Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Neiduerfer Drama: nächst Kapitel 

Neiduerfer Drama: nächst Kapitel
tageblatt.lu

 

Eleng d’Tatsaach, datt mäin éischten Artikel iwwer 3000 mol gelies gouf, weist, datt d’Accident am Neiduerf esou muncher engem ënner d’Haut goung. Vill kommentéiert gouf déi exzessiv Vitesse. Op deem Punkt kéint et en neien Ament ginn. Ech kréien nämlech ëmmer méi dacks aus den Alentouren vun den Enquêteuren ze héieren, datt de Chauffeur kuerz virum Ongléck e béise Malaise hat, méiglecherweis en Häerzinfarkt.

Vun anere Säiten verlauschtert een, datt dee 64 Joer ale Mann bekannt war als e gedëllege Mënsch, alles aneschters ewéi e Rowdy op der Strooss. Hie soll awer e Méindeg mat iwwer 160 an de Virgäertchen gerannt sinn! Sou wéi een dës Persoun beschriwwe kritt, mécht d’Explikatioun vun engem Malaise duerchaus Sënn.

Sollt sech dat confirméieren, eriwweregt sech eng ëffentlech Diskussioun iwwer dëst grujelegt Ongléck. Dat gehéiert dann an d’Kategorie Risk vum Liewen. Do hëlleft keng rout Luucht, kee Radar! Trotzallem sollt een d’Geleeënheet notzen fir iwwer des geféierlech Bifurcatioun ze schwätzen. Et geet hei ëm d’Exzesser! D’Sécurité routière huet dat falsch verstanen a koum direkt mat der Fuerderung, datt d’Vitesse an den Uertschaften misst op 30 kmh limitéiert ginn. Wa jiddereen sech géing un déi ablécklech 50 halen, wär jo alles an der Rei. Dat allerdéngs ass op dëser Plaz absolutt net de Fall. Schonn den Dag nom Accident ass nees massiv gebriedert ginn, besonnesch d’Taxi sinn dacks sportlech ënnerwee.

Vum ale Findel erof sinn vill Automobilisten mat iwwer 120 ënnerwee. Kuerz virum Agank fir an d’Neiduerf ass d’Strooss wuel méi enk gemaach, mä och dat gëtt vu muncher engem just als Erausfuerderung am Lëtzebuerger Rallye betruecht. D’Awunner op där Bifurcatioun sinn zanter Joer entsat, si iergeren sech! Wuelverstanen net iwwer Vitessen vu 60, 70 KmH, mä vu wäit driwwer, an zwar an deenen zwou Direktiounen. Virun iwwer 20 Joer waren op déi Manéier zwee Jugendlecher op där nämmlechter Plaz tragesch ëm d’Liewe komm!

Wann een da weess, datt 25 Prozent vun den Avertissements taxés op eng Vitesse vun 51 kmH zeréckzeféiere sinn, da rëselt een de Kapp. Null Toleranz ass ëmmer en Zeechen vun Dommheet!

“…Brauch den Neiduerf eng Biergerinitiativ…?”

D’Awunner op där Kräizung kéinten sech elo zesummendoen. Éischt Gespréicher sinn um Lafen. Mä wien gëtt hire Gespréichspartner? D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer oder den Transportminister François Bausch? Déi laang Neiduerfer Träip ass eng Nationalstrooss a fält ënner d’Kompetenz vu Ponts-et-chaussées. Also Bausch. D’Gemeng Lëtzebuerg ka just fuerderen, näischt eleng decidéieren. De Knuedler gouf direkt den Dag nom Accident e Bréif un de Minister eraus, fir op en Neits d’Installatioun vun engem Radar ze verlaangen.

Wann dat méiglech ass an der entrée/sortie vun Hollerech, da muss dat och dra sinn am Neiduerf! D’Gemeng huet wéi gesot dat schonn méi dacks gefrot, geschitt ass bis dato näischt. Villäicht deet sech jo elo eppes!

“…an dann hat do een d’Fro opgeworf….”

…ob et net sollt verbuede ginn, de Bus beim Arrêt ze iwwerhuelen. Dovunner ofgesinn, datt dat laut dem Code de la route erlaabt ass, géing esou e Verbuet zu engem dramatesche Chaos am Verkéier féieren. De Minister Bausch hält u senger Iddi vun den Ausbuchtungen fir d’Busser fest. Op déi Manéier steet de Bus breet an der Strooss an et ass geféierlech fir ze iwwerhuelen. Also verbidden? Neen, nëmmen net! Och hei ass den Neiduerf e gutt Beispill.

Direkt hannert där Kräizung sinn nämlech op béide Säiten zwee Bus-Arrêt, een dovunner mat Ausbuchtung, een mat Abuchtung. Bei deem Leschten kann den Auto ouni Problem laanscht fueren, bei deem Éischten gëtt et schonn méi delikat. De Fall gesat, d’Iwwerhuelen gëtt verbueden an et entsteet eng Autoschlaang vun e puer Kilometer!

Besonnesch am Beruffsverkéier kommen nämlech vum Findel a vun der Kalchesbréck Autoen am Sekonnentakt erof. De Bus hält 1 Minutt (strikte Minimum) a schonn stinn hannert him eng 30 Persouneween. De Bus fiert 500 Meter weider op den nächsten Arrêt, 30 Autoen gedëlleg hannendrun. Ma bei deem Arrêt stoussen jo déi nächst 30 Ween bäi. Also 60! Bis a Clausen erof 8 Arrêt ass gläich 240 bleche Kutschen!!! Net ze vergiessen, datt 3 verschidde Buslignen duerch den Neiduerf juppelen! E bësselchen ze vill Verkéiersberouegung, neen!?

Déi Ausbuchtung fir de Bus-Arrêt ass gréng Ideologie. Och déi ka mol nieft der Plack leien. Et muss een et just zouginn! Besonnesch Hierësseg ass et wann den Dag iwwer déi Bussen quasi eidel sinn. Hei geet et souwisou net ëm Ideologie, ma ëm Pragmatismus fir Mënscheliewen ze retten. Fränz! Gëff Gas!

Related posts

2 Comments

  1. Ludovicy Pascal

    Herr Kaiser
    Esou wie dir die Situatioun hei beschreiwt sin dat jo schon kriminell zoustänn.
    Do giff op der Streck do een Streckenradar schon sein Senn erfellen.
    Et stin viel Radaren op Platzen wou se absolut neischt zur Verkieherssecherheet beidroen,dofir versteht een och Meenung die enner den Leit kuseiert vum Abzocken.
    Ech hoffen dass den Fränz angeseiht dass den do Radar net vir neischt wir

  2. Jean Schmit

    D’Sécurité Routière mam Här Hammelmann trëtt dann ëmmer op wann eppes geschitt ass, fir och e beschen Opmierksamkeet ze kréien. Wéi den GK beschriwwen huet bréngt dat wahrscheinlech guer näicht wann et net kontrolléiert an sanctionnéiert gëtt. Esou 30er Zonen sinn eigentlech en schlechten Witz, ech kann iech Strossen zu Esch nennen déi offiziell eng 30er sinn, mee wou awer iwwer den Dag verdeelt gebriedert gëtt. Do wees och den Buergermeeschter Bescheed, grad wéi d’Police déi alleguer vun den Awunner aus enger Strooss en Mail kréien fir se erneit op den Problem opmierksam ze maachen. Vun dohir sinn esou Tempo 30 Fuerderungen um Ufank den Pabeier an déi spéider Farw um Buedem an den Blech vun den Schëlder net wäert. Wann dir esou eppes maachen wëllt, dann kuckt och duerno dass et agehalen gëtt soss ass et weideren Witz an der Verkéierspolitik wou d’Awunner just nach den Kapp rësselen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *