Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Schwaarz-Gréng! Wierklech? 

Schwaarz-Gréng! Wierklech?
image credits:pixabay

Verschidde Medien maachen sech et einfach. D’Innepolitik gëtt ignoréiert, an deem Sënn, datt just offiziel Pressekonferenzen vun de Parteien couvréiert ginn an och d’Plenarsëtzungen an der Chamber, sech awer séier wéineg ëm Hannergrondinformatiounen gekëmmert gëtt; da kënnt beemol, wéi aus dem Näischt,eng Meenungsëmfro a scho steet déi nei Regierung fest. Dem leschte Politmonitor no géing et tatsächlech schwaarz-gréng ginn, an zwar well d’CSV géing säfteg wannen an déi Gréng sech géingen gutt halen. Esou einfach ass Politik awer net!

image credits:pixabay

Fir datt des Konstellatioun iwwerhaapt méiglech gëtt, muss d’CSV tatsächlech kräfteg wannen (+3) an déi Gréng mussen sech op d’mannst halen. Béides steet an de Stären! D’CSV wäert Mandater derbäi kréien, ma et mussen der jo net gläich dräi sinn; bei deene Gréngen bleiwt de Bezierk Norden ofzewaarden, wou de Claude Turmes de verstuerwenen Camille Gira huet mussen ersetzen; an och den Zentrum, wou eng Viviane Loschetter net méi kandidéiert.Ma egal wéi léist sech Politik net just oop Arithmetik limitéieren..

De Fall gesat, et kënnt esou wéi déi politesch Wiederpronostikken et virausgesinn. Dann huet d’CSV de choix a kéint duerchaus matt Gréng an d’Koalitiounsbett klammen. Deen Ament muss gekuckt ginn, op wéi enge Punkten déi Schwaarz an déi Gréng politesch op enger Linn leien, zum Beispill wat d’Finanzen ugeet, d’Economie. Do ginn et duerchaus grouss Diskrepanzen, et sief déi Gréng schlécken alles, nëmmen fir beim Regéieren kënnen derbei ze sinn an nach eng Dosen Tramsarrêt däerfen opzemaachen.

Fir datt d’CSV ka bäigewannen, mussen Roud a Blo verléieren. Sollt d’DP keng dräi Mandater, ma der nëmmen 2 verléieren, géing si wuel matt zu de Verléirer gehéieren, ma wär matt 11 Sëtz ee méi staarke Koalitiiounspartner a léich op ville Punkten op enger Linn matt der CSV. Bei deene Rouden ass et méi komplizéiert: fir si gëtt e Verloscht vun 4 Mandater virausgesot; sollten et der och nëmmen 3 sinn, géing fir si kee Wee laanscht d’Oppositioun goen. Ma et sollt een weder d’Demokraten nach d’Genossen ënnerschätzen: déi lescht Meter am Wahlmarathon wäerten et a sech hunn. Blo a Rout wäerte keng Geleegenheet verpassen, fir op déi gutt Aarbecht an de leschte Joer hinzeweisen. Domatter kënnten si de Schued a Grenzen haalen a bliffen allebéid -DP méi wéi LSAP- e potentielle Koalitiounspartner.

image credits: Sam Tanson/Twitter

Ma déi Gréng si schonn am gaangen, sech nei opzestellen.Et muss ee soen, datt déi éischter kleng Partei personalméisseg bis ewell am Beschten do steet, esou gutt fir de Fall vun enger Regierungspartizipatioun wéi och fir eng eventuell Oppositioun. D’Sam Tanson gouf fécks aus dem Staatsrot erausgeholl an an d’Chamber plasséiert. Si ass gréng vum Kapp bis an d’Schongsuel, ma zugläich politesch flexibel genuch, fir eng eventuell Koalitioun mat der CSV iwwerhaapt méiglech ze maachen. De 25. Juli soot si an der Plenarsëtzung un d’Adress vum CSV-Mann Laurent Mosar:”Ech fannen, datt mir gutt eens ginn”. Dat léisst déif blécken. D’Madame Tanson, eng absolutt Muechtpersoun a weiblecher Versioun, sollt allerdéngs gutt ooppassen, datt et hier an hirer Partei op nationalem Plang net esou argeet, wéi zejoert an der Stad Lëtzebuerg no de Gemengewahlen. An der Haaptstad waren déi Gréng an der Wiélergonscht esouguer nach ganz liicht geklommen, an nawell huet nach um Wahlowend selwer d’DP-Buergermeeschtech Lydie Polfer Koalitiounsverhandlungen matt der CSV ugekënnecht an domatter déi Gréng an de Motzeck gestallt.

… de politeschen an och de perséinleche Broch tëscht DP an déi Gréng ass total …

Offiziell gouf gesot: d’CSV huet kräfteg derbei gewonnen, dofir kann ee si net ignoréieren; inoffiziell krut ee ganz aner Saachen ze héieren, an haut esouguer nach bedeitend méi dacks wéi virun de Kommunalwahlen: déi Gréng wären extreem arrogant, onflexibel, géingen nëmmen fir hier Wieler schaffen, an net fir d’Vollek. De politeschen an och de perséinleche Broch tëscht DP an di Gréng ass total!An déi Rout hu sech déi Gréng och scho längst virun d’Flënt gestallt.Etienne Schneider an Nicolas Schmit ruffen zum Hallali! Déi Gréng missten sech also ganz séier schosssécher Kleeder besuergen.

An der CSV selwer ginn et mengen Informatiounen no méi Deputéierten, déi sech d’DP als Koalitiounspartner wënschen ewéi déi Gréng. Aehnlech bei den CSV-Wieler. De 14. Oktober huet d’Vollek et an der Hand, fir ze decidéieren.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *