Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

UKRAIN: wirtschaftlechen a politesche Magma 

UKRAIN: wirtschaftlechen a politesche Magma

esou ass dat, mat de Medien…an och mam Mënsch! Zwee Joer huet eis d’Pandemie an Otem gehalen, keen Dag ouni Zuelen iwwer Infektiounen, Geimpfter, Doudeger, an elo mat der russescher Invasioun an der Ukrain ass de Virus zweet-, wann net drëttrangeg ginn. Mam Ënnerscheed, datt elo wierklech Krich ass. Deementspriechend ännert (nees eng Kéier) den Ëmgang mateneen, de Jargon, och dee politeschen.

Gabor Steingart

Mir hei am Westen kréie verzielt, datt eis Äntwert op de béise Russ wäert hefteg ausfalen. Hefteg, mä net bluddeg. Well déi Äntwert ass wirtschaftlecher Natur. Kloer ass et ze begréissen, datt weder d’AMIS, nach d’Europäesch Unioun, nach d’NATO et net wëllen op een drëtte Weltkrich ukomme loossen, ma mir kréien – grad ewéi déi dohannen- och net déi ganz Wouerecht gesot. Dat mat de wirtschaftleche Sanktiounen ass nämlech net esou tough wéi et gesot gëtt an den Enjeu fir Lëtzebuerg ass net onbedenklech, besonnesch fir industriell Betriber.

De russesche Staat ass zwar aarm, ma huet just eng Auslandsschold vu 56 Milliarden Dollar. Déi Gesamtschold vum Staat läit bei manner ewéi 15 Prozent, also besser wéi iergendee Land an der Europäescher Unioun! Nord Stream? Mir kréien vun de Medien Nord Stream 2 un de Kapp gehäit: geschwënn hätte mir kee Gas méi fir ze brennen, fir Stroum ze produzéieren! Dat ass natierlech Quatsch. Déi Pipeline ass jo nach eidel, si gëtt schliisslech eréischt gebaut. Also geet et ëm Nord Stream 1 an déi ass vun den ablackleche Sanktiounen net betraff!

Gabor Steingart

Op der Websäit vum Gabor Steingart steet, datt d’Exportatiounen vun Däitschland u Russland 1,9 Prozent ausmaachen. Näischt ze vill. Op jidde Fall net genuch, fir den Zarestaat ekonomesch ënner Drock ze setzen. Vu Lëtzebuerg net ze schwätzen! 2002 housch et an engem Regierungsdokument: Les échanges commerciaux directs entre le Luxembourg et la Russie sont relativement peu développés et représentent respectivement 0.35 % de nos exportations et 0.08% de nos importations soit encore 0.18% de notre commerce extérieur. An der Tëschenzäit koumen zwar Aktivitéiten aus der Finanzplaz bäi, ma virun 2 Joer louch d’Handelsbilanz ëmmer nach nëmmen bei 112 Milliounen Euro!

“…also wieren westlech Sanktiounen just fake news?…”

De Steingart schreift: Der Westen ist ein Maulheld vor dem Putin sech im derzeitigen Stadium des Geschehens nicht fürchten muss. Das ‘härteste’ Sanktionsregime gegen Russland’, wie die britische Aussenministerin Liz Truss behauptete, ist weniger für Putin als für die Medien gemacht. Mann will gar nicht die Wirklichkeit erreichen, sondern nur die Schlagzeile des nächsten Morgens.

Eng brutal Konklusioun, zu där eng einfach ukrainesch Fra zu Lëtzebuerg och koum: Poutine se fiche des sanctions, elles ne sont pas assez fortes! D’Putin-Russen sollen et méi schwéier gemaach kréien, hir Geschäfter um Weltmaart kënnen ze maachen. Ass dat realistesch? Op der Welt liewen iwwer 8,5 Milliarde Mënschen, nëmmen 10 Prozent dovunner leien am Beräich vun.der NATO! Do bleift also vill Sputt fir Russland. Eng effikass Sanktioun wir den Ausschloss aus dem SWIFT-Banke-System, ma do feelt et (nach) un Eenegkeet ënnert de 27 Memberlänner.

De Krunn misst also méi zougezu ginn. Awer wéi staark? Et muss ee jo bedenken, datt och eis Ekonomie dorënner ze leide kritt. An déi leid souwisou schonn! All d’Betriber, ma virun allem déi aus der Industrie kréien schonn zanter Méint déi héich Energiepräisser ze spieren.

D’Ursaachen fir déi Hausse si verschidden. Zum gréissten Deel, well d’Weltwirtschaft nom Confinement an deene verschiddene Länner extreem séier ugezunn huet; donieft, well zwar genuch Pëtrol do ass, awer net genuch verdeelt gëtt. An natierlech wéi gewinnt, d’Spekulatiounen. Dobäi kënnt an enger ganzer Partie europäesche Länner de Phenomen vun der energetescher Ëmstellung, vu brong op gréng.

Gemengt sinn domadder manner déi puer Cent, déi eis Regierung op de Pëtrolproduiten drop schléit – obwuel déi natierlech och eng Belaaschtung sinn fir Stéit a Betriber-, ma éischter déi onmoosseg finanziell Ausgaben, déi an der Haaptsaach fir d’Industrie ze meeschtere sinn, fir hir Produktioun méi ëmweltfrëndlech ze gestalten. Doriwwer schwätzt keen. Besonnesch net zu Lëtzebuerg, wou d’Suen bekanntlech wéi Manna vum Himmel falen. En éischten Industriebetrib am Süde vum Land huet rezent eng vu senge Produktiounslinnen provisoresch agestallt.

Mam Krich gëtt d’Energie mat Sécherheet net mi bëlleg. Diesel a Bensinn wäerten an der Belsch schonn hënnt op der Pompel op 1,8-1,9 € klammen!

Um Energiedësch hunn se e Méindeg also genuch ze diskutéieren, mat der Feststellung, datt mir an eng aner Welt katapultéiert goufen. Krich an Europa? Jo, dat ass neierdéngs nees méiglech! D’NATO wäert massiv norëschten, esou guer an Däitschland hunn d’Diskussiounen ugefaangen, eng éierbar Arméi opzebauen, also ausgerechent an deem Land dat nom Faschismus sech geschwuer hat: nie wieder Krieg!

An och de geplangten Ëmschwong op méi ëmweltfrëndlech Energien wäert eng aner Nues kréien. D’Gasofhängegkeet vu Russland muss reduzéiert ginn, et ass dovunner auszegoen, datt e Land wéi Däitschland -mat ëmmer manner Atom- massiv op d’Kuel muss zeréckgräifen. Et geet also op d’mannst fir eng gewëssen Zäit an déi entgéintgesate Richtung.

An nach eppes wäert sech änneren: den Energiesecteur fält nees méi ënner d’Tutelle vum Staat. De fräie Maart huet zwar iwwer 20 Joer laang gutt funktionéiert, ass awer an esou quokelege Situatiounen iwwerfuerdert. Back to the roots also op méi wéi engem Plang!

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Ukraine – ee gespaltend Land, dat an der Täsch vun den USA ass, mat engem President, dee muer kann apaken, wann d’Amerikaner dat esou wëllen-all Marionett ass austauschbar! ee falscht Wuert, dat den US_Amerikaner net passt, an deen ass ab! Dat Land ass gespléckt : an d’Oligarchen, déi am Sënn vun den USA kuschen, faktësch “mafiös” fonctionéieren , eegen Arméien hunn a maache, wat se wëllen – an et ass dat, wat de Putin wëll (wéi a Russland och) verhënneren – d’Macht vun den Oligarchen, déi de Staat wëlle futti maachen, bekämpfen – wat net falsch ass! Derniewt si vill “einfach” Leit, déi sech als Russe gesinn an dem Putin absolut recht ginn-wéi ech gëschter nach privat matgedeelt a vun enger Fra via Famill aus der Ukraine confirméiert kritt hunn! Dat Land ass eng amerikanësch “Kolonie”an et ass dat, wat de Putin bekämpft! De Krich USA – Russland leeft deemno – an der Ukraine, déi et de facto scho laang als Land dach guer net méi gëtt! Wéini gëtt mol déi aner Klack an eise westleche Länner gelauschtert, et gëtt Journalisten, déi dat Land ganz genee kennen – ganz schlëmm, wat do vun den USA veranstalt gëtt!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *