Recent Posts

Post Categories

Stroumpräisser: aus dem Courrier tëscht dem Wirtschaftsminister an der Biergerpartei 
Den 11. Dezember hat d’Biergerpartei dem Wirtschaftsminister Lex Delles en oppene Bréif geschriwwen: et goufen sech Suerge gemaach wéinst de...
Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 
D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen....
D’Biergerpartei a Suerg wéinst héije Stroumpräisser 
Offener Brief an Herrn Lex Delles Minister für Wirtschaft,  Energie und Tourismus                ...
Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...

Blog Post

Featured

Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen! 

Gesondheetssecteur: e krasst Beispill, wéi een et ka falsch maachen!
Image par com329329 de Pixabay

D’Madamm Martine Deprez ass souzesoen iwwer Nuecht zu Ministeschéiere komm. D’Ressorten Gesondheet a Sozial Sécherheet leien zanter zejoert ënner hire Kompetenzen. No engem Joer am Amt ka si sech net grad de Lorberkranz opsetzen. Wäit gefeelt! An der sozialer Sécherheet huet si d’Mumie vun der Pensiounsreform zu neiem Liewen erwächt an dobäi d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech gezunn; an der Santé sinn d’Erwaardungen extrem grouss, esou gutt vu der Doktesch- wéi och vun der Patientesäit, sou datt d’Ministesch an och hir Partei, d’CSV, politesch grad esou vill ze verléieren huet ewéi ze gewannen.

De Bierger wëll u sech sos näischt, wéi normal Waardezäite bei Dokteren an a Spideeler. D’Medezinner fir hiren Deel mengen, si selwer kéinten dobäi hëllefen, wann ee si da nëmme géing gewäerde loossen; ëmmer méi spezialiséiert Dokter weisen drop hin, datt eng ganz Partie medezinesch Untersuchungen kéinten bei hinnen am Privatcabinet gemaach ginn am Plaz am Spidol. Beispill: d’Radiologen um Potaschbierg. Esou laang de Ministère ënner sozialistescher Fuchtel stoung, war allerdéngs net un esou eng gréisser Ouverture ze denken. Eng Ursaach méi, elo richteg op de Gas ze drécken, well déi nächst Wahlen si schonn a 4 Joer, woubäi déi lescht 12 Méint an der Reegel politesch näischt méi leeft.

Image par Sasin Tipchai de Pixabay

Wat gutt beim Vollek ukënnt, ass den Tiers-payant. Ëmmer méi Doktesch-Cabineten hunn hiren Informatik-System esou ausriichte gelooss, datt de Patient quasi näischt méi muss aus eegener Täsch bezuelen, datt also ze soen alles direkt vun der CNS iwwerholl gëtt. Ma gerechterweis muss een do ënnersträichen, datt deen Tiers-payant muss um Konto vun der LSAP verbucht ginn. Wat also maachen, Deprez?! Grad an engem Ministère dee 4 Joerzéngte laang -bei enger Ausnam- vun der LSAP dirigistesch gefouert gouf a wou dat rout Parteibichelchen zum normale Gadgetinventar gehéiert.

D’Experienz vum interne Widderstand am Ministère géint e Minister hat de Carlo Wagner och musse maachen, deen 1999, ganz kuerz no de Wahlen, ideologesch d’Bengelen bei d’Tromm gehäit hat, wéi hien an engem Zeitungsinterview soe gelooss huet: Wagner reproche aux anciens ministres en charge de la Santé, et  indirectement aux gouvernements qui les ont laissé faire, d’avoir ignoré les éléments de base pour appliquer une politique de santé cohérente, et, pire, les accuse d’irresponsabilité. Den DP- Mann hat du scho bekäppt, datt seng léifste Feinden hannert de Maueren vun der Villa Louvigny op der Lauer loungen.

D’Spideeler maachen an der Tëschenzäit iwwer 50 Prozent aus am Budget vun der CNS, Och déi Chifferen gëllt et, ënner d’Lupp ze huelen, ze hannerfroen. Beispill:

Wéi ass et méiglech…?

Eng Persoun gëtt um Häerz operéiert. D’Klinik ass den INCCI, den nationalen Häerzzentrum. Normal datt virun der OP an och duerno eng ganz Partie Untersuchunge gemaach goufen: Scanner, IRM, Doppler, Ultraschall asw. E puer Wochen no der Interventioun muss déi Persoun wéinst engem anere Problem an d’Urgencen. D’Klinik ass déi Kéier de Centre hospitalier. D’Dokteren proposéieren hier eng Rëtsch Untersuchungen: Scanner, IRM, Ultraschall…an der Haaptsaach vun Häerz a Kapp. D’Persoun sot hinnen: Mais vous avez tout. E gréissere Photoshooting wier schliisslech rezent am INCCI gewiescht. Deen Häerzzentrum as un de Centre hospitalier ugebaut an et kann ee bannenan vun engem Gebai an dat anert trëppelen. Äntwert vun de wäisse Schiertecher: nous n’y avons pas accès!

D’Persoun war bal vum Dësch gefall. Oui, mais nous sommes des entités distinctes. D’Persoun huet drop higewisen, datt d’Directrice vum Centre mat am Organigramme ass vum  INCCI, an zwar als Vizepresidentin. Do misst et dach méiglech sinn, datt déi zwou Entitéiten op digitalem Plang zesummeschaffen!

 

D’Persoun huet weider drop higewisen, datt no baussen esou eng Collaboratioun géing suggeréiert ginn; op d’mannst hätt si an deem Sënn d’Maquette an der Entrée vum Gebai esou interpretéiert.

Hélas! Non! war d’Äntwert. D’Persoun huet en IRM maache gelooss, awer op déi aner Untersuchunge verzicht.

Ass dat nach verstänneg? Zwee Gebaier déi raimlech matenee kommunikéieren, bréngen esou eng Zesummenaarbecht op informateschem Plang net fäerdeg! Déi minimal Fou vun 2 Millimeter an de Korridoren wierkt ewéi d’Berliner Mauer! Déi betraffe Persoun hätt eng hallef Dosen Untersuchunge mussen iwwert sech ergoe loossen, an d’CNS hätt eng zweete Kéier dofir musse blechen!

Wuelverstanen! Et geet mir net ëm des zwou Klinicken am Speziellen, et geet mir ëm d’Klinicken am Allgemengen. Dat heite Beispill wierkt besonnesch krass, well déi zwee Gebaier uneneen ugebaut sinn. Wann do d’Zesummenaarbecht net fonctionéiert, wéi soll et da mat deenen anere Spideeler am Land klappen? Wär et net un der Zäit, d’Politik vun der Kumpanei opzebriechen, d’Klinicken ze forcéieren, sech op een an deen nämmlechten Informatiksystem ze eenegen a sech géigesäiteg droits d’accès ze ginn?

Et wär op d’mannst am Sënn vum Patient, dee jee nodeem vill méi séier kéint  behandelt ginn. An d’CNS géing masseg Geld spueren…oder geet et ieren éischter drëm, de Budget vun de Klinicke kënschtlech opzeblosen?

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *