Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Innepolitik

No Dikrech schreiwt de Gaston Vogel der Gemeng Lëtzebuerg 

No Dikrech schreiwt de Gaston Vogel der Gemeng Lëtzebuerg
image credits: vdl.lu
De Maître Vogel huet sech scho viru Joer iwwer déi vill Strumerten an der Haaptstad opgereecht. Net, datt hien eppes géint de clochard hätt, ma de Mann huet méi wéi e Verdacht, datt et sech bei den Heescherten dacks ëm organiséiert Banden handelt, ëm Leit, déi forcéiert ginn, op der Strooss den Aarm auszestrecken an déi Owes hiert “Akommes” un de Chef vum Clan mussen ofginn. Mënschenhandelt also!
Elo, nom Vote am Gemengerot zu Dikrech, deen queesch duerch d’Parteien unanim ausgefall ass, gesäit de Maître Vogel d’Liicht vun der Hoffnung, datt sech och eppes an der Gemeng Lëtzebuerg kéint doen. Hie schreiwt der Buergermeeschtech a ried hir an d’Gewëssen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *