Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Covid-19: ass d’Mask erof? 

Covid-19: ass d’Mask erof?
Image par Stefan Keller de Pixabay

war et de Bluff vum Joerhonnert? D’Fro gëtt schonn méi laang an de soziale Medien opgeworf. Do muss een net an dat nämmlecht Holz haen, an awer ass et erlaabt, sech Froen ze stellen ronderëm dee ganze Spektakel, deen huet mussen inszenéiert ginn fir de Virus am Grëff ze halen. De Statec zum Beispill kënnt zu der Konklusioun: Le Covid-19 amène à une surmortalité modéré au mois d’avril!

An där Iwwerschrëft vum Statec ass d’Wuert moderat!  397 Persounen sinn dëst Joer am Abrëll vun eis gaangen. Déi zwee lescht Joer waren et der 327. RTL ënnerschléit dat Wuert modéré,https://www.rtl.lu/news/national/a/1533000.html ( de Chefredakter huet et 90 Minutten no dëser Publikatioun bäigesat)ma präziséiert, d’nämmlecht wéi den Essentiel, datt ee muss bis op den Abrëll 1975 zeréckgoen, wou bannent 30 Deeg esou vill Persounen gestuerwe waren.

Image par Ilona Gr de Pixabay

Aha! Dat gouf et also schonn emool! An 1975 ware mir zu 210.000 Awunner manner wéi haut, also war deemools d’Situatioun bei wäitem méi schlëmm wéi haut! Wat wor da lass zu Lëtzebuerg, matzen an der Stolkris? Einfach eng geheiereg Wantergripp? Ech hale fest: d’Mortalitéit ass dësen Abrëll eropgaangen, ma moderat, ëm e Véierel! An d’Altersmediane vun den Doudegen läit bei 84 Joer. Natierlech kann ee soen, datt bei wäitem méi Leit dës Welt verlooss hätten, wären do net drakonesch Moossnamen vun der Regierung geholl ginn, an nawell ass et erlaabt, verschiddenes wéi gesot ze hannefroen.

D’Fro zum Beispill wat d’Masken ugeet. Ganz am Ufank waren se just gutt genuch, fir driwwer de Geck ze maachen; matt esou engem Gesichtsstring kann ee villäicht en Asiat glécklech maachen, awer op kee Fall en agesiessenen Europäer a scho guer net e Lëtzebuerger. Kuerz drop, wéi d’mission impossible vu Regierung a Cargolux mat Erfolleg gekréint wor an d’Masken wéi Manna vum Himmel gefall koumen, gouf et zu enger Obligatioun, virun allem zu engem Symbol vun der Solidaritéit.

Haut hu mir esou vill Masken, datt mir se net méi wëllen, mol net geschenkt. 33.000 Leit an der Haaptstad goungen hir 50 Stéck net ofhuelen, héichgerechent op d’ganzt Land sinn dat der 180.000! Verwinntent Lëtzebuerg! Ma et kann keen mir erklären, wéisou déi Masken fir d’éischt duerch de mediale Kacka geschleeft goufen an duerno zum absolutte MUST erhuewe goufen? Dobäi dinn déi meescht vun eis – Hand op d’Häerz- eng Woch laang dat nämmlecht Stéck Stoff un, zerknätschen et an der Boxentäsch fir et op en Neits unzedoen, houschten a schnoffelen doranner a maachen esou hire Fuesbok zu engem herrlechen Biotop fir Bakterien a Virussen.

d’Fro zum Beispill och vun de Kanner: sinn si dann elo eng Virusschleider oder sinn si et net? Op alle Fall kënnen si nees an d’Schoul, an d’maisons relais, an d’Crèche, jo esouguer nees op d’Spillplazen wéi wann ni eppes gewierscht wier. An domatter kommen ech zu der Mamm vun alle Froen: wéi ass et méiglech, datt alles, wat gëschter falsch war, haut richteg ass?! Oder ëmgedréit?

Image par hamxx005 de Pixabay

Um Ufank vum déconfinement housch et mam Fanger an der Lut “Oppassen. De Virus ass nach ëmmer do!”  Duerno goung alles ganz schëtzeg, zeréck an d’Normalitéit. Dee Revirement koum vun haut op muer, souzesoen stënterlech. An dat wëll mir einfach net an de Kapp eragoen: mir passen esou wéineg op ewéi déi lescht 5 Méint net méi an zugläich ass d’Zuel vun den Nei-Infektiounen esou niddereg wéi nach ni! Komesch, datt dat bis ewell nach kee Sujet war, weder vun der Politik, nach vun der Press!

En net onëmstriddene Virolog an Däitschland, de Prof. Dr. Hendrik Streeck ass formell: de Virus wäert ëmmer nees zouschloen, awer éischter op eng harmlos Manéier. Ich nehme nicht an, dass wir wieder einen grossen Anstieg der Covid-19-Infektionen sehen. Wenn doch, wird man sich hüten, wieder derart starke Massnahmen zu ergreifen wie im Frühjahr…(.) Ich glaube auch weiterhin nicht, dass wir am Ende des Jahres in Deutschland mehr Todesfälle als in anderen Jahren gehabt haben werden.

“…An anere Wierder: wa mir näischt vum Virus gewousst hätten, wier d’Liewen nawell weider gaangen!…”

Ech wëll hei mat Sécherheet net d’Gesondheetspolitik vun der Regierung erofmaachen. Ma elo, wou mir eis nees däerfen de Batti stellen, wëll heeschen, wou mir net méi besonnesch mussen oppassen – awer d’Mask net vergiessen!- misst spéitsten an zwee Méint déi zweet Well zouschloen. A wann net, wéi ass sech dat ze erklären? China misst scho längstens seng zweet Well erliewen. Si ass bis haut net komm!

Virologen a Politiker, iwwerleet Ierch Äer Äntwert gutt! Si muss esou eriwwerkommen, datt se vum Vollek richteg verstaane gëtt. Well déi nächst Pandemie kënnt an den nächsten 10 Joer esou sécher wéi d’Amen am Gebiet; et ass net garantéiert, datt d’Vollek och déi nächste Kéier esou brav mat marschéiert! An eng Erausfuederung och fir d’Press….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *