Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Aussepolitik

Ukrain: d’Glaafwierdegkeet vun der Europäescher Unioun steet um Spill 

Ukrain: d’Glaafwierdegkeet vun der Europäescher Unioun steet um Spill
Photo de Lukas provenant de Pexels

Wien ass bereet, fir d’Ukrain säi Liewen ze loossen? Déi Fro stellt am l’EXPRESS d’ Journalistinne Marion Van Renterghem a kënnt mat der Äntwert: keen ass dozou bereet! Dobäi geet et ëm en neien eventuelle Krich um ale Kontinent, 20 Joer no de Konflikter am fréiere Jugoslawien. Dobäi geet et ëm d’Europäesch Unioun, déi schonn elo den diplomatesche Krich verluer huet.

D’Iddi vun der EU ass aus dem Trauma vun zwee Weltkricher entstanen. Ni méi Krich! Dat ass luewenswäert, ma zugläich hir Achillesfers. A Krisenzäiten wou d’Militär erbäi getrommelt gëtt, steet allkéiers hir Glafwierdegkeet um Spill, militäresch an och politesch. Däitschland seet sech prett, den ukraineschen Zaldoten 5000 Militärhelmer ze schécken a suergt fir d’Hilarité générale!

De russesche President Putin huet viru Wochen d’EU bis op d’Schanke blaméiert. Hien huet Verhandlungen organiséiert iwwer d’Sécherheet an Europa: deen Dialog ass gelaf mat den Amerikaner a mat der NATO, awer ouni d’Europäer. Dat muss een sech op der Zong zergoe loossen!

Ausgerechent déi, ëm déi et geet, duerften sech net un den Dësch usetzen. Si waren net invitéiert! De Proprietär vum Kreml huet kloer gemaach, wat hien vun der Europäescher Unioun hält: e Sammelsurium vu verschiddenen Ekonomien! Op en Neits steet hir politesch Muecht um Spill.

Natierlech ass et ze begréissen, datt sech virun enger militärescher Invasioun voll a ganz op d’Diplomatie fokusséiert gëtt. Ma och do geet et ëm Muecht, ëm Kräfteverhältnisser. Déi russesch Banken sollten vum Bezuelersystem SWIFT ofgenuebelt ginn, wat fir dat Land eng gréisser Katastroph bedeit hätt. Ma esou eng méiglech Sanktioun gouf fale gelooss, well gefaart gouf, dee Schoss kéint no hanne lass goen mat enger Kris och op den amerikaneschen an europäesche Finanzmäert.

Rieds geet elo vu brutale Wirtschaftssanktiounen géint russesch Groussbanken, ma Däitschland huet schonn Derogatioune gefrot wéinst de Gas- a Pëtrollimporter aus Russland. Tatsächlech eng Unioun? De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet dëse Samschdeg op RTL bedauert, datt Europa an der Migratiounsfro schonn zanter 7 Joer net méi géing als Unioun optrieden. Ass dat net och de Fall mat der Ukrain?

Et ass richteg, datt d’EU net militäresch provozéiert, net zousätzlech Ueleg op d’Feier schëtt. D’Gewiicht muss op d’Diplomatie geluecht ginn, dann awer mat engem politesche Ballet, deen sech net stänneg vertrëppelt, deen eescht geholl gëtt!

Zitat Asselborn: De President Biden ass wuel deen eenzegen, deen a leschter Instanz d’Saache kéint beaflossen! Deem ass näischt derbäi ze setzen! D’EU bleift e Veräin vun enger Wirtschaftsgemeinschaft. Wann esou guer d’Gefor vun engem Krich an der Ukrain net duergeet als Motivatioun, sech ze mobiliséieren, da freet een sech, wat nach muss geschéien. E gelungent Vollek, déi Europäer!

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Ech mengen woul eischter,dass hei d glaafwierdegkeet vun der nato a vun hire vermeintleche leaderen JB vu washington a sengem papagei BJ vu London um spill stung an d bach erof gangen ass.
    Dei 2 bouwen hun weinst engem mettelgrousse militaermanoever a russland e riesenzirkus ofgezunn,un dee si selwer wahrscheinlech mol net gegleewt hun.
    Hun anerer dru gegleewt…je n en sais rien.
    Vleicht wir et interessant den taux de remplissage vun de zivilen volen zweschen der ukrain an europa a beide richtungen op den leschten deeg ze kennen.
    Much ado about nothing an eng intox aus amerika dei un dei beruechtegt mvw vum saddam anno 2003 erennert.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *