D’Protester géint d’Ermordung vum George Floyd sinn eng gutt Saach. Et goufe wuel schonn eng ganz Partie aner Schwaarzer vu wäisse Polizisten dout gemaach, ma dat heiten kéint dee Mord “ze vill” gewiescht sinn. Also sollen déi Protestaktiounen mol nach e ganze Strapp weidergoen, mat der Hoffnung, de Rassismus definitiv begruewen ze kënnen. An trotzdeem sinn ech der Meenung, datt verschidde Mënschen an hirer Interpretatioun vum Rassismus ze wäit ginn.
mir missten dermadder ophalen, alles wat schwaarz oder däischter ass, ze verdäiwelen. Déi Mënschen kënnen sech wuel net méi un hir eege Kandheet erënneren! Wéi dacks gëtt do Mamm oder Papp vum klenge Butz virum Aschlofen gefrot, d’Lut am Gank net auszemaachen! De Mënsch- an egal, ob wäiss oder schwaarz- huet nun emol eng gewëssen Angscht virun der Däischtert. Ass dat schonn Rassismus?!
op der stater Gare gëtt et zanter Joer e Probleem mat Leit, déi Droge verkafen. Déi Leit hunn eng däischter Haut, et heescht si kéimen aus dem Nigeria an esou geet Rieds vun der nigerianesher Droge-Mafia. Och dat huet ee gefällegst sinn ze loossen, gehéiert an d’Kategorie vum soften Rassismus, well mat där Terminologie pauschaliséiert gëtt an all d’Leit aus dem Nigeria an de Verruff geroden, mat Drogen ze dinn ze hunn. D’Police schwätzt vun ‘zentralafrikanesche’ Leit, déi d’Gare a Schach halen an zu Bouneweg wären et Nordafrikaner.
Fir mol déi “Schwaarz” aus dem Spill ze loossen. Wéi nenne mir dann an Zukunft déi italienesch Mafia? Eng net grad éierlech Organisatioun, mat Sëtz zu Palermo, oder wéi nach?!
Et gëtt och Leit, déi stéieren sech drun, wann d’Police no engem presuméierte Brigang sicht, mat däischterer Hautfaarf. Wann et awer esou ass! Et kann ee jo net higoen an aus engem Schwaarzen e Wäisse maachen! Oder d’Beschreiwung vum Täter esou formuléieren, datt si nëmme wéineg Chance op Erfolleg huet! ‘Schwaarz schaffen’ wär e weidert Beispill. A wéi ass et mat ‘schwaarze Konten’? Mat als Géigegewiicht ‘Wäisswäschen’ vu Suen?! D’Diskussioun riskéiert an d’Lächerlecht ze glëtschen! Par contre begréissen ech, datt den Term “Negerkuss” gréisstendeels aus dem Gebrauch verschwonnen ass. Duerch d’Benotzen vun deem Wuert ass een zwar net onbedéngt e Rassist, ma et ass dach eng Frechheet vis-à-vis vun engem Schwaarzen! Idem fir “tête de nègre”, an eiser Sprooch de Mouerekapp. Mä, aus engem black tea e breakfast tea ze maachen….
radikal Positiounen komme besonnesch bei der Jugend gutt un. D’UNEF- eng franséisch Studentenassociatioun – huet et schonn fäerdeg bruecht, op Reuniounen ze invitéieren “en non mixité”, dat heescht, wou Wäisser net zougelooss sinn. Dat féiert zu der bosseger Situatioun, datt aus engem wäisse Rassismus e Schwaarzen eropgezillt gëtt. Weider heescht et reegelméisseg – besonnesch a Frankräich- datt déi Wäiss besser de Bak sollten halen: si wäre am mannsten vun den Diskriminatioune betraff. Dozou seet d’Philosophin Elisabeth Badinter am L’EXpress No 3598: “C’est une intimidation et un appel à la censure. Qui d’ailleurs se développe à grande vitesse dans les jeunes générations de nos pays. C’est le règne du taisez- vous. (…) Dans quel monde va-t-on, bon sang? Il faut combattre cette intimidation à toute force!”
Ech schléisse mech der Philosophin un, déi der Meenung ass, datt een am Kontext Rassismus sech sollt op dat stäipen, wat déi verschidden Hautfaarwen gemeinsam hunn. D’Ënnerscheeder sinn esou kleng, datt si just banal Niewesaach sinn! Fir de Rassismus ze bekämpfen, mussen déi verschidde “Rassen- déi et net gëtt-, openaner zougoen, matenaner schwätzen.