Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

De Fall Felix Braz 

De Fall Felix Braz
image credits: gouvernement.lu

De Felix Braz hat den 22. August 2019 e kräftegen Häerzinfarkt gemaach. En décke Mount duerno, de 25. September schwätzen déi Gréng vun enger Regierungsëmbildung, schliisslech war den Här Braz bis dohinner Justizminister an och Vizepremier. Et goung also drëm, hien aus der Regierung erauszehuelen an säin Nofollger, respektiv seng Nofollgerin eran an d’Regierung ze designéieren. Ma et goufe schonn deemools Problemer an der Prozedur.

Fir datt de Felix Braz konnt aus der Regierung zerécktrieden, hätt hie mussen seng eegen Demissioun ënnerschreiwen. Dat konnt hien awer net, seng Gesondheet huet dat net zougelooss, besonnesch net zu deem Ablack am fréien Hierscht, wou et ëmmer nach ëm Liewen an Doud goung! Den 11. Oktober vun deem Joer koum enn Arrêté vum Staatsminister eraus: den Ex-Minister gouf “éierbar” an d’Pensioun geschéckt. 19 Méint duerno geet de Mann a Recours, an dat wërft Froen op.

Hie selwer schreift op TWITTER: Mäi Fall ass et bis elo nach net ginn. Ech ka just hoffen, datt deem nächsten an esou enger Situatioun dat erspuert bleift wat ech nieft menger Rééducatioun déi lescht Méint hu musse matmaachen. Wat genee mengt hien domadder? Hie mécht mol Recours géint seng Demissioun, déi hien wéi gesot net selwer konnt decidéieren, ufroen, ënnerschreiwen. Ëm wat geet et himm?

Ugeholl, de Mann kritt um Geriicht Satisfaktioun. Seng Chancen stinn Juristen no net schlecht. Dat géing jo dann bedeiten, datt seng quasi forcéiert ma verständlech Demissioun net korrekt ofgelaf war. An deen Ament stellen sech nach aner Froen: wann d’Demissioun net Rechtens war, wéi ass et dann mat der Nominatioun vu sengen Nofollger? Sinn déi ieren och caduque? Kéint et in fine heeschen, datt de Felix Braz – wann och nëmmen fir e ganz kuerze Moment- an d’Regierung reintegréiert gëtt, fir direkt duerno seng Demissioun anzereechen, déi Kéier awer bei vollem Bewosstsinn vu senge geeschtege Kräften? Kéint ee sech virstellen – esou wéi et Usus ass-, datt him eng aner Aarbecht gesicht gëtt?

Wichteg ass fir déi ganz Familljen Braz dat finanziellt Akommes. De fréiere Politiker leet nämlech och Recours an géint d’Entschiedegung, déi him vum Centre de gestion du personnel et de l’organisation de l’Etat zougesprach gouf. Mengen Informatiounen no lieft de Mann vun enger Invaliderent. Am Recours heescht et, d’Entschiedegung wier fir seng Persoun diskriminatoresch.

Egal wéi een et dréit a kéiert, de Felix Braz ass en traurege Präzedenzfall fir déi ganz Politik. An et ass virun allem e Probleem, deen un där grénger Partei peche bleift, mat Kritik a Virwërf un hier Adress, déi gréisstendeels net berechtegt sinn: si hätt ee vun hiren Zaldoten ze séier an ze abrupt falen an am Stach gelooss. Dat ass eng Meenung, déi ech nëmmen bedéngt deelen.

Virun zwee Joer stoung et esou eescht ëm d’Gesondheet vum Braz, datt dat Schlëmmst ze fäerte war. Déi Gréng hu mussen eng Decisioun huelen. E puer Woche waarden hätt näischt un der Situatioun geännert. Ënner dem Stréch ass d’Causa Braz also e Präzedenzfall, dee leider eng Kéier hat MUSSE kommen. D’Justiz geet elo hire Wee, an an där Zäit wou hir Mille (lues) muelen, ass et un der Partei, e fréiere Regierungskolleeg moralesch ze ënnerstëtzen…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *