Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

D’Regierung danzt op der Gillette! 

D’Regierung danzt op der Gillette!
Image par Werner B. de Pixabay

 

et war de 16. November, wéi ech mam Artikel https://guykaiser.lu/dem-bettel-sai-poker/ drop higewisen hat, datt d’Regierung sech warscheinlech selwer géing an den Abseits manövréieren. An der Halschecht November gouf iwwer en eventuelle weidere Confinement diskutéiert. D’Regierung war an der Virfreed vun der allgemenger Bescheeerung en anere Wee gaangen: all Dag war black friday an de Geschäfter, mat extreem villen auslännesche Gäscht an der Groussgaass an an de Galerieen. Mä de Virus ass méi previsibel wéi muncher een denkt.

De Confinement koum eben méi spéit, ausgerechent iwwer déi Feierdeeg, mat de Restriktiounen wéi mir se kennen. Elo widderhëlt sech dat Spill, nees eng Kéier zu Gonschten vun de Geschäftsleit, déi sech freeën däerfen, vun e Méindeg un nees hannert der Keess ze stoen. Obwuel, esou richteg kënnt och bei hinnen keng Freed op, well si wëssen, datt deen déconfinement nëmmen vu kuerzer Dauer wäert sinn.

D’Dani Schumacher bréngt et am Leitartikel vum Lëtzebuerger Wort vun haut exakt op de Punkt. “Denn so willkommen die angekündigten Lockerungen auch sein mögen, sie kommen reichlich früh und zu einem äusserst kritischen Zeitpunkt(…) Zehn Tage nach Beginn des zweiten Shutdowns sind dessen Auswirkungen erst ansatzweise erkennbar. Nicht genau gewusst ist auch, welche Folgen die zahlreichen Kontakte an den Feiertagen haben werden und welche Mitbringsel die vielen Urlaubsrückkehrer im Gepäck haben. Die Stunde der Wahrheit schlägt also erst in einigen Tagen.” Genau dat ass et.

De Risk besteet, datt nom 12 Januar d’Zuel vun de Positivgetesten a vun den Hospitalisatiounen nees eropgeet an datt spéitstens vum 20. Januar un eng zousätzlech Diskussioun iwwer deen drëtte Confinement misst gefouert ginn, an dat zu engem Moment, wou de HORECA-Secteur endlech nees sollt opgoen. Kee Wonner, datt verschidde Cafetier an Restaurateuren op 300.000 sinn!

Dobäi hunn d’Experten aus dem Gesondheetsministère d’Regierung gewarnt an esouguer méi schaarf Restriktioune verlaangt. Déi nämmlecht Hären an Dammen hunn allerdéngs haut Kräid gefriess a weise Versteesdemech fir d’Decisioun vun der Regierung. Perséinlech fannen ech et gutt, datt keng Virologen un de Schalthiewel vum Land sëtzen, ma et stellt sech dach d’Fro: op wat fir engen Erkenntnesser baséiert sech d’Regierung fir alles opzemaachen, alles, ausser Bistro a Restaurant, déi souwisou nach fir eng Woch zou sinn an dat schonn zanter dem 26. November?!

D’Dani Schumacher schwätzt vun engem Vabanque-Spill, wat net wäit ewech ass vum Poker. Bettel und Lenert sollten sich jetzt schon sehr gute Argumente einfallen lassen, wenn sie wollen, dass die Menschen ihnen dann noch Glauben schenken.” De Klimawandel tëscht deenen zwee Minister ass deementspriéchend!

“…D’Credibilitéit vun der Regierung steet um Spill…”

Déi Argumenter vun en Dënschdeg sinn allemol schwaach op der Broscht. De Staatsminister huet et zum Deel mat der séilescher Gesondheet vun de Leit begrënnt, nom Motto: d’Zäit vum bleif doheem ass eriwwer, elo kënnt d’Zäit an der frëscher Loft a vum Frust-shoppen! Mental Kranker leiden mat Sécherheet méi ewéi anerer um Confinement, ma ass hinnen tatsächlech gehollef an engem Deconfinement, mat deem sech fir si net vill ännert? Kee grousse Besuch doheem, kee Café, kee Restaurant, awer Nuets 2 Stonne méi laang spadséiere goen!

Lëtzebuerg gëtt vum Noper Saarland fir seng Decisiounen kritiséiert. De Ministerpresident Tobias Hans seet “mir wieren irresponsabel”. Bon! Do kann een äntweren: an enger gemeinsamer Europäescher Unioun kuckt no aler Traditioun jiddereen fir d’éischt no sech. Mech perséinlech huet de Vokabulär vum Ausseminister Jean Asselborn impressionéiert. Dee Mann refuséiert d’Wuert “Oplockerung”vun de Restriktiounen; hie schwätzt vun Adaptatiounen vun de Moossnamen. Dee Mann huet säin Titel als Chef-Diplomat net geklaut!

A wat ass dann vum Mobilitéitsminister François Bausch ze halen? Nëmmen 22 Doudeger op eise Stroossen zejoert. Den Här klappt sech selwer op d’Schëller: mir sinn um richtege Wee. Kloer! Déi niddereg Zuel vun den Doudesaffer huet esou gutt wéi guer näischt mat Confinement a mat Ausgangsspär ze dinn! Esou benotzt jidder Regierungsmember d’Pandemie fir seng eegen Zwecker. Méi glaafwierdeg gëtt d’Regierungsaarbecht domadder net….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *