Recent Posts

Post Categories

D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...

Blog Post

Innepolitik

Corinne Cahen: e Bréif, e Buttek, en Appartement an nach e Bréif! 

Corinne Cahen: e Bréif, e Buttek, en Appartement an nach e Bréif!
Image parInstagramFOTOGRAFIN de Pixabay

Usech ass alles kloer : D’Madame Cahen däerf hiert Schonggeschäft weiderféieren an däerf och hiren Appartement verlounen. Den Deiwel läit am Detail! Esou däerf e Regierungsmember op kee Fall eng kommerziell Aktivitéiten niewt sengem Haaptjob als Minister hunn. Dat steet ausféierlech geschriwwen am code de déontologie, deen GAMBIA 1 viru 5 Joer sech ginn huet:

Art. 9.

Les membres du Gouvernement n’acceptent aucune rémunération, pour quelque activité que ce soit, autre que les traitements qu’ils reçoivent en leur qualité de membres du Gouvernement. http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/agd/2014/11/14/n1/jo

Et bleiwt d’Fro vum Verlounen vun engem Appartement iwwer d’Internetplatform AirBnB. Eng Fro, déi d’Regierung allerdéngs scho virun 10 Méint beäntwert huet. Den Honorabelen Pirat Swen Clement wollt nämlech deemols  ganz onverfänglech Präzisiounen hunn, an d’Aentwert koum vun den dräi Ministeren Etienne Schneider, Pierre Gramegna a Lex Delles. Dee Punkt, deen eis hei interesséiert, ass deen op d’Verlounen vun enger Wunnecht iwwer AirBnB eng kommrziell Aktivitéit ass oder net, an op deem Ponkt ass d’Aentwert formell:

gk online

D’Akommes via AirBnB gëtt also als kommerziell Aktivitéit besteiert, an e Commerce féieren ass näicht aaneschters wéi eng activité commerciale rémunérée! Dees war sech d’Madame Minister wahrscheinlech net bewosst, ma et ass en zolitte faux-pas!

Wann et zu Interessenskonflikter kënnt, gëtt dee sougenannten Ethikkomitee ageschalt. Am Fall vum Bréif, deen d’Ministesch op der offizieller Regierungs-Internetadress un d’union commerciale geschéckt hat, fir hiert Leed ze kloen iwwer den Tramschantjen – an an der direkter Ëmgéigend vun hirem Schongbuttek- huet de Regierungschef Xavier Bettel séier reagéiert,

Image parAngi Yowell de Pixabay

mat der Feststellung: d’Madame Cahen géing sech als fréier Presidentin vun der union commerciale ebe vill fir d’Geschäftswelt asetzen; si hätt et nëmme gutt gemengt an also bräicht hei d’Ethikkommissioun net ageschalt ze ginn. Si selwer huet vun engem Feeler geschwaat, deen hir déit leed doen. Ech selwer hat vun enger indélicatesse geschwat.

Déi Meenung kann een deelen an awer och net. Déi politesch Oppositioun notzt d’Geleegenheet aus, fir den Nol nach e bësselchen méi déif anzeschloen: CSV, ADR, Déi Lénk an d’Piraten hu sech zesummegedoen, fir e Bréif opzesetzen un d’Adress vum Staatsminister:

De Regierungskapitän soll sech also d’Saach nach eemool duerch de Kapp goe loossen, wëll heeschen, soll seng Meenung änneren! Et géing sech hei ëm e flagrante Fall vun Interessekonflikt handelen! Dësen oppene Bréif vun der ganzer politescher Oppositioun ernimmt mat kengem Piipcheswuert d’Aktioun vun der Ministesch a Saachen AirBnB. Ma do schéngt d’Situatioun jo kloer ze sinn ewéi Boulette’s-Zopp, oder?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *