Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

D’CSV-Engel: dat éischt Ee ass geluecht! 

D’CSV-Engel: dat éischt Ee ass geluecht!
image credits:pixabay

54Prozent vun den CSV-Delegéierten wollten e Wiessel, d’Wuert ‘renouveau’ gouf an der Läscht esou dacks benotzt, datt et engem schonn noleeft! Dee renouveau ass elo méi séier komm, wéi geduecht. Zanter gëschter ass gewosst, datt de Frank Engel Member ass vum Verwaltungsrot vun enger privater Militärgesellschaft, an dat schonn zanter 14 Joer. D’Journalisten vu reporter.lu haten do Deech-, wann net Wochelaang recherchéiert, fir alles zesummenzedroen; hätten si hiren Artikel éischter publizéiert, wär den Engel wuel kaum neie President ginn. Natiirlech beweegt sech den CSV-Mann elo net am penale Beräich, ma, et kënnt net grad gutt an der Ëffentlechkeet un, wann d’Spëtzt vun enger politescher Partei an engem Gremium vun enger Militärgesellschaft sëtzt.

image credits:pixabay

Et ass och net grad en Zeechen vun Transparenz, wann de Frank Engel den Dag virdrun am RTL-Interview esou gemaach huet, wéi wann hien sech finanziell net esou gutt géing stoen, wéi wann hien nëmme vun der Politik géing liewen. Hien huet just vu sengem Akommes als EU-Deputéierte geschwaat, dat nach e puer Méint déit weiderlaafen, nom Enn vu sengem Mandat. 4 Stonnen nom Interview koum e ganze Batz méi vun der Wourecht eraus. Kloer! De Mann muss vun eppes liewen an et geet mir hei net drëm, an déi üblech Jalousieën wullen ze goen, ma Parteipresident a Verwaltungsmember vun enger Militärgesellschaft, dat geet guer net! De Mann muss séier aus deem Conseil eraus!

 

An

der Fraktiounssëtzung vu gëschter goung et schonn héich hier. Während den Diskussiounen kruten d’Deputéiert de Reportage op hirem tablet/handy ze liesen an esou munnechem huet d’Gal eropgestouss. Et besteet nämlech de Verdacht, datt déi Kandidatur ENGEL vu verschiddene Säiten orchestréiert gi war. Dat ass dann och d’Explikatioun, firwaat Wolter, Reding an Halsdorf net éischte Choix woren, fir an den Nationalcomité gewielt ze ginn. Si hunn zwar ëmmer nach d’Méiglechkeet, spéider cooptéiert ze ginn, ma kruute gëschter eng Warnung vun der Fraktioun, déi gläich mat 8 Géigekandidaten opgetrommt hat.

Et wor nom 14. Oktober evident: d’Partei verquësst déi zweet Wahlnéierlaag net esou liicht, ewéi déi éischt. Haut an nach déi nächst Deeg stellen sech Froen, wat d’Persoun vum neie Mann un der Parteispëtzt betrëfft, an deen een oder aneren Deputéierten freet sech, wéi laang et wuel dauert, bis den Engel déi nächste Kéier an d’Flillécke klappt.

Wichteg ajoute: en opmierksame Lieser schreiwt mir, datt en absolutt ähnlechen Artikkel schonn virun iwwer 4 Joer an der VOXX-Zeitung stoung!!(https://www.woxx.lu/7696/)  Domatter geet de Respekt dann dach éischter un där hiere Journalist David Angel, ma et bleiwe vill Froen opstoen, wat déi Gesellschaft ugeet. De Constat ass awer deen nämmlechten- an de Fr. Engel huet dat jo och schonn op 100,7 zougin- e Politiker kann net an enger Gesellschaft siegéieren, déi de loin ou de près hiert Geschäft mat Militär mécht.

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Max

    Reporter.lu huet weder wochelaang un deem Artikel geschafft, nach groussarteg recherchen gemeet. Hei ass en artikel vun virun 2 joer deen genee daat nemlecht seet: https://www.woxx.lu/7696/
    Ech hätt mer gewenscht wann eppes iwwert dei genee Aktiviteiten vun daer firma dragestaanen hätt oder mei iwwert dem Engel seng wierklech roll an deem ganzen gesoot gi wier. Leider ass et juste duergaangen fir Militärunternehmen an den Titel ze schreiwen.. schwaach.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *