Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

SREL-Prozess: ech sinn verwonnert! 

SREL-Prozess: ech sinn verwonnert!
Image par Adriano Gadini de Pixabay

virwat sinn ech verwonnert? Bestëmmt net, well de Jean-Claude Juncker sech net méi kann drunn erënneren, ob oder ob net hien d’Autorisatioun ginn hat fir eng Persoun ofzelauschteren! Hie konnt sech viru Joer vis-à-vis vum Untersuchungsriichter net erënneren, also och net déi lescht Woch am Prozess! De President vum Geriicht huet dat séier verstaanen an och d’Affekoten.

Ech sinn éischter verwonnert, datt gewëssen Aussoen vun engem vun den Ugekloten net fir méi héich Welle schloen! Sécher, et ass net fir d’éischt, datt den André Kemmer et seet a  wuel säi Liewe laang wäert soen, datt eng Rei Deputéierten schonn zaner 2009 vun deem ominéise Gespréich Juncker/Mille wossten, dat mat enger Spezialauer opgeholl gi war. Dës Deputéierten woren an där Zäit Member vun der SREL-Kontrollkommissioun, also net onbedéngt Leit vun hannert der Heck gepléckt! Si wosste Bescheed, goungen allerdéngs réischt dräi Joer duerno un d’Ëffentlechkeet.

D’Rapporten vun de Kommissiounssëtzungen beleeën dat schwaarz op wäiss. Si leien dem Geriicht vir. Virwaat gëtt net méi doropper gelaut? Bei desem Aueregespréich handelt et sech ëm eng penal Infraktioun, déi d’Deputéierten hätte musse bei der Justiz denoncéieren! Ech erënneren an dësem Kontext drunn, datt den Deputéierten Gast Gibéryen wéinst enger ähnlecher Geschicht vum Parquet ugeklot gi war, an zwar op Instruktioun vum Staatsminister selwer. Bon, den ADR-Mann koum “fräi”, ma et géing mech net wonneren, wann och seng Geschicht nach géing e Spillchen no sech zéien!

D’Medien, déi sos – a mat Recht- op d’Fanger vun de Politiker klappen, ginn  net weider op d’Aussoen vum André Kemmer an mat der Begrënnung, datt dat alles kale Kaffi ass! Dat foxt mech awer! Well och, wann een et schonn dausendmol héieren huet, gëtt déi eventuell Infraktioun doduerjer net manner grave! Et géing och d’Volleksvertrieder aus alle Parteien treffen, also och aus der CSV. Allerdéngs géing et och anerer an d’Bredouille bréngen. An d’Argument, d’Aueregespréich wier verjährt, gëllt hei net: an dësem Prozess geet et ëm d’Ausleefer vun enger Auer a vun Tricksereien!

Wär et net sënnvoll, méi gesond fir eis Demokratie, datt d’Justiz esou Aussoen viru Geriicht, esou hefteg Beschëllegungen un d’Adress vu verschidde Politiker géing hannerfroen? Wann si et net mécht, riskéiert och dës Geschicht nach laang an eiser Gesellschaft um Liewen ze bleiwen, an zwar a Form vu Genuschels, vu Rumeuren!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *