Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

100 Euro méi am Mindestloun? Awer net fir jiddereen! 

100 Euro méi am Mindestloun? Awer net fir jiddereen!
Image par PublicDomainPictures de Pixabay

gläich gëtt et ee Joer, datt de Mindestloun ëm 100 Euro gehéicht gouf. Et gouf zwar nach e bësselche polemescht Gepiddels ronderëm d’Fro, ob déi 100 sollten netto oder brutto sinn, ma eng Eenegung gouf fonnt, an d’Decisioun huet deene ville Betraffene gutt gedoen. Wann een am Mindestloun ass, sinn 100 Euro vill Suen! An et war vu vir eran kloer: déi 100 si fir jiddereen. Leider gëtt et do eng Ausnahm, a si trëfft déi nu wierklech am schwaachste sinn an eiser Gesellschaft, nämlech déi Behënnert. Zwar kruten all déi handikapéiert Persounen och déi 100 Euro bäi, awer nëmmen op den éischte Bléck wierklech alleguerten!

et ass mol den Ënnerscheed ze maachen tëscht Behënnerten déi doheem wunnen a liewen an deenen, déi an enger Struktur , an engem atelier protégé versuergt ginn; dat kann ob engem Choix baséieren vun den Elteren, vum Tuteur, dat kann awer och vun der Behënnerung selwer ofhänken. Déijéineg, déi doheem sinn, kommen an dësem Fall besser ewech! Wéi gesot, all RPGH (revenu pour personnes gravement handicapées) konnten vun där Hausse vum Mindestloun profitéieren. Fir Leit, déi doheem liewen, bedeit dat eng Hauss vun 100 Euro minus d’sozial Chargen = 76 Euro netto. Sécher net der Deiwel, ma et hëlleft, well déi Leit kréien en Täschegeld, wann ech dat esou däerf nennen , e montant imunisé vu ronn 690 Euro.

och déi aner Handikapéiert, déi an enger Struktur schaffen a liewen, kruten dës Zomm. Bossegerweis goung awer zum nämmlechten Ablack de Pensiounspräis vun der Struktur ëm deen nämmlechte Betrag an d’Lut, sou datt fir dës Leit déi 76 Euro futsch sinn. Mat deenen 690 Euro “Täschegeld” mussen déi Behënnert eens ginn, fir sech Gezai a Schong ze kafen – dacks méi deier wéi bei engem Net-Behënnerten-, Doktesch- an Apdiktrechnungen ze bezuelen, sech Klengechkeeten fir d’Fräizäit ze leeschten an eventuel eng Rees ze plangen.

Natiirlech kënnen d’Elteren asprangen, ma et gëtt och där, déi sech dat net esou ouni Weideres leeschte kënnen. An Elteren sinn net éiweg do. Mécht en Tuteur sech déi nämmlecht Gedanken, ewéi deen Eltrendeel, deen sech mat mir a Verbindung gesat huet?! Et soll och schonn déi eng oder aner Interventioun am Familljeministère ginn hunn, geschitt ass bis dato näischt. Et gi sécher méi grouss Ongerechtegkeeten, ma an dësem Fall deet se wéi, well se grad déi Behënnert betrëfft!

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *