Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Frank Bertemes: Abstrus Iwwerleeungen 

Frank Bertemes: Abstrus Iwwerleeungen
Luxtram

 

Et ass absolut legitim seng Gedankegäng iwwer de Sujet vun der doucer Mobilitéit ëffentlech ze maachen, dat steet ausser Fro.  Mä sou, wéi dat an engem rezente Lieserbréif am Wort praktizéiert ginn ass, sou muss ee sech dann awer gewësse Froe stellen. Besonnesch bedenklech ass dobäi d’Tatsaach, datt verschidde Leit – an där ginn et am Ländche leider nach ze vill – anscheinend Verschiddenes ëmmer nach net verstanen hunn. Datt déi modern Form vun der Mobilitéit, déi sech am Begrëff vun der „doucer Mobilitéit“ ausdréckt,  natierlech polariséiert an net jidderengem gefällt, ass evident.

Besonnesch awer reizt et déi Zäitgenossen, déi ëmmer nach am léifsten all  Meter „Mobilitéit“ géife mat hirem Auto maachen. Datt do den ëffentlechen Transport, de Vëlo an d’Zufoussgoen, eben déi hei thematiséiert „douce Mobilitéit“,  als Alternativen zum Lëtzebuerger sengem léifste Kand, dem Auto, net jidderengem gefalen oder kritesch kommentéiert ginn, verwonnert keen. Trotzdeem muss en awer d‘ Fakten unerkennen an dem Verbreede vun abstrusen Iwwerleeungen, wéi dat an engem rezente Beitrag am Wort  via Lieserzouschréft gemaach ginn ass, däitlech widderspriechen.

CFL

De Minister Bausch, als Mann fir den Tram vun der éischter Stonn, geet sécherlech als dee Minister vun der Schinn an d’Geschicht an. Säin Asaz fir d’Bunn, souwuel fir de klasseschen Zuch, wéi och fir  den Tram, deen am Joer 1964 aus onverständleche Grënn ofgeschaaft gouf, ass vun absoluttem Succès gekréint. Ouni säin iwwerzeegend an ëmmer rëm vun enger remarkabeler Gedold mat absolut zilorientéierter Politik  gepräägtem Engagement, besonnesch fir d’Saach vum Tram oder enger moderner Stadbunn, déi Enn vun den 1980er Joren vun där deemoleger AG Verkéier vun der GAP mat der Iddi vum „Tram fir d’Stad“ hiren Ursprung hat, awer och säin Asaz fir de Velo, wäre mir haut hei am Ländchen längst am Automobillen Immobilismus vun Autoen a Bussen mat alle Konsequenzen gelant a verkéierstechnesch ënnergaangen. Dat muss mol, bei aller aktueller Kritik u grénger Politik, déi u sech duerchaus legitim ass, gesot ginn. `t wär absolut irresponsabel gewiescht, eng scho bal reaktionär Autos-Politik hei am Ländche virunzeféieren a riicht op den Dauerstau an den absolute Verkéierschaos an der Stad hinzesteieren. Bedauerlech ass, wann ee selwer als deemoleg Engagéierten a Member vun der Stater Verkéierscommissioun erlieft huet, wéi souwuel d’DP, wéi och déi Stater CSV (dat nom Doud vum Tram-Fan a glafwierdege Politiker Willy Bourg) an natierlech och den ADR,  déi den Zuch wollt ënnert der Stad verkéiere loossen,  géint dee Projet Tram Stuerm gelaf sinn, da weess een,  wéi falsch d’Politik a gewësse Politiker oft kënne sinn. Nom Ofliewe vum ernimmten CSV-Politiker Bourg war dunn den CSV-Stadverband decidéiert géint den Tram. Ech konnt selwer erliewen, wéi besonnesch de Politiker Mosar vu sech ginn huet, datt „mir“ – dat heescht d’CSV als Partei- zwar net géint den Tram, awer (Zitat) „net duerch d’Stad“ wären….Also eng Bimmelbahn ronderëm d’Stad? Wat soll sou ee Blödsinn? An haut héiert een déi selwecht Leit, sech selwer fir de „Succès“ vum Tram ze felicitéieren – sou fonctionéiert nu mol eis Politik. Fräi nom bekannte Motto: Wat intresséiert mech mäi Gebraddels vu gëschter? Oder och: Mir schummen eis ni!

Luxtram

Duerfir awer haut een engagéierte Minister an och déi vun him propagéiert „Mobilité douce“ esou unzegräifen, ass scho bal net ze gleewen. Méi wéi ee Verkéierswëssenschaftler – deenen ech selwer am In- an Ausland konnt nolauschteren a mat deenen ech hunn dierfen diskutéieren –  an och  soss unerkannte Verkéiersexperten  hunn zu där Zäit an diverse Konferenzen op d’Wichtegkeet vu deene  schinnegebonnen Transportmëttel, wéi och vum Vëlo , als déi grouss Léisungen  fir eis Transportproblemer hei am Land higewisen.  Eng intelligent Verkéierspolitik geet am Sënn vu Landesplanung, Urbanismus an Ëmweltpolitik eeben nach vill méi wäit wéi „nëmmen“ d‘ Mobilitéit u sech, an ‘t ass dat, wat verantwortungsbewosst Politdenken an entspriechend Handelen ausmécht.

Bei aller Kritik un dëser Regierung muss een objektiv feststellen, datt si hir Aarbecht an deem Sënn absolut gutt gemaach huet. ‘t kann ee just hoffen, datt eis EU-wäit richtungsweisend Transportpolitik konsequent an deem Sënn weidergefouert gëtt.

Dat si mir eis selwer, besonnesch awer deene kommende Generatiounen aus méi wéi enger Ursaach schëlleg!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *