Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Dem Bettel säi Geknäips, dem Wiseler säi Referendum 

Dem Bettel säi Geknäips, dem Wiseler säi Referendum
image credits: Pexels

vill Verléierer am Politmonitor. Déi Gréng hunn d’Glanzstéck fäerdeg bruecht, matzen an Zäiten vu Klimagebonzels a vu Cop 26 an der Wielergonscht zeréckzegoen. All hir Ministeren beweegen sech am Minus-Beräich, keen eenzegen ënnert den Top-Ten! Et mécht een ebe Politik fir d’Land, an déi limitéiert sech net op engem eenzege Punkt. Déi Blo sinn och gerutscht, mat Ausnam vum Lex Delles, wat duerchaus Sënn mécht. Virun allem awer huet – an dat war ze erwaarden- hire Kapitän verluer, de Copytani Xavier Bettel.

E Verloscht vun 8 Punkten, dat ass genuch, ma dat ass och nach net d’Welt. Eng ganz Partie Leit sinn der Meenung, datt een net einfach esou kann ofschreiwen, datt een dofir op déi eng oder aner Manéier muss ofgestrooft ginn, och dann wann d’Geknäips schonn iwwer 20 Joer zeréckläit. Ma dee Verdikt aus dem Politmonitor seet zugläich: Xav’, schumm dech! Ma du kanns nach Staatsminister bleiwen! D’Fuerderung no enger Demissioun ass net radikal ausgefall.

Souwisou ass de Premier wéinst deem Plagiat ofgestempelt, och am Ausland. Zanter Joer schonn gëtt et e Sträit tëscht Lëtzebuerg an Investor Protection. Eng Affair déi d’Finanzplaz betrëfft. De Premier a säi Finanzminister kréien zanter Méint virgehäit, sech net un d’Gesetzer ze halen, Ugangs Juni koum eng Zort Ultimatum: entweder de Rechtsstaat gëtt zu Lëtzebuerg respektéiert, oder déi zwee Politiker mussen demissionéieren.

Investor Protection léisst net lass an huet och schonn vun der Bettel-Plagiatsgeschicht héieren. Hei en Deel aus engem Bréif, datéiert op de 17. November.

gk online

De Staatsminister steet also zimmlech blöd do, an et wäert net fir d’Lescht gewiescht sinn, datt hien de Plagiat virun d’Nues gehale kritt!

den eigentleche Verléierer ass de Claude Wiseler mat minus 9 Punkten. Dobäi war net dovunner auszegoen, datt d’CSV géing an der Wielergonscht klammen. De Rausschmiss vum Frank Engel huet nach nogewierkt, grad déi lescht Wochen duerch de Prozess. Derbäi koum den Hin-an-Hier vun der Partei a Saache Referendum. Mol hü, mol hott. Dowéinst verléiert déi ganz Partei op nationalem Plang e weidere Sëtz, an déi ganz Onzefriddenheet vun de Wieler konzentréiert sech op d’Persoun Wiseler.

An der Politik ass et wéi an der Maartwirtschaft: et ass einfach, e Client ze verléieren, awer extreem laangwiereg, dee Client zeréckzekréien. Esou ass et och bei RTL, wann en Nolauschterer aus där enger oder anerer Ursaach verluer geet a grad esou ass et an der Politik: et ass komplizéiert, e Wieler zeréck ze gewannen an d’Gefor besteet, datt d’Tendenz no ënnen u Vitesse zouhëlt.

Den Ament ass kee Plang do, mol kee Kompass! Fir deen Husarenritt no ënnen ass net de Wiseler schold – op d’mannst net eleng-, ma déi ganz Partei. D’nächst Joer gëtt domadder ugefaangen, d’Waffen ze schläifen fir d’Superwahljoer 23; bis dohinner missten si bei der CSV fäerdeg sinn, sech selwer ze zerfleeschen.

Déi Rosarout profitéieren vum Effet Paulette Lenert, kloer, ma och sos stinn hir Ministeren ganz gutt do, och Dan Kersch a Romain Schneider, déi allebéid hir Demissioun ugekënnegt haten. Souguer en Taina Bofferding bréngt et fäerdeg, sech op relativ héijem Niveau ze halen.

huet de Strudel no ënnen bis ugefaangen, ass hien wéi gesot, schwéier opzehalen. Dat weist sech um Beispill Corinne Cahen, déi elo zweemol hannertenaner fatzeg ofgestrooft ginn ass. Am Fréijoer konnt een dofir hir schlecht Pandemiegestioun an den Altersheemer responsabel maachen. Ma elo? D’Madamm huet keng gréisser Feeler gemaach an nawell rutscht si ëm 8 Punkten!

Wéi schonn viru 6 Méint geschriwwen: d’Corinne Cahen wëll d’Relève maachen um Knuedler, Nofollgerin ginn vum Lydie Polfer. Si weist sech vill an der Stad, geet op de Geméismaart – net nëmmen fir anzekafen, ma fir selwer och ze hëllefen, Porretten a Pampelmussen un d’Wielervollek ze bréngen. Hire Sympathie- a Kompetenzwäert ass mat 27 Punkten allerdéngs esou déif, datt déi Liberal sech musse Froe stellen. Et wier keng Iwwerraschung, wann an den nächste Méint de Lex Delles an d’Plaz vun der Madamm géing un d’Spëtzt vun der Partei plasséiert ginn! An et ass e MUST, d’Lydie Polfer am nächste Politmonitor och offroen ze loossen.

Mat der Corinne Cahen an d’Gemengewahle zéien, ass e gewootent Spill. Ech ginn ze bedenken, datt schonn no de leschte Wahlen eng Dräierkoalitioun méiglech gewiescht wier!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *