Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Schnoken

Matt 30 Kmh an den Doud 

Matt 30 Kmh an den Doud

eng Zone 30 virun der Hausdir ass eng fei Saach ! Et huet ee seng Rou an et brauch ee sech keng Gedanken ze maachen, wann d’Kanner um Trottoir spillen.

De Probleem ass awer, datt kee sech drun hällt.

Ech fuere reegelméisseg duerch de Paafendall, dofunner 625m Zone 30. Ech hale mech konsequent drunn a muss gestoen, datt et mir allkéiers ewéi eng hallef Eiwegkeet virkënnt. Egal! Ech kutschéieren matt 30…a sinn deen eenzegen, oder bal! Ech ginn alt mol iwwerholl, ech kréien vun hannen gedréckt, mat engem Ofstand vun engem hallwe Meter, eng Kéier esouguer vun engem Polissewoon.

Dees Läscht hunn ech mat 30 e Vëlofuerer iwwerholl: no 20 Sekonnen wor ech op der Héicht vu sengem hënneschte Rad ukomm, no 40 Sekonnen vu sengem viischte Rad an no enger Minutt huet de Mann mir Zeeche gemaach, hie géng mech laanscht loosen. Ech wor korrekt annerhallwe Meter laanscht hie gefuer, war also op där lénker Säit vun der Strooss. Ech hat fir déi Minutt de Géigeverkéier net mat aberechent….ausgerechent dunn koum en décke Camion….!

Image Credits: pixabay.com

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *