Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Huet de Bréifdréier och beim Filmfong zweemol geschellt? 

Huet de Bréifdréier och beim Filmfong zweemol geschellt?

 

Éischter iwwerraschend koum a Saache Filmfong vun der CSV eng question parlementaire urgente. D’Partei – virop hir Deputéierten Felix Eischen an Diane Adehm- preparéiert sech op d’Sëtzung vun enger parlamentarescher Kommissioun dëse Méindeg, wou den Direkter Guy Daleiden invitéiert ass fir d’Kritiken vum Rechnungshaff aus senger Siicht ze explizéieren. Net ze vergiessen, datt den Här Eischen d’Suspensioun vum Direkter frot! Wat grad esou eng Iwwerraschung ass.

film fund

Déi zwee Volleksvertrieder wëlle wuel näischt ubrenne loossen ëmsou méi wou den zoustännege Kommunikatiounsminister Xavier Bettel net fir deen nämmlechten Dag an d’Kommissioun geruff gouf. An esou soll iwwer de Wee vun enger Drénglechkeetsfro e spezifesche Punkt gekläert ginn.

Monsieur Fernand Etgen

Président de la Chambre

des Députés

 

Luxembourg, le 22 novembre 2022

 

Monsieur le Président,

 

Conformément à l’article 81 du Règlement de la Chambre des Députés, nous souhaiterions poser une question urgente à Monsieur le Ministre des Communications et des Médias.

 

Le fonctionnement du « Fonds national de soutien à la production audiovisuelle » (le « Film Fund ») a fait l’objet de nombreux débats ces dernières semaines notamment suite à la publication du « Rapport spécial portant sur le Fonds national de soutien à la production audiovisuelle » de la Cour des comptes. Le directeur et la présidente du conseil d’administration du Film Fund sont d’ailleurs invités lors de la réunion de la Commission du Contrôle de l’exécution budgétaire le 28 novembre 2022.

 

Dans ce contexte, nous voudrions poser les questions à Monsieur le Ministre des Communications et des Médias :

 

  • Est-ce qu’un rapport, analyse ou autre document écrit portant sur le fonctionnement du Film Fund a été réalisé sur demande d’un ministère ?
  • Dans l’affirmative, quel ministère a fait cette demande et dans quel objectif ?
  • Dans l’affirmative, est-ce que la Chambre des Députés peut avoir accès à ce rapport ?

 

Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de nos salutations distinguées.

 

 

Félix Eischen                                                Diane Adehm

Député                                                          Députée

 

Dee spezifesche Punkt ass eng Rumeur, déi op der place publique kolportéiert gëtt. Fréier gouf een esou Genëschels am versoffene Rousekranz oder um beschassenen Eck gewuer, haut muss een tëscht Knuedler a Krautmaart ënnerwee sinn. Ech krut also déi nämmlecht Rumeur zu Oueren: virun net all ze laanger Zäit wär en zweete Rapport iwwer d’Situatioun am Film-Fong gemaach ginn. Een (eng) héijer(e) Regierungsbeamten(*in) hätt sech dorëms gekëmmert an et wieren och eng Partie Interviewen mat Leit aus der Filmzeen gefouert ginn.

Keng Iwwerraschung ass, datt des parlamentaresch Fro net den Drénglechkeetscharakter unerkannt krut. Dat bedeit, datt sech d’Äntwert vum Minister am normale Rhythmus an den nächste Wochen eréischt ze erwaarden ass. Dat bedeit awer och, datt déi Rumeur grad esou laang gehandelt an deementspriechend interpretéiert gëtt.

Wann et esou een zweeten Audit sollt ginn, firwat gouf d’Resultat net ëffentlech gemaach? Wär d’Resultat gutt gewiescht, wär de Staatsminister domadder begeeschtert an d’Ëffentlechkeet gaangen. Dat ass bis ewell net de Fall. Also kann d’Resultat just negativ sinn! Wéi gesot, just eng Rumeur. Fakt ass awer, datt déi zoustänneg Persoun hire Posten als Regierungsconseiller verlooss huet an an der Privatwirtschaft schafft…an dat mécht een jo och net einfach esou vun haut op muer.

Do gouf vum Premier eng gutt Geleeënhet verpasst, fir gläich ze dementéieren!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *