Recent Posts

Post Categories

FRANK BERTEMES: Des Friedens Kern 
Am 28. Juni strömten sie – ob vierzehn- oder fünfundzwanzigtausend, wer zählt das schon bei Volksbewegungen? – Richtung Knuedler. Und...
Von Cannes bis zum Gerichtssaal: die Wahrheit hinter Luxemburgs Filmglamour  
Während Millionen Steuergelder via Filmfund in die Taschen einer kleinen Zahl von sogenannten Filmproduzenten fließen und das Parlament jetzt  vor...
Frank Bertemes: Unterwerfung? 
Trumps Wille geschehe    – das beim NATO-Gipfel. Man kommt allerdings nicht umhin, sich ob der klaren Vorgaben dieses Machtmenschen,...
Manif um Knuedler: Fencheltéi a Spackelter 
Et huet sech erëmgeschwat: de Lëtzebuerger geet net gären op d’Strooss fir ze demonstréieren. Hie weess: wann a sengem Land...

Blog Post

Ëmwelt

Zeitenwende: Gedankestrécher 

Zeitenwende: Gedankestrécher
DIE WELT

De lëtzebuerger Premier telefonéiert mam russesche President Putin. Klick,Klick hei a Klick,Klick do: séier eng Photo mam Telefon am Grapp an d’sozial Medie gesat a schonn ass d’PR-Arbecht gemaach. Keen interesséiert sech fir d’Äntwert aus dem Kreml.

De lëtzebuerger Ausseminister wënscht sech, datt de Putin physesch eliminéiert gëtt. D’chasse à l’homme ass lancéiert. Hallali!

Mat Doudegen telefonéiert et sech méi einfach.

Déi gréng Ideologie gouf vun der Realitéit mat Tempo 180 iwwerholl. Stellt Iech vir, et ass Krich a mir maachen all mat! Déi Gréng an Däitschland musse schonn fir d’zweete Kéier a Regierungszäiten d’Uniform undoen. Pech! Domm gaangen! Oprëschten fir de Fridden ass déi nei Devise.

D’Energiepräisser schéissen duerch de Plaffong! Gréng Extra-Steieren um Sprit spille keng Roll méi, héieren sech esou guer éischter witzeg un. Trotz den enorme Präisser rullen net manner Autoen op de Stroossen. CQFD!

Russesche Gas, gëschter nach mat glasklorer bloer Flämmchen ass haut däischter roud. Aus der Pipeline kënnt Blutt aus der Ukrain mat eriwwer. Nei Ressourcen brauch den europäesche Kontinent.

Den däitsche Minister Robert Habeck pilgert an déi verschiddenst Länner, déi dat hunn, wat mir bräichten. Heesche goen, Merci soen, Bückling maachen. Dorënner si Länner, déi de Begrëff Demokratie nach net an hire Vokabulär opgeholl hunn.

Den Habeck muss dat zouginn. Ma et geet drëm, fir iwwer deen nächste Wanter ze kommen. Endlech gréng Realpolitik.

och de green deal vun der Europäescher Kommissioun gëtt gebleecht. Manner Pestiziden? Méi Bio-Landwirtschaft? Elo ass Patriotismus verlaangt. De Bauer hëlt säin Hee eran, fir datt déi westlech Welt den nächste Wanter net erhéngert. Schéin datt mir drun erënnert ginn, datt d’Iessen dofir do ass!

souguer zu Lëtzebuerg ginn d’Recetten vun der grénger CO2-Steier ëmgetässelt. Zu wat fir Zwecker bleift ofzewaarden.

Haaptsaach ass, déi helleg Kou – den Index- bleift onbefleckt. Am Abrëll erfält eng weider Indextranche. Et kascht, wat et kascht.

Meng Coiffeuse mengt, si kéint net ëmmer an éiweg mat den Tariffer eropgoen. Réischt kierzlech goungen hir Avancen fir de Stroum vu 1500 op 3000 Euro fir all zweete Mount erop. Elo dann déi nächst Indextranche. Et kascht, wat et kascht…an ëmmer méi.

Lëtzebuerger Resistenzpolitik a Krichszäiten!

Am Afghanistan hunn d’Taliban decidéiert, datt d’Fraen net mi däerfen an de Kolléisch, respektiv an de Lycée. Also just nach an d’Primärschoul, d’Alphabet léieren bis de Buschtaf “K”. Net weider, sos wiisst dat weiblecht Geschlecht den Taliban-Männer iwwer de Kapp.

Alles ideal! Surreal?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *