Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Lëtzebuerger op Palma, d’Guardia Civil gouf geruff 

Lëtzebuerger op Palma, d’Guardia Civil gouf geruff
image credits: PEXELS

An der Fuesvakanz maachen sech vill Lëtzebuerger duerch d’Bascht, tauschen de groen Himmel géint e Bloen, ginn an d’Schivakanz oder bei d’Mier. Haaptsaach ass: fort! Tapéitewiessel, zum Beispill op d’Kanaren. Meeschtens sinn d’Boeingen strubbelvoll, d’Leit freeën sech. An et gëtt nach ëmmer de Camembert Le President an de Cremant ass och garantéiert. Hoch über den Wolken…vergiess ass déi gréng Energiepolitik, elo gëtt d’Séil fir eng Woch op Watt geluecht.

Oder Destinatioun Palma. De Vol brauch mol keng zwou Stonnen, e Kaazespronk! De Fliger gëschter Moien um Samschdeg war gutt gefëllt, kee wosst, datt déi spuenesch Autoritéiten fir si eng Iwwerraschung parat haten.

Fir a Spuenien -Kontinent wéi Inselen- muss een e QR-Code ufroen. Esou wäit, esou schlecht. Ma um Flughafen vu Palma goufen aus där Luxair-Maschinn eng 30 bis 40 Persounen au piff  erausgepickt fir en obligatoreschen Test maachen ze loossen. Dat Flott bei der Saach ass: fält deen Test positiv aus, gëtt een mat der Ambulanz an e speziellen Hotel gefouert an do an engem Zëmmer agespaart. Schéine Bonjour vun OMICRON!

En Humpen an eng Drëpp, ier dat elo hei lass geet! D’Leit waren extrem excitéiert. Keen hätt hinnen Bescheed gesot, weder bei der Luxair, nach um Findel. Eng ganz Partie Passagéier waren doriwwer esou rosen, datt d’Guardia Civil huet musse geruff ginn, fir d’Geeschter ze berouegen. Wéi d’schéngt gouf déi Test-Prozedur gëschter Moien exklusiv fir de Luxair-Flieger duerchgezunn, wat fir zousätzlech Gegrommels gesuergt huet. Eng Kippche Cremant?

Déi lescht 20 Méint ass a Saache Pandemie esou vill decidéiert an nees ofgeschafe ginn, datt een net méi weess, wou engem de Kapp steet. Besonnesch a Griechenland war déi Test-Prozedur dee leschte Summer méi reegelméisseg gemaach ginn, mä Palma? Um Site vun der Luxair steet allemol näischt dovunner drop, ma d’Passagéier hunn op dëse Saz higewisen, deen d’Loftgesellschaft publizéiert: Luxair s’engage à tenir ses passagers informés des dernières restrictions et réglementations de voyage.

Dat wier hei net de Fall gewiescht. Et steet allerdéngs och do:  la précision des informations ne peut être garantie à tout moment. Il est vivement conseillé aux passagers de s’informer sur les restrictions et exigences applicables à leur voyage au moins 48 heures avant leur départD’Passagéier iergeren sech, well d’Informatioun spéitstens um Flughafen hätt musse matgedeelt ginn.

Effektiv ass et net esou witzeg, duerch e positiven Test aus dem Verkéier gezunn ze ginn a seng Vakanz an engem speziellen Zëmmer wéi an der Isolatiounshaft ze verbréngen. Ma wéi gesot: déi spuenesch Guardia Civil hat d’Situatioun séier ënner Kontroll an d’Leit missten dann elo och mental an der Vakanz ukomm sinn! Uff! Una cerveza y un licor

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *