Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

RTL: Krichserklärung un d’Regierung?! 

RTL: Krichserklärung un d’Regierung?!
Image par Loren Elkin de Pixabay

 

et gesäit ganz duerno aus, wéi wann RTL seng Roll als Staatssender midd wier. Villäicht nach net de ganzen RTL, ma awer op d’mannst de Radio. Ech hat schonn um Ufank vun der Pandemie drop higewisen, datt de chef de cabinet am Staatsministère, Paul Konsbrück mat RTL e mëndlechen Accord ausgehandelt hat, am genre: RTL kritt Informatiounen iwwer de Verlaf vun der Viruskrankheet als éischte Media a steet an der Konterpartie stramm op der Linn vun der Regierung! Journalistesch en no-go! Dat schéngt elo och de Chefredakter Roy Grotz (endlech) anzegesinn.

Eng éischt Iwwerraschung war gëschter op der Antenne ze verlauschteren, wéi d’Redaktiounskolleegin Annick Goerens mat engem grad esou excellenten ewéi kritesche Commentaire koum iwwer d’Vaccinatiounscampagne zu Lëtzebuerg. Bannent 10 Méint e Commentaire ob RTL, wou d’Regierungspolitik journalistesch hannerfrot gouf! An de Roy Grotz huet haut eng déck Schëpp nogeluecht.

Iwwerschriwwen ass säi Commentaire esou:

“Bleif Doheem”: méi Virbildfunktioun manner Moralapostel

Fir net laang ëm de Bräi ze schwätzen: de Mann mengt, ëmmer méi Bierger wieren ës midd, sech un eng Partie Restriktiounen mussen ze halen, déi nëmme schwéier nozevollzéie sinn. Zitat: ” Ech hunn es genuch mat emotionellen Appeller un de Mënscheverstand an un d’Solidaritéit. D’Leit si solidaresch, mä loosse sech net fir domm verkafen, wa se gesinn, datt vill Mesuren nëmme plakativ sinn an net onbedéngt méi daachen, wéi eng Plooschter op en hëlzent Been.” Boufdeg! Déi sëtzt!

An dann adresséiert sech de Radio-Chefredakter direkt un de Regierungschef: ” Abee, Här Staatsminister, d’Leit am Land, Är Matbierger, hunn es ewell laang genuch a verstinn zum Beispill nëmmen nach schwéier, wéi et da méiglech ass, de “Bleif Doheem a Feier Chrëschtdag anescht” ze héieren an dann ze wëssen datt sech Regierungsmemberen an d’franséischer Haaptstad, op d’franséisch Côte oder och op Gran Canaria verzéien, fir sech op d’mannst do kënnen e bëssen vum Covid-Stress z’erblosen”.

De Roy Grotz thematiséiert dat, wat zanter 48 Stonnen als Rumeur zirkuléiert. Net nëmmen de Staatschef war wärend dem lockdown an d’Ausland gereest, ma nach aner Cheffen, där aus der Regierung. Dat ass wuelverstanen net verbueden, ma kënnt beim Vollek schlecht un. Dohier den Titel vum Commentaire: méi Virbildfunktioun, manner Moralapostel. Et ass schwéier ze vermëttelen, datt een op Biarritz fiert an de Leit quasi d’Recommandatioun vum bleif doheem mat op de Wee gëtt!  Wee mengt, de Journalist hätt sech kuerz am Toun vergraff, wär ze déiw an den Elbling gefall, dee gëtt kuerz drop eppes Besserem beléiert. Nach emol Zitat:

” A wann dann d’Leit, déi sech (plus/minus) brav un Alles halen, quasi eleng gefeiert hunn a net méi bei Anerer op Besuch ginn, dann op engem eenzege Schnéi-Weekend an d’Éislek fueren, fir do mat hire Kanner en Hiwwel erof ze fueren, wann déi Leit sech da musse protokolléiere loossen, well se Heiheem bloufen an net an d’Sonn geflunn ginn, dann huet d’Lächerlechkeet scho bal keen Numm méi”.

A politesche Kreesser gouf dee Commentaire massiivst diskutéiert, och an der Regierung: ëmmerhinn geet et ëm hirer Memberen, déi iwwer Neijoerschdag och e bësselchen an d’Vakanz geflu solle sinn. An de Roy Grotz wénkt mat der Scheierpaart:” Ech vergonne Jiddwerengem seng Vakanz, verstinn all Polizist, dee muss kucken, datt d’Reegelen agehale ginn, mä wgl. kuckt dach no de Proportiounen a verkaaft Eis net fir domm. Soss kéint et mol virkommen, datt d’Vaccinatiouns-Campagne méi hannerfrot, wéi matgedroen gëtt.”

ma souwisou brennt d’Wick an der Regierung. An der Impf-Strategie waren sech déi dräi Säiten net eens, an och haut fir dat breet Oplackeren vum Confinement war een sech déck an d’Woll geroden. Gëschter nach sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview, datt een sech net sollt drop astellen, datt alles nees opgeet. Haut dann gëtt dee ganze Commerce opgemaach – essentiell oder net ass net méi wichteg-, just Bistro a Restaurant bleiwen zou! Dobäi sinn d’Infektiounszuelen net fantastesch.

Et ass evident: de fonds de commerce bei de Liberalen ass en aneren ewéi bei de Genossen. De Staatsminister huet d’Decisioun mat Psycho erklärt, ëmmer méi Leit géingen séilesch ënnert de Restriktioune leiden. Dat stellen ech net a Fro, stellen awer fest, datt vill Dokter a Wëssenschaftler der Meenung sinn, et sollt bedeitend manner deconfinéiert ginn.

Perséinlech bleiwen ech gespaant op déi weider Kommunikatioun vun RTL. War dee (gudde) Commentaire vum Roy Grotz http://bit.ly/2Xe804s eng Ausnam, souzesoen en Ausrutscher oder koum een zu der Asiicht, datt nëmme kritesche Journalismus ka gudde Journalismus sinn?

Related posts

3 Comments

  1. Dan MEDERNACH

    Viirun enger Zäit huet et dach geheescht « de Virus kennt keng Grenzen ». Komësch, well haut gesäit et jo awer laut PK op RTL éischter duerno aus wéi wann de Kolleg Covid voll op d’ Brems géif trëppelen wann en op eise Staatsterrain kënt. Eis Noperen hun den Eescht vum Problem ewéi et ausgesäit elo geschnallt an zéihen d’ Handbrems wou et nëmme geet. Just onsen RTL-Covid-Star-Binôme mecht neess de Géigendeel, wahrscheinlech nach bis déi nächst 2 bis 3 Wochen. An duerno heescht et da wahrscheinlech erëm « mir musse kucken »’. Et gëtt dach vill gutt Optiker hei am Ländchen déi dat richtegt Geschiir verklappe fir besser wäit ze gesinn, wann ee kuerzsichteg ass ! Ons Regierung huet nach fiir all Problem ze léisen en auslänneschen Expär fonnt (contre rémunération !). Wann auslännësch Expären gratis hir Meenungen zum Beschte ginn da stellen déi selwecht Regierungsmemberen sech daaf oder héiere ganz schlecht ! Et gëtt och vill gutt ORL’en ……… asw asw

  2. Phil

    De Virus an sein Verhalen ass weeder prévisible nach ofzeschätzen. Dat heescht eng rigide Konteraktioun op long terme ass net ubruecht an och net machbar. Vill méi muss, fir sämtlechen Secteuren an der Populatioun ze erfassen, sief et gesondheetlech oder wirtschaftlech, flexible an situatiounsgerecht gehandelt gin. An och do, muss ënner Ëmstänn, wann d’Situatioun sech kuerzfristeg ännert, adhoc reagéiert gin. Am Prinzip esou wéi Lenert an Bettel et bis elo gemat hun.

  3. Jak

    Bei RTL waerten se dach net elo emol ufenken mat Denken. “Dat kann net sënn” geiw d’Lydie so’en….A wann se dann ophaalen mat all deem Kaabes deen se verzaapen iwert den COVID dann geet och besser domat! Informei’eren ass den Rôle vun RTL, net noemen sabbelen, w.e.g.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *