Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Aus 3-G awer dach 1-G? 

Aus 3-G awer dach 1-G?
Photo de cottonbro provenant de Pexels

et ass schonn e bësselche penibel, wat do an enger Partie europäesche Länner ofleeft. Direkt um Ufank vun der Pandemie hat d’Politik houfereg ugekënnegt, datt et keng Impfflicht wäert ginn, an elo ginn d’Impfgéigner esou an den Eck gedréckt, datt hinne bal näischt aneschters iwwereg bleift, ewéi awer nach zur Nol ze gräifen. Besonnesch bei eisen däitschen Noper kacht d’Diskussioun héich iwwer d’3-G-Reegel. An do leeft munches schif!

Geimpft, Getest, Genesen (gesonnt). Aus dem 3-G soll een 2-G gemaach ginn. Schéine Kuddelmuddel! A villen europäesche Länner ass d’Situatioun komplett verschidden: mol verschwënnt de genesen, mol ass et den Test. Derbäi kënnt, datt d’Reegelen och vun enger Beruffsgrupp zur anerer kënnen änneren. Fir haut wëll ech mech op de genesen fokusséieren. Déi Kategorie vu Leit presentéieren en duerchaus méi grousse Risk, wéi et bis haut vun den Autoritéite gesot gouf.

Mir sinn e puer aberrant Fäll vu Persoune bekannt déi positiv getest gi waren an duerno en Impfcertificat kruten fir eng Zäit vun 165 Deeg. Dobäi berout dee Certificat an deenen allermeeschte Fäll op Muckefuck. Dee Pobeier seet nämlech glat a guer näischt aus, esou laang kee Blutttest gemaach gouf. Eigentlech misst esou en Test obligatoresch sinn, gëtt awer an de seelenste Fäll duerchgefouert.

ech weess vun enger Fra, datt si de 4. Mäerz positiv getest gi war, si hat dowéinst eng Vakanz musse verréckelen. E puer Deeg drop goung si nach emol an de PCR-Test a war negativ. Si huet e ganze Mount gewaart, ier si an de Blutttest goung, déi néideg Zäit also fir datt d’Antikierper géint de Covid sech konnte multiplizéieren. D’Resultat vum 2. Abrëll war erstaunlech: d’Serologie war negativ op der ganzer Linn. Aucun anticorps détecté!

gk online

Do stellt sech op en Neits d’Fro: wat gleeft ee wiem? Fir Wëssenschaftler a Medezinner huet ganz kloer d’Bluttanalyse dat leschte Wuert. Si ass méi no un der Wouerecht ewéi de PCR-Test, dee vun Ufank un hefteg kontestéiert war, vum large scale testing guer net ze schwätzen. An nawell krut déi Madamm e puer Deeg drop hire Certificat.

gk online

Dat ass wéi gesot keen Eenzelfall. Vun enger Persoun déi am Gesondheetssecteur schafft, krut ech vun engem jonke Mann erzielt, deen de Covid gläich dräimol soll erwëscht hunn. Bei deem misst et am Blutt nëmmen esou gewimmelt hunn vun Antikierper!

do stellt sech dann zugläich d’Fro, wat fir en Element ee kann ewech loossen an där “Reegeldetri” vun den 3-G? Den Test steet souwisou op wackelege Been, an datt déi Genesen -also krank, duerno gesonnt- sech sollte manner ustiechen ewéi anerer, ass grad esou onsécher, et sief, et schéckt een déi Leit an e Blutttest.

D’Politik geet mat deene Reegelen zimmlech liichtfankeg ëm an hannerléisst an der Gesellschaft grousse Schued. Grad si däerf sech net wonneren, wann ëmmer méi Leit skeptesch reagéieren. Krass weist sech dat den Ament déi aner Säit vun der Musel, wou Nach-Minister eppes aneschters soen ewéi Geschwënn-Minister.

Echt ass et och beim aneren Noper. A Frankräich muss een sech bis de 15. Dezember eng drëtte Kéier impfe gelooss hunn! Wien dat net mécht, huet keen Impfschäin méi. Eigentlech eng kleng Frechheet, well deen ale Pass sollt jo gutt sinn fir e ganzt Joer. Geimpfte Persounen ginn wéi duerch Hokuspokus zu Ongeimpten! Dobäi stellen ech dee Rappell vum Vaccin net a Fro, well bis Chrëschtdag wäert och ech passéiert sinn.

D’Situatioun weist awer, datt Villes gutt gemengt awer wéineg duerchduecht ass.Kann eng vaccinéiert Persoun net éischter de Virus hunn a weider iwwerdroen ewéi eng net vaccinéiert Persoun, déi virun 12 Stonnen en negativen Test krut, also tatsächlech net ustiechend ass!

Dobäi leeft jo grad alles doropper eraus, fir aus dem 3-G den 1-G ze maachen. Wann ee gären den Impfzwang hätt, soll een dat och soen. Oder huet et fir d’Politik domatter ze dinn, datt just eng kleng Majoritéit – 58 Prozent!- positiv agestallt sinn fir d’Impfen obligatoresch ze maachen?

Related posts

2 Comments

  1. Ech

    Wat ech net verstin, ass wéisou kee se Uklėit ??? Ass dat net schon eng “Faute grave” vun der Regierung dat se gėin d Wessenschafft handlen ? Fällt dat kengem op ? Ass den Konformismus méi Wervoll wi Logik ? Mir liewen momentan alleguer a Gefor : enger Saits, vun enger inkompetenter Regierung; an anersaits, mat engem konformiséierten Vollek wat déi Inkompetenz als “Richteg” hëllt !??? Ganz bedenklech awer…

  2. Birddog

    Die Kunst besteht darin, die Ungeimpften von der “Wirksamkeit” der Impfung” zu überzeugen, während man die Geimpften von der “Unwirksamkeit” überzeugen muss, damit sie zum Boosterngehen.
    Keine einfache Aufgabe!
    Aber mit Hilfe vieler bezahlter Propagandisten wird wenigstens letzteres funktionieren.

    #netfound

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *