Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Sécherheet an der Stad: eng verkoxte Situatioun! 

Sécherheet an der Stad: eng verkoxte Situatioun!
Image par S. Hermann & F. Richter de Pixabay

zanter 9 Deeg patrulléieren Leit vun enger Privatfirma duerch d’Gaassen vun der Stad a vun der Gare. Dat subjeckiivt Sécherheetsgefill vum Bierger soll op déi Manéier verbessert ginn. De Minister Henri Kox, zoustänneg fir déi bannenzeg Sécherheet war net frou doriwwer, goung kuerz an d’Offensive an hat sech schliisslech a Quarantaine zeréckgezunn. Duerch e blöden Zoufall gëtt grad elo eng Meenungsëmfro vum Ministär iwwer d’Sécherheet an der Haaptstad gemaach, dat Subjektiivt soll objektivéiert ginn. Virwat net och op nationalem Plang? Zousätzlechen Ueleg op d’Feier tëscht Blo a Gréng!

Dobäi wäscht den Henri Kox seng Hänn an Onschold. Dee Sondage ass keng politesch-militäresch Äntwert op d’Decisioun um Knuedler, op Assistenz vun enger Privatfirma zeréck ze gräifen. D’Ëmfro gouf scho méi laang preparéiert. Si kënnt elo just zum falschen Ament! An et stellen sech Froen iwwer d’Ëmfro am allgemengen.

normalerweis gëtt eng Meenungsëmfro an Echantillonen agedeelt: Mann a Fra, Altersgruppen, Beruff, respektiv schoulesch Formatioun. An dësem Fall schéngt awer den Zoufall Kinnek ze sinn: eng Rei Awunner vun der Haaptstad kruten e Schreiwes vum Ministère zougestallt: wann si wéilten da kéinten si per link an deem Sondage matmaachen.

Do wäerten der scho mol vill d’Enveloppe an d’Poubelle geschmass hunn, am beschte Fall an de Recycling Container. Donieft ginn déi richteg Eeler mam digitale Geschier net eens, dobäi sinn et grad si, déi sech Gedanken ëm hir Sécherheet maachen nom Moto: fréier war alles besser. De Laurent Mosar, Deputéierten a Finanzschäffen um Knuedler huet et sech net huele gelooss, direkt eng parlamentaresch Fro ze stellen. Dee Mann, dee sech bei der CSV de Sujet Sécherheet – national a kommunal- un den Hutt gespéngelt huet, frot gläich den Drénglechkeetscharakter fir seng QP a krut dat esouguer vum Chamberpresident zougestanen. Wann de Covid-Test beim Här Kox haut negativ sollt ausfalen, misst hien muer zu dëse Punkten Stellung huelen:

gk online
gk online

Eenzel Froen wären also éischter suggestiv, fir dat Subjektiivt a méi en objektiivt Liicht ze bréngen?! Näischt Aussergewéinleches bei Sondagen, just wéi gesot, kënnt dat alles zu engem Moment, wou souwisou de Bësch brennt tëscht de Bloen an de Gréngen, a wou bei den Ekologiste selwer d’Onzefriddenheet vis-à-vis vum Koxen Heng am gaangen ass, ze klammen.

“…villäicht verschwënnt déi Ëmfro jo och einfach an engem Tirang!..”

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *