Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Wéi den Denunziant salonfäeg gemaach gëtt 

Wéi den Denunziant salonfäeg gemaach gëtt

eMënsch denoncéieren, hien uschmieren, uschäisse goen. Et gouf mol eng Zäit,wou dat extreem verhaasst war. Dat hat wuel an der Haaptsaach eppes mam Krich ze dinn. E gudde Preis huet den Noper ugeschwäerzt, well deen Owes d’BBC heemlech gelauschtert huet oder well dee bei sech doheem e Resistenzler verstoppt huet. Gären gëtt a sengem Kontext d’Zitat ugefouert: Der grösste Lump im ganzen Land ist und bleibt der Denunziant”. An anere Wieder, et handelt sech ëm en décke Säckdréier. Neierdéngs awer spillt eng aner Gei: en uschmieren gehéiert zum gudden Toun. D’Kiischt um Kuch: et däerf een et anonym maachen! Dobäi ass d’Politik net grad onschëlleg!

Ausgerechent déi gréng Kanzler-Kandidatin Baerbock huet an der Wahlcampagne bekannt ginn, datt ënner hirer Regierung – sollt si da jeemools Cheftaine ginn- eng elektronesch Plattform géing geschafe ginn, op där d’Leit kéinten déi Persounen uschmieren, déi hirer Meenung no net genuch Steieren déite bezuelen, also déi géife fuddelen. Dat wär eng gutt Saach fir Däitschland, well duerch Steierbedruch géingen der Staatskeess all Joer 50 Milliarden Euro duerch d’Päif goen. Op d’mannst 3 Bundeslänner an deenen entweder Sozialdemokraten an/oder Grénger an der Regierung sëtzen, hu vu Begeeschterung an d’Hänn geklappt.

dobäi däerf een anonym uschmieren an och ouni déi geréngste Beweiser ze hunn! Staarken Tubak! Wéi soll ech dann och scho wëssen, datt d’Madamm Weber oder den Här Schmidt net genuch Steiere bezilt? Well si allebéid en décken Auto fueren, ee vill méi Décken ewéi ech?! Den Denunziant kann also duerchaus aus puerem Frust reagéieren, denunzéieren, uklaapen. A Frankräich ass d’Situatioun vum Denunziant liicht eng aner: do gëtt probéiert, him op d’Schläich ze kommen an dann zwou Enquêten ze féieren, eng géint déi Persoun, déi wéinst Steierbedruch verdächtegt gëtt, an déi aner géint den Denunziant. Wéinstens eng kleng Brems.

Ausgerechent d’Schwäizer schmieren sech géigesäiteg zanter Joerzéngten un. An der Pandemie, wa sech den Noper net un d’Covid-Bestëmmungen gehalen hunn; den Denunziant koum sech vir wéi eng wichteg Stäip vun der Gesellschaft. Stille Nacht, der Nachbar gafft! D’Schwäiz ass international bekannt als Aushängeschëld fir d’Demokratie! Wat net verhënnert, dës Zort vu Mentalitéit ze hannerfroen. All meng Noper zum Beispill stellen Donneschdes Owes d’Poubelle géint 18 Auer 30 eraus; dem Gemengereglement no däerf een dat eréischt vun no 10 Auer maachen. Knuppefreed gëtt dat!

Wat mech stéiert beim klape goen, ass engersäits d’Iwwerhieflechkeet vum Denunziant, deen sech opféiert als Moralapostel, an anerersäits d’Tatsaach, datt egal wéi ëmmer eppes hänke bleift: mäin Noper huet zwar keng Steieren hannerzunn, ma et besteet elo bei de Staatsverwaltungen e Fichier iwwert hien. De Verdacht géint hien bleift also méi laang bestoen. D’Haaptsaach ass, hie konnt eng Partie Nuechten net gutt schlofen. Dat ass him gutt op der Panz!

Fazit:déi däitsch Politik ass am gaangen ze weisen, datt den Denunziantentum net nëmme vu riets kënnt, ma och vun deene Säiten, déi sech als fortschrëttlech an der Gesellschaft verkafen. Der Zweck heiligt die Mittel! Schued, datt sech net méi doriwwer opgereegt gëtt. Schued, datt soi-disant neutral Moderatoren dat net weider op Radio an Televisioun thematiséieren. Viru Joer hat d’AFD och esou eng Plattform an d’Gespréich bruecht: Schüler konnten sech do mellen, wann si d’Gefill haten, hiren Enseignant hätt sech am Untericht net politesch neutral verhalen.

Deemools war déi politesch Welt ze kleng, bis e Geriicht déi Uschmier-Plattform verbueden huet. Elo gëtt en neien Ulaf geholl, et ass jo fir e gudden Zweck. Kommt! Mir maachen all mat! A wien net wëll, dee gëtt ugeschmiert!

 

Related posts

3 Comments

  1. Mario Philippi

    RTL 25/09/2021
    No Kritik um Corona-Pass
    Hollännesch Staatssekretärin gouf entlooss
    Den hollännesche Premier Mark Rutte huet d’Wirtschaftsstaatssekretärin Mona Keijzer entlooss.
    Den ongewéinleche Schratt koum no der Kritik vun der Mona Keijzer wéinst der Aféierung vum ëmstriddene Corona-Pass. Si hat am Interview mat der Zeitung “de Telegraaf” gesot:
    “Wa mir an enger Gesellschaft gelant sinn, an där ee virun aneren Angscht muss hunn, ausser wann een en Noweis virleet, da muss ee sech froen: Wëlle mir dës Richtung wielen?”
    Wéi de Premierminister Rutte iwwer seng Regierung wësse gedoen huet, géifen dës Äusserunge sech net mat den Decisioune vum Ministerrot verdroen, déi viru kuerzem geholl goufen. Dofir gouf mat der Zoustëmmung vum Wirtschaftsminister an no enger Berodung mat den 3 Vize-Ministerpresidenten decidéiert, d’Mona Keijzer vun haut op muer z’entloossen.

    Dat geet jo plus ou moins an déi selwecht Richtung…

  2. Chris Filip

    Gott (falls et ee get) sei Dank dass dess “Gring Kouh” scho mol deelweis ausgebremst gouf. Mir haten och e Sprechwuert freier fir dei Gring: Se sin wei d’Tomaten, vier d’Eischt sin se gring, da gin se brong an dann endlech roud. Dorun huet sech bis haut neischt geännert, am Contraire.

  3. Philippi Mario

    Spillt d’politesch Orientéierung iwwerhaapt eng Roll an deem Fakt? Ech mengen net, well vill Leit denken esou wéi déi Madame ouni jeemols e Gréngen gewielt ze hun.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *