Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Gréng Duebelmoral 

Gréng Duebelmoral
Image par David Mark de Pixabay

 

déi Gréng hunn et bei de Pafen ofgeluusst an d’Moral schonn zanter 3 Joerzéngten fir sech gepacht. Déi Gréng setzen sech an fir Mënscherechter, fir Vëlospisten a fir Beem. Dat féiert munchmol zu Kollateralschied.

Zanter Joer gëtt an der Gemeng Lëtzebuerg eng Diskussioun gefouert, fir dem Quartier Lamperbierg endlech och eng Vëlospist ze verpassen. Déi Gespréicher hate schonn ugefaangen, wéi déi Gréng nach an der knuedelerianescher Majoritéit souzen a konnten elo vun där verhaasster blo-schwaarzer Majoritéit no “x” Biergerversammlungen ofgeschloss ginn: den Tracé vun der Vëlospist steet!

Dee grénge Quartier kéint also opootmen. Ma d’Geschicht wär jo net schéin wa si keen Hoken hätt. Fir deen Tracé wéi geplangt kënnen duerchzezéien, musse leider e puer Beem ëmgehae ginn. Déi Liberal an déi Chrëschtlechsozial sinn net méi domm ewéi de Gebrauch a proposéieren, déi Beem op enger anerer Plaz als Kompensatioun nozeplanzen. Si goufen esou hire Projet am Ëmweltministère eran a goufen enttäuscht.

De Ministère huet nämlech schrëftlech säi Refus fir d’Pist eraginn. Beem ofholtzen, dat geet guer net! Ausser natierlech, wann et fir den Tram ass. Do kann duerchaus mol eng ganz Scheffer-Allée mat zwou Dosen Beem vu 50 Joer dru gleewen; grad esou e puer Joerhonnertbeem laanscht den Nikloskierfecht oder op der Gare an der Neier Avenue, wou ënnert anerem fir den Tram 49 Platanen an 23 Kiischtebeem wéi duerch Gotteshand verschwonne sinn….an nees nogeplanzt goufen. De Refus vum Ministère dréit gelungenerweis net d’Ënnerschrëft vun der Madamm Dieschbourg, ma just déi vun engem Conseiler.

D’Lamperbierger wäerte wuel vu Begeeschterung an d’Hänn klappen.

dat anert Beispill betrëfft d’Iwwerwaachungskameraen an der Stad, op der Gare an zu Bouneweg. De Stater CSV-Tandem Mosar/Wilmes mécht sech an enger parlamentarescher Fro e gellege Spaass draus, ze beschreiwen, wéi sech zwee Gréng Minister een deem aneren an d’Genéck bäissen.

Den Henri seet also eppes aneschters wéi de Fränz, a wann guer näischt méi geet, léisst een eng Ëmfro maachen. Dobäi waren där Kamera schonn de 15. Juni 2018 decidéiert ginn, also zu engem Moment, wou déi Gréng nach mat un de Schalthiewelen um Knuedler souzen. Vorwärts, Kameraden! Wir fliehen!

An elo wëllen déi zweee Schwaarzer och nach wëssen, datt den Tramschapp-Minister där Iwwerwaachungskameraen an den Tram selwer wëllt installéiere loossen an esou guer op de Quaien vum Tram. Gelungen Astellung: wat op der Plaz vum Léon den XIII virun der Bouneweger Kierch net méiglech ze si schéngt, gëtt Ratz-Fatz fir den Tram duerchgebaatscht.

Zuerst kommt das Fressen, dann die Moral, heescht et beim Bertolt Brecht. Wat esou vill heesche wëll, ewéi: mat eidelem Mo léisst sech schlecht nodenken. Déi Gréng sëtzen scho méi laang beim Trach a schéngen de Krapp ëmmer nach net voll genuch ze hunn…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *