Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Joe Wissler: Eng Rees fir en gudden Zweck? 

Joe Wissler: Eng Rees fir en gudden Zweck?
Image par T. Jensen de Pixabay

 

Brasilien ass ee klengt Land. Et huet just ca 215 Milliounen Awunner an ass, vun der Fläch hir, just dat fënneft gréisst Land vun der Welt. Mat engem lächerlechen Bruttoinlandprodukt vun 1,608 Milliarden Dollar  zielt dat Ländchen zu den gréissten Wirtschaftslänner vun der Welt och wann vill Leit dohannen an Aarmut liewen. Fir eis Klima-Apostel: den CO2 Ausstouss pro Brasilianer leit bei 2 Tonnen pro Joer wärend mir hei bei läppegen 13 Tonnen hänken, verroden eis Statistiken aus dem Internet.*

Elo muss een wëssen, dass Enn 19. bis Mëtt 20. Joerhonnert ongeféier 2500 Lëtzebuerger d’Nues voll  haten an eisem Grand-Duché Äddi gesot hunn fir an Brasilien wunnen ze goen. Op se all glécklech ginn sinn weess ech net, mee zumindest soll et do am Wanter net esou kal sinn wéi bei eis.

Laut eisem Abiergerungsprinzip liewen mëttlerweil 20.000 Lëtzebuerger do. Gutt 12.500 vun den Nofaren hunn Nationalitéit duerch “Wiedereinbürgerungsverfahren” krut. Dat ass hier gutt Recht, och wann si nach ni Kachkéis geschmaacht, Judd mat Gaardebounen giess oder hei d’Kathedral besicht hunn.

AcLux, eng Organisatioun, déi den Lien tëschent deene Leit an eisem Ländchen mécht, huet eis Politiker fir een  Weekend op Florianopolis invitéiert. Dat sinn 19 Stonnen Flug vun hei, mee dir wësst schonn, mat der Klimakris an och mat wirtschaftlechen Konsequenzen hei am Ländchen, spréch Inflatioun, muss een mam Beispill virgoen an net all Dëppefest  besichen.

Dofir hunn eis Parteien ofgemaach sech per Videokonferenz mat den Leit dohannen ze concertéieren. An engem Waljoer dierf jo keen potentiellen Wieler ignoréiert ginn!

Well: 20.000 Lëtzebuerger, déi net all Dommheet matkréien déi eis Politiker-Elite am eegene Land fabrizéieren, dat sinn potentiell 20.000 Nei-Wieler. Do kéint schonn deen een oder aneren Sëtz um Krautmaart fir déi eng oder aner Partei am Jackpot sinn.

De Kapitän vun eisen Piraten huet trotz allem gemengt, en Flugticket ze buchen. Hien war zwar anscheinend schonn am Mee dohin gereest (mam Fliger an net mam Seegelboot), mee doppelt gemoppelt hält besser. Well déi do hannen net onbedéngt wëssen, wéi eisen Walsystem fonctionéiert.

Dir wësst jo, déi Saach mat den Kräizer an de richtegen Rondel ze maachen bréngt net ëmmer dat Resultat wat een mengt…

Do wor dach eppes? Wollten déi Lénk, wéi den Piraten Sven gemengt huet, Walgesetz lénken, wéi si hei an der Staat en Porte à Porte organiséiert hunn fir Auslänner fir d’Walen ze motivéieren? Eng Aart politeschen Hauséierhandel oder Influencer, dat geet jo guer net. Gutt dass duerch d’Piraten den Parquet ageschalt gouf- deen Saach mëttlerweil ouni Suitten klasséiert huet, mee den Schoss virun den Bug souz.

Elo waren déi aner Parteien mam onerwaarten Fluch vum Piraten Kapitän bëssen déconcertéiert. Ma selwer schold. Wann Dir “Pirates of the Caribbean” gekuckt hätt, wéist Dir, dass en Fräibeuter, esou sympathesch hien sech gëtt, eng zimmlech eegewëlleg Usicht vun enger Ofmaachung kann hunn.

Dofir sinn se dunn awer geflunn.

Natierlech net fir Stëmmen ze fänken. Zumindest net direkt, esou steet et an den Zeitungen.

Vertrieder vun déi Gréng (Klimakris an Biodiversitéit betrëfft och Brasilien!), CSV (aus kulturellen an wirtschaftlechen Grënn!), ADR (fir  d‘Leit besser kennen ze léieren!) an LSAP (déi hunn zwar dohannen den Bolsonaro gewielt gehat mee muss een verstoen firwat déi elo bei eis wielen!) DP huet drop verzicht well eisen Premier himself huet sech per Videokonferenz (hei do, et huet awer geklappt) ageschalt.

An eis Lénk, bon, déi wollten eben net. Vläicht well si net erëm als Hauséierer duergestallt wollte ginn oder keen sech vun hinnen niewent den Sven Sparrow wollt setzen?

Schlussendlech hat DP an déi Lénk déi besser Nues, well knapps waren eis Demokratie- Missionaren zréck, koum den Shitstorm iwwert si.

Et vergeet jo keen Dag, wou dat begrëffstutzegt  Vollek erkläert kritt, dass et un der Klimakris schold ass an den Verzicht grouss geschriwwen muss ginn. Dat huet sech elo mat der Rees fir déi betraffen Parteien als Bumerang erwisen. Oder wéi Carole Reckinger vun der Caritas mengt: “Punkto super Iddi fir Walkampf an Brasilien maachen ze goen an enger #Klimakris #näischtverstan #doppelmoral #luxemburg”

« Et si Bierger aus eisem Land, et ass normal och si ze informéieren iwwert d‘Walen. Distanz ass nun mol just per Fliger méiglech,“ erkläert eis op simplistesch Manéier den Marc vun der Fräibeuterpartei, deen an der Chamber Kuerzstreckenflig fustigéiert huet an wuel näischt vun Videoskonferenzen hält.

Et geet näischt iwwert en perséinlecht Gespréich (op portugisesch oder lëtzebuergesch?), wann net virun der Hausdier, dann awer per Fliger op enger Versammlung an Südamerika.

Eis Gréng, bei deenen den Klimaschutz zum alldeeglechen Mantra gehéiert,  sinn Spëtzereider an den Ausrieden fir den onverhofften Weekendtrip „all inklusiv“ woubäi den Hin- an Réckfluch,  gemäss „Reporter“,  bei 3,5 an 4,9 Tonnen CO2 louch.

Mir hätten d’Klimakris an d’Ëmwelt net doduerch gerett, wann déi Delegatioun do elo net a Brasilie geflu wier. Kee Wonner, dass mir d’Klimakris net uerdentlech ugoe kënnen, wann dat do effektiv d’Argumentatiounsbasis vun eiser Gesellschaft sollt sinn.“ (déi jonk Gréng)

Ech sinn berouegt. Mir retten deemno weder Ëmwelt oder Klima, wann ech mäin Auto am Garage loossen, Tatta Sidoni op Croisière verzicht an den Jemp seng Flatulenz-Kéi ofschaaft – dat alles kann jo keng Argumentatiounsbasis sinn! Merci déi Gréng fir des Erklärung.

Zu gudder Läscht zerwéiert eist Djuna Bernard d’Kiischt um Kuch. D’Madamm betount nämlech, den Fluch an Brasilien „kompenséiert“ ze hunn… an deem si en „Kompensationsbäitrag“ bezuelt hätt an domadder näischt géif bereien.

Et leiert een nëmmen bäi. Den CO2 verschwënnt also, wann een de Portmonni opmécht an bezilt – wéi deemools am Mëttelalter, wou een seng Sënnen konnt reng wäschen mat enger Spend un d’Kierch, haut eben un den Klimagott… alles wëssenschaftlech bewisen! An wat deemools fonctionéiert huet, klappt haut bestëmmt!

Wéi heescht et dach esou schéin: Waasser priedegen a selwer de Wäin drénken.  An dat kuerz virun Ouschteren!

 

Joe Wissler

 

* https://ourworldindata.org/co2/country/brazil?

 

Related posts

1 Comment

  1. Patrick

    Tiptop beschriwen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *