Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

D’Lëtzebuerger Press an de Virus 

D’Lëtzebuerger Press an de Virus
Image par congerdesign de Pixabay

gëschter koum nees de sougenannte Bureau vun der Chamber zesummen an Invitée war d’Madame Ines Kurschat, d’Presidentin vum Presserot. Si hat et nawell déck do sëtzen an huet et laafe gelooss. Et wir fir d’Press extreem schwiereg, u gewëssen Informatiounen erunzekommen, zum Beispill wat d’Zuel vun den Infektiounen betrëfft. Do géing de Gesondheetsministère sech op den absolutte Minimum beschränken.

D’Madame Kurschat huet sech och – an hat dobäi e roude Kapp- iwwer d’Parlament opgereegt. E Parlament, dat an dëse verwurrelten Zäiten quasi inexistent wier. Si huet also souzesoen e Broch an der politescher Nationalunioun am Krich géint de Virus verlaangt. D’Politiker selwer hun net schlecht gestaunt. Wat kéint d’Interpretatioun vun deem Optrëtt sinn?

op där enger Säit kéint ee banal feststellen, datt d’Press bis dato hir Aarbecht net gutt genuch gemaach huet. Well, et huet keen d’Journalisten dervunner ofgehaalen, méi de Kontakt mat de Parlamentarier ze pfleegen. Op déi Manéier géif d’Parlament automatesch nees méi agebonne ginn. Et ass un de Medien, déi eng oder aner Initiative aus parlamentaresche Kreesser méi an d’Vitrine ze stellen.

Image par Niek Verlaan de Pixabay

Op där anerer Säit huet d’Madame Kurschat komplett Recht. D’Zuelematerial wat d’Infektioune betrëfft ass zimmlech schappeg, fir net ze soen, porös. Et geet net duer, Dag fir Dag déi nei Infektioune bekannt ze ginn, et muss een och dobäi kënne soen: wéi vill vun deenen neie “Patienten” sinn doheem, wéi vill an de Kliniken, wéi vill an den Alters- a Pfleegeheemer. Dat nämmlecht gëllt, wat d’Zuel vun den Doudegen ugeet. Wéi vill sinn um Corona gestuerwen, wéi vill haten en “natiirlechen” Doud?

A Propos: géif et net Senn maachen, fir de Mount Mäerz déi Gesamtmortalitéit ënner d’Lupp ze huelen? Wéi vill Persounen sinn bannent deenen 31 Deeg gestuerwen, an dann de Mount Mäerz vun dësem Joer mat deem vum leschte Joer vergläichen! Et ass gewosst, datt grad déi eeler Joergäng ewech stierwen a besonnesch an de Méint Februar a Mäerz, wou nach esou nierwebäi eng Wantergripp zouschléit! Dat wär propper Aarbecht a géing zu méi Transparenz bäidroen.

och dorunner huet keen d’Press gehënnert, ze fuerschen an ze hannerfroen. Den Optrëtt vun der Presidentin vum Presserot gëtt – op d’mannst an Oppositiounskeesser- aneschters interpretéiert: d’Presidentin huet am Numm vun der gesamter Press geschwat, also och am NUmm vun RTL. An do schéngt d’Kromm an der Heck ze leien!

Direkt um Ufank vun der Corona-Kriis hunn ech vun engem mëndlechen Accord héieren, datt d’Regierung mat hirer Kommunikatiounsstrategie prioritär op RTL setzt; de Sender géing souzesoen als Merci op kritescht Hannerfroen verzichten, ganz am Sënn vun enger Nationalunioun. Vun engem mëndlechen Accord ginn et natiirlech keng Spueren, kee Beweis, ma et héiert een et dacks genuch, och aus dem Ëmfeld vun Regierungskreesser.

Ech kréien et den ëmgedréite Wee confirméiert vun deem engen oder aneren Ex-Kolleeg aus der geschriwwener Press, wéi schwiereg si et hunn, un Informatiounen ze kommen,  responsabel Persounen op den Telefon ze kréien. Dat ass eng ongesond Situatioun! Natiirlech virun allem fir déi geschriwwe Press, ma awer och fir d’Gesellschaft. Bei mir heefen sech d’Kontakter, déi vu mainstream schwätzen a schreiwen…

Related posts

1 Comment

  1. Denkverbuet | Thierry Simonelli

    […] Guy Kayser. 22.04.2020. « D’Lëtzebuerger Press an de Virus » <https://guykaiser.lu/dletzebuerger-press-an-de-virus/&gt; […]

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *