Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Corinne Cahen: aus dem Regierungsquartier an d’Märei? 

Corinne Cahen: aus dem Regierungsquartier an d’Märei?
image credits: vdl.lu

et war schonn erstaunlech! Grad a Corona-Zäiten huet sech d’Familljeministesch Corinne Cahen extreem an der Ëffentlechkeet zeréck gehalen. Just dat Noutwendegst! A si huet och meeschtens just dann eppes um Mikro gesot, wann si dozou opgeruff gouf. Absolutt net hire Genre! Dobäi feelt et der Persoun net um néidegen Ego, net um perséinlechen a politeschen Selbstbewosstsinn. Wat ass da lass?

dobäi hätt si genuch Geleegenheeten gehat, fir d’Wuert ze ergräifen. Als Familljeministesch hätt si de Leit kënnen d’Spillreegelen fir Doheem opzielen, sech permanent fir Persounen an Altersstrukturen asetzen. Als Ministesch fir d’Groussregioun hätt si kënnen, jo MUSSEN an d’Arena sprangen, fir sech iwwer de Quatsch vun den zouene Grenzen ze iergeren. Kuerz, si hätt et kënne maachen wéi quasi all déi aner Regierunsmemberen: et gëtt zwar net vill ze soen, ma et geet déck duer fir eng Pressekonferenz.

an normalen Zäiten hätt d’Madamm Cahen et och esou gemaach. PK, Communiqué, Fissellespill, fir esou dacks wéi méiglech an de Medien present ze sinn. Ma Corona-Zäiten sinn net normal. D’Krisebewältegung huet hir politesch Wonnen hannerlooss an enger Dräierkoalitioun, an där sech stänneg zerriwwe gëtt. D’Madamm Cahen huet d’Zäit genotzt, iwwer hir eegen Zukunft nozedenken; a si koum zu der Konklusioun: wa schonn net Kapitänin vun enger Regierung, da wéinstens Big Boss an der gréisster Märei vum Land. D’Corinne Cahen huet de Kompass Direktioun Knuedler gestallt!

bis dohinner bleiwen 3 Joer Zäit fir d’Weichen ze stellen. D’Corinne Cahen ass bekannt als fréier Geschäftsfra an huet sech hir éischt Stärercher als Presidentin vum Stater Geschäftsverband verdéngt. Et schwätzt also direkt näischt géint hir Kandidatur fir op de Stull vun der Buergermeeschtesch, wär do net d’Lydie Polfer. Si ass eng gefillten Eiwegkeet Cheftaine an der Märei, huet also an hirer politescher Valiss eng enorm Erfarung. A wat een esou héiert: d’Madamm Polfer ass net gewëllt, sech kal stellen ze loossen!

D’Lydie Polfer huet zu dësem Ablack ferrem wëlles, sech an dräi Joer nach emol dem Verdikt vum Wieler ze stellen. Si huet bis dohinner quasi hir 70, ma fillt sech geeschteg wéi kierperlech fit genuch fir 6 weider Joer um Knuedler. Wéilt si dat net maachen, misst si aus Anstand an den nächsten 12-15 Méint demissionéieren, fir esou hirem Nofolger déi néideg Zäit ze loossen, sech anzeschaffen. Iwwerleeungen an déi Richtung hunn ech allerdéngs nach ni héieren!

et kéim also op en Duell tëscht deenen zwou Fraen eraus, mat als Erausfuerderin d’Corinne Cahen. Et sief d’Partei wéilt d’Experienz vun der duebeler Spëtzt widderhuelen, wou an der Zäit den Duo Helminger – Polfer d’DP an d’Wahlcampagne geschleeft an d’Partei op eng staark Zerräissprouf gestallt hat. Déi Liberal solle roueg och hiert Laangzäitgediechtnëss benotzen: virun iwwer 25 Joer wollt sech den LSAP-Minister Robert Goebbels als Buergermeechter an der Haaptstad feiere loossen; um Wahlsonndeg gouf et kee Kaviar, dat sozialistescht Resultat war e Fiasko!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *