Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Eng vergaddert Finanzplaz fir Lëtzebuerg? 

Eng vergaddert Finanzplaz fir Lëtzebuerg?
Luxemburger Wort

Esou kuerz virun de Parlamentswahlen ass d’Finanzplaz Lëtzebuerg diskret wéi ëmmer a mécht just liichten Drock op d’Politik. Dobäi kéint si ganz aneschters! De Finanzsecteur – an der Haaptsaach Banken, Assurancen an Investmentfongen- schaaft massiv Aarbechtsplazen: 65.000! Net schlecht, ma et kënnt nach besser: 23 Prozent vun eisem PIB kommen direkt aus dem Finanzsecteur, bei der kommunaler Betribssteier sinn et esou guer 70 Prozent!. Eis Wirtschaft, eise Wuelstand sinn also a kompletter Ofhängegkeet vun deem Secteur. Och de Sozialstaat liewt vun hir! Schued, datt net méi doriwwer geschwat gëtt.

Déi Responsabel wären méi domm wéi d’Police et erlaabt, wann si virun de Wahlen, also och virun engem méiglechen Regierungswiessel net géingen op sech opmierksam maachen. Bis ewell allerdéngs ouni groussen Tam-Tam, ouni Optrëtter an der Ëffentlechkeet. Hire “Fuerderungskatalog” hunn si via PROFIL un déi politesch Welt weiderginn. An där Federatioun fënnt een Bänker, Leit aus den Investmentfongen, vun Assurancen, private equity, Affekoten, Comptabel, Reviseuren, Vertrieder aus der Handelskammer, vu Clearstream a vun der Bourse. Och hei gëtt net an der Ëffentlechkeet doriwwer geschwat.

luxembourg for finance

All dës Leit kéinten mat hirem ekonomesche Gewiicht enormen Drock maachen op d’Politik, ma nom Motto een-brauch-deen aneren bleift ee léiwer diplomatesch. Esou liest sech och de Fuerderungskatalog. Et muss ee méi tëscht den Zeile sichen ewéi an de Buschtawe selwer, besonnesch wann ee weess, datt Vertrieder vun der schwéierer Ekonomie – an dësem Fall vun der Finanzplaz- net onbedéngt déi néideg Ënnerstëtzung vun der Regierung kréien. Dat gëllt fir d’Wirtschaft am allgemengen a fir d’Finanzplaz am speziellen.

An esou schreift dann PROFIL brav an de Katalog: perte de compétitivité par rapport aux autres juridictions. Iwwersat: d’Konkurrenz aus dem Ausland schléift net! De Secteur freet fir de Steiersaz vun de Gesellschaften op d’Moyenne erofzesetzen vun den EU/OECD-Länner, also op 20 Prozent. Deementspriechend sollt och d’Taxe d’abonnement ëm 2 Basispunkten no ënnen ajustéiert ginn. Dat sin essenziell Fuerderungen.

Wat vu béide Säiten – also vu Profil a vun der Regierung- schéin ënner der Decke gehale gëtt: d’Finanzplaz wënscht sech eng deelweis Lasskoppelung vum Index. De Prozentsaz sollt ofhängeg sinn vum Gehalt. Wien wéineg verdéngt, kritt d’Indexupassung komplett, wien vill verdéngt, kritt guer näischt:

€ 0-x = Index vun 2,5 Prozent

€ X-X1 = Index vun 1,25%

Wien iwwer € X2 läit geet eidel aus

Do ass natierlech genuch Sprengstoff dran, fir d’Politik komplett duerchzerëselen! Wat fir eng Partei geet do schonn drun? Wuel keng Partei déi nom 8. Oktober wëll an der Regierung sëtzen. Nei ass et iwwregens net. An der CSV waren an der Zäit esou Diskussioune gelaf, woubäi een ni richteg wosst ob et deene Leit tatsächlech eescht gemengt war. Dobäi ass den Index a méi ewéi enger Hisiicht sozial ongerecht a mist eigentlech vu Politiker thematiséiert ginn, deenen hiert Häerz net aus enger Zill besteet.

luxembourg for finance

5380 Milliarden Euro sinn an den Investmentfongen gebunkert. Do reift een sech d’Guckelcher! An nawell geet eisen Undeel bei de UCITS vu 75 Prozent erof op 55. Alarmant!  Irland a London sinn d’Haaptkonkurrenten, ma kee Wuert dovunner an der Ëffentlechkeet. Deene meeschte Wieler dierft den Numm vun der Finanzministesch onbekannt sinn. PROFIL schreift wéi gesot vun enger perte de compétitivité par rapport aux autres juridictions. Méi sober geet et net. D’Schëff riskéiert ënnerzegoen an d’Regierung spillt op der Gei!, gëtt Suen aus.

D’Lëtzebuerger Politik misst sech also méi fir d’Finanzplaz interesséieren. Gambia allerdéngs geet vun engem Selbstläufer aus. Dofir d’Fuerderung vun PROFIL: développer une stratégie pour défendre les intérêts du Luxembourg. Méi kamëss formuléiert: Schluss mam pilotage à vue vun der Regierung! Politik a Finanzwelt sëtzen am nämmlechte Boot a mussen zesummen an déi nämmlecht Richtung rudderen.

Europäesch Direktiven mussen vill méi séier an nationaalt Recht ëmgesat ginn. Dat war virun 25 Joer de Fall mat den Investment-Fongen, wouduercher de Grand-Duché bannent e puer Joer an deem Segment Leader an der Europäescher Unioun gi war. Wat fréier richteg war, ass haut net falsch. Ma et feelt bei Gambia um néidegen Interessi fir d’Finanzplaz, vun engem Plang net ze schwätzen!

Et geet net duer um Biberon ze suckelen, et muss een d’Fläsch och opfëllen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *