persounen, déi am Kontext Covid 19 Verschiddenes hannerfroen, ginn direkt als Virusleegener ofgestempelt. Dat ass Quatsch um Carré! Natierlech sinn där drënner, ma eng breet Majoritéit seet: d’Virussen gehéieren grad ewéi d’Bakterien zu eisem Liewen. Munchmol geet dat Zesummeliewen déidlech aus. Och den Doud gehéiert zum Liewen.
Esou Persounen kréien och virgehäit, duerch hiert “Hannerfroen” net un déi ze denken, déi vun der Krankheet erwëscht goufen. Och dat ass Quatsch. Ech perséinlech kennen där Leit, respektiv krut vun hinnen verzielt, déi extreem uerg vum Virus gebeidelt goufen, bei deene Wochen duerno net sécher ass, ob déi intellektuell Kapazitéiten integral erëmkommen oder net. Dat leegent kee verstännege Mënsch. Mä och dat gehéiert zu den Ongerechtegkeeten vum Liewen: virwaat si schonn Klassekomeroden gestuerwen, an ech däerf nach weider liewen?! Dobäi hunn déi schonn virun 30 Joer opgehale mat Raachen. Aus Respekt virun dëse fréiere Kolleegen däerft ech eigentlech näischt méi schreiwen…
dat massiivt Testen hunn ech vun Ufank un hannerfrot: ech hunn de Sënn dovunner net agesinn, an et sollt sech erausstellen, datt et déi falsch Strategie war. Mir haten ze vill Positiver a goufen vu gudden Noper op eng schwaarz Lëscht gesat. De Gaston Vogel stellt den Test och a Fro. Him geet et ëm d’Effikassitéit vun deem Test, dee méiglecherweis näischt daacht. Änlech Iwwerleeungen vum Torsten Ottens op dësem Site, dee sech ënnert anerem op “swissmedic” Bundesamt für Gesundheit Schweiz beruff huet:
Die PCR (Polymerase-Kettenreaktion) ist eine NAT (Nucleic Acid Amplification Technology)-Methode, der modernen Molekularbiologie um in einer Probe vorhandene Nukleinsäure (RNA oder DNA) in vitro zu vervielfältigen und danach mit geeigneten Detektionssystemen nachzuweisen. Der Nachweis der Nukleinsäure gibt jedoch keinen Rückschluss auf das Vorhandensein eines infektiösen Erregers. Dies kann nur mittels eines Virusnachweises und einer Vermehrung in der Zellkultur erfolgen.
Die PCR (Polymerase-Kettenreaktion) ist eine NAT (Nucleic Acid Amplification Technology)-
Methode, der modernen Molekularbiologie um in einer Probe vorhandene Nukleinsäure (RNA oder
DNA) in vitro zu vervielfältigen und danach mit geeigneten Detektionssystemen nachzuweisen. Mit
dieser sehr empfindlichen Methode wird in Patientenproben spezifisch die Nukleinsäure eines
Erregers nachgewiesen, was eine Infektion mit dem Erreger belegt.
L’ICTV a annoncé le 11 février 2020 que le nom du nouveau virus serait « coronavirus 2 du syndrome respiratoire aigu sévère » (SARS-CoV-2), en anglais « severe acute respiratory syndrome coronavirus 2 » (SARS-CoV-2). Ce nom a été choisi car le virus est génétiquement apparenté au coronavirus responsable de la flambée de SRAS de 2003. Bien qu’apparentés, les deux virus sont différents.
L’OMS a annoncé le 11 février 2020 que le nom de cette nouvelle maladie serait « COVID-19 », conformément aux lignes directrices précédemment élaborées avec l’Organisation mondiale de la santé animale (OIE) et l’Organisation des Nations Unies pour l’alimentation et l’agriculture (FAO).