Autorisaioun ugefrot ginn. Also dach en inhaltlecht Gespréich?!

Den Här Traversini gouf seng Demande den 18. Juli am Ministère eran (Stempel) an déi gouf deen nämmlechten Dag – wéi d’Madame Dieschbourg op der PK sot- am Ëmweltministère encodéiert; iwwregens gouf ironescherweis deen nämmlechten Dag virun engem Joer dat neit Naturschutzgesetz gestëmmt. De Ministère huet also encodéiert, an dat, obwuel d’Demande net komplett war; esou war zum Beispill kee Plang derbäi an och keen extrait aus dem Kadaster, dee manner ewéi dräi Méint al ass. Laut dem Artikel 59.2 hätt d’Demande an deem Fall mussen un den demandeur zeréck geschéckt ginn.

Den Här Traversini huet d’Autorisatioun eleng fir de bardage gefrot, also fir d’Holzverkleedung vum Schapp,

Den 12. August koum schonn d’Aentwert. An de Ministère huet méi autoriséiert, ewéi gefrot gi war, nämleech niewt dem bardage nach dräi nei Fënsteren an d’Renovéierung vum Daag

am juristesche Jargon nennt een dat: Ultra Petita, et kritt ee méi ewéi ee gefrot huet. Dee ganzen Dossier gouf esou e Méindeg der Presse zur Verfügung gestallt. D’Ministesch sot zu de Journalisten: den Dossier Traversini wir behandelt ginn wéi all déi aner 3000 Dossier, déi de Ministère pro Joer ze geréieren huet. Dat gëtt engem ze denken….

Related posts

1 Comment

  1. Nico

    Ech kann formell bestätechen, dass nach net eng Keier een vun eisen Dossieren an 22 Deech autoriseiert gin ass.
    Ech kann formell soen, dass dei Délaien absolut net deem entspriechen, waat üblech ass!
    Domat ass kloer, dass eng Sonderbehandlung vum Mr. Traversini sengem Dossier stattfond huet; … an zwar eng dei sech gewäsch huet!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *