Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Investor Protection: d’lëtzebuerger Regierung violéiert weider d’Gesetzer! 

Investor Protection: d’lëtzebuerger Regierung violéiert weider d’Gesetzer!
gouvernement.lu

Zanter bal 7 Joer gloust e Pabeierkrich tëscht engem auslänneschen Investisseur -vertrueden duerch Investor protection- an der Finanzplaz Lëtzebuerg. Et geet ëm Investissementer déi gemaach gi waren mat enger Versécherungsgesellschaft am Grand-Duché. A wéi dat esou ass: wann et ëm Fric geet, ass de Risk vu Buttek grouss. Fir den Detail verweisen ech op mäin éischten Artikel zur Saach vu virun 3 Joer https://bit.ly/3EF5Q2E

Geännert huet sech an deene 7 Joer absolutt näischt. Et ass e Stellungskrich: Investor protection schéisst e Bréif nom anere fort op Lëtzebuerg mat Kopie un den Haff, déi ganz Chamber, un déi Europäesch Kommissioun, un den Europa-Rot, an de Finanzministère duckt sech am Gruef a bougéiert net. Esou goung am Juni zejoert e Bréif un de Staatsminister Bettel, mam Virworf, hien an d’Regierung géingen sech net un d’Gesetzer halen!

Eppes huet sech awer dach geännert. Viru 4 Méint huet de Finanzminister Pierre Gramegna iwwerraschend demissionéiert. Hie wëll sech an Zukunft manner ëm d’Suen, dofir méi ëm seng Familljen këmmeren. An also hunn se an der Belsch nees d’Tëntefaass opgemaach an der neier Finanzministesch geschriwwen. Eng éischte Kéier den 8. Mäerz, elo dann ee Rappell datéiert op den 22. Abrëll.

D’Affär u sech huet net geännert. Wéi kéint si och?! Den auslänneschen Investisseur behaapt sech drop, datt zwee Memberen aus dem Commissariat aux assurances verschidde Bréiwer ënnerschriwwen hätten, an deene Ligen verbreet gi wieren. An dorobber hätt de Ministère mussen reagéieren, d’Justiz onbedéngt mussen a Kenntnis setzen!

 

gkonline

 

Et wär also schéin, seet den Investisseur, wann Lëtzebuerg sech géing un d’Gesetzer halen an Investor Protection waard op eng Äntwert. Warscheinlech ëmsoss. D’Madamm Backes huet eréischt e puer Méint an der Congrégatiounsstrooss hannert sech, si, déi bis dohinner en dach éischter gemittlecht Liewen um groussherzoglechen Haff gefouert huet, konnt sech bis ewell nach net an der Politik beweisen.

Ma et wäert sech schonn deen een oder aneren Regierungsconseiller fanne loossen, deen fir si och dëse Bréif op de grousse Koup tässelt. Qui tacet consentire videtur? Wien näischt seet, acceptéiert d’Virwërf?

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *