Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Gëtt de Sozialstaat bei d’Lisette gelooss? 

Gëtt de Sozialstaat bei d’Lisette gelooss?
Image par S K de Pixabay

Do wou Mënsche sinn, mënschelt et. Et ginn der ëmmer, déi aus der Rei danzen, Parasitten, déi probéieren, aus enger ‘onglécklecher’ Situatioun Profit ze schloen. De lëtzebuerger Sozialstaat ass bekanntlech besonnesch generéis a riskéiert, duerch seng Guttgleewegkeet an d’Lächerlecht gezunn ze ginn. Dobäi gëtt et wuel kaum e Politiker, deen derfunner ausgeet, datt net mol hei an do gefuddelt gëtt. Verschidde Firmaen schéngen awer carrement ze iwwerdreiwen an et besteet de Verdacht, datt déi Zort Schmu mat System bedriwwe gëtt.

Am Viséier sinn Berodungsgesellschaften, sociétés de conseil oder SSII, där et vill gëtt am Grand-Duuché. An normalen Zäiten loossen si hir Leit, d’Beroder ganz traditionnel facturéieren:

  • Netto-Akommes
  • Steieren
  • Sozialkotisatiounen (CNS + Pensioun)
  • verschidden avantages en nature (Déngschtwoon,Appartement)

Do derbäi muss een d’charges patronales rechnen. Déi Opstellung gëtt duerch e Facteur “x” multiplizéiert fir zu enger Gewënnmarge ze kommen, mat där d’Gesellschaft konkurrenzfäeg gëtt. Net ze vergiessen dem Ugestellten säi bezuelte Congé an d’Tatsaach, datt och dee beschte Beroder net 24 Stonnen op 24 produktiv ka sinn.

De Berechnungsmodell op d’Kopp stellen

Du koum de Virus. Zanter dem 15. Mäerz zejoert ass d’Regierung besonnesch

Image par Willfried Wende de Pixabay

mëtschgieweg, wat de chômage partiel an déi verschiddenst Zorte Congé ubelaangt. Aus verständleche Grënn: ouni déi Moossnamen wiren dausende Kleng- a Mëttelbetriber wirtschaftlech kapott gaangen. Ma schonn do konnten Gesellschaften derbäi sinn, déi d’Hëllefen vum Staat éischter gefrot hunn, well si d’Strass net voll genuch kruten an net, well si se néideg haten.

Dem Faass fält de Buedem aus, wann een héiert a liest, datt eng Rëtsch Berodungsgesellschaften d’Frechheet haten, hir consultant an d’Deelzäitaarbecht ze schécken – also Hëllef vum Staat an der Héicht vun 80 Prozent vum Brutto!- an déi nämmlecht Leit nawell schaffe gedoen haten! Verduebelung vum Betribakommes: 1. d’Leeschtung vum Beroder gëtt facturéiert +2. d’Hëllef vum Staat.

Ënnert den Ugestellten waren der, déi eng Kéier geschléckt hunn an déi aus Angscht op d’Strooss gesat ze ginn, mam Jabel viru gefuer sinn; anerer hunn ugeeekelt d’Aarbecht gewiesselt. En Ugestellten aus där Branche plappert aus der Schoul:

gkonline

a weider:

gkonline

Kloer! Op déi Manéier flitt d’Gewënnmarge duerch de Plafong! Den Dommen dobäi ass de Staat, sinn seng Steierzueler…sur un excès de bonté naïf du gouvernement séduit faussement par la communication bien loin de la réalité et des besoins de l’HORECA et des petits artisans, wéi mir en Ugestellte sarkastesch schreift.

Image par Steve Buissinne de Pixabay

Dobäi hat d’Iwwerwaachungskommissioun CSSF d’circulaire 20/740 https://bit.ly/2PpJsVEerausginn, wou et am Artikel 1.3 iwwer de blanchiment de fraude geet par les gérants et administrateurs de sociétés…..

 

 

Dat alles kann e camoufléieren, zum Beispill mat enger duebeler Comptabilitéit: e Kont fir déi reell Rechnungen an e Kont fir de chômage partiel vum Staat, fir een an deen nämmlechte consultant! Richteg raffinéiert gëtt et, wann zum Beispill e lëtzebuerger Ugestellten, deen an der Deelzäitaarbecht ass a fir e Client a Frankräich schafft. Enfin, cerise sur le gâteau, pendant ce temps certains de ces cabinets pourraient fanfaronner sur les réseaux sociaux de leur bonne pratique en lutte contre le blanchiment ou de l’OPA de leurs actionnaires sur leur société….financée grassement par nos impôts.

Wuelverstanen! Dat hei ass kee Plaidoyer fir d’Ofschafen vun staatlechen Hëllefen. Wann de Statec ka melden, datt am Januar vun dësem Joer manner Betriber Faillite goungen ewéi zejoert am Januar, dann ass déi glécklech Situatioun ebe grad op staatlech Ënnerstëtzung zeréck ze féieren. An och wann een däerf dervunner ausgoen, datt et ni déi honnertprozenteg Gerechtegkeet gëtt am Verdeelen vun de Suen, esou erënnert dësen Zenario dach staark u casino royal!

Bei verschiddene Verwaltungen missten d’roud Luuchten ugoen: bei der ADEM, bei der Steierverwaltung, beim Enregistrement…De Staat gëtt vill Geld aus, fir déi wirtschaftlech Auswierkungen vun der Pandemie a Grenzen ze halen,- esou gouf d’Deelzäitaarbecht wéinst dem Covid bis Enn Juni verlängert. De Staat misst sech et deementspriechend och eppes kaschte loossen, fir den Ëmlaf vun deene Suen ze iwwerwaachen, nom Motto: d’Welt ass net perfekt, ma mir schaffen drunn!

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. John

    On parle bien de Taleo? 😉

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *