Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Gesellschaft

Affair vu Lausduer: de Marc Thoma am Interview mam Me Baulisch 

Affair vu Lausduer: de Marc Thoma am Interview mam Me Baulisch
rtl.lu

 

 

                                     

Virun bal 4 Joer gouf et zu Lausduer en déidlecht Verkéiersongléck. 1 Polizist koum ëm d’Liewen, eng Polizistin gouf liewensgeféierlech blesséiert. En Automobilist hat sech tëscht Hengescht a Wäiswampech virun enger Police-Kontroll aus dem Stëbs gemaach, an enger Course-Poursuite koum et zu där fataler Kollisioun tëscht zwee Ween vun der Polizei.

D’lescht Woch gouf den Haaptreproche géint dee Chauffeur net méi zeréckbehalen: hie brauch sech net méi wéinst onfräiwëllegem Doudschlag ze veräntwerten. A mat där Decisioun vun der chambre du conseil vun der Cour d’Appel steet elo dem eigentleche Prozess näischt méi am Wee. De Polizist, deen deemools an dat anert Policegefier gerannt war, kritt iwwregens de Prozess gemaach wéinst onfräiwëllegem Doudschlag a Coups et blessures involontaires.

Lauschtert d’Emissioun vum Marc Thoma, gëschter Owend op apart.tv, wéi ëmmer op Dënschdeg Owend programméiert oder direkt hei, ënnert anerem mat engem Interview vum Maître Baulisch.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *