Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Schlechte Style a schlecht Manéieren vun der Regierung 

Schlechte Style a schlecht Manéieren vun der Regierung
Image par Lauraljstc de Pixabay

de Regierungsklima ass esou wéi d’Wieder dobaussen, net sonnerlech gutt! Et gouf an et gëtt sech gestridden, besonnesch tëscht Blo a Rout wat d’Pandemiestrategie ugeet, an do nees besonnesch d’Akafen vu genuch Vaccin. Dee méi raue Klima an den interne Reien fierft och of ob d’Verhältnis tëscht der Regierung an der Oppositioun. Et geet schonn duer, vun engem Virus genervt ze ginn, an da geet engem och nach an der Haaptsaach d’CSV op de Geescht mat hire villen parlamentaresche Froen!

Bon. Net all QP ass de Pabeier wäert, ob deem si geschriwwe steet. Dat gëllt allerdéngs och fir Froen, déi aus de Reien vun der Majoritéit kommen an zu 99 Prozent Gefällegkeetsfroe sinn, mat där de betraffene Minister sech duerch seng Äntwert kann an d’Broscht geheien. Froen aus de Reien vun der Oppositioun sinn éischter geduecht, fir vun der Regierung zousätzlech Informatiounen ze kréien oder fir ze stëppelen, oder béides.

D’CSV hat Ugangs Dezember eng Fro gestallt iwwer privat Sécherheetsfirmaen. Wéi vill där Gesellschaften hunn den agrément? Wéi vill staatlech Verwaltungen hunn e Kontrakt mat esou enger Gesellschaft ofgeschloss? Wat kascht dat de Staat pro Joer? An esou weider an esou fort. D’Fro war natierlech zugläich eng Stëppel géint déi Gréng, déi der Gemeng Lëtzebuerg de béise Fanger gewisen hunn wéinst hirer Initiative, Leit vun enger Privatgesellschaft duerch d’Stad an iwwer d’Gare patrulléieren ze loossen an déi Gréng dobäi wëssen, datt och si massiivst ob esou Gesellschaften zeréckgräifen.

D’Äntwert hätt kënnen informativ ausfalen, ma 4 viséiert Ministeren -de Staatsminister, d’Justizministesch, de Mobilitéitsminister an deen vun der bannenzeger Sécherheet- hu sech d’Aarbecht opgedeelt a komme just op 5 ganzer Zeilen.

gkonline

Do gouf sech tatsächlech d’Fanger stompeg gekrozelt. Et gouf op keng eenzeg vun de 7 Froen inhaltlech geäntwert! An dat nëmmen fir derlaanscht ze kommen, mussen zouzeginn, datt de Staat Dosenden där Kontrakter mat Privatgesellschaft lafen huet.

dat nennen ech schappege Style an eng Ofwäertung vum Parlament! Ofgesinn dovunner, datt esou eng Net-Äntwert eng Frechheet ass vis-à-vis vun den dräi CSV-Vertrieder (Mosar, Roth, Gloden), mécht hei d’Regierung däitlech, wat si vun der Chamber hält, nämlech wéineg bis net vill. Gutt genuch fir der Regierung Vollmuechten duerch ze wénken an duerno zeréck an de Placard.

“Il n’existe pas de liste centralisée”: schéin a gutt, ma da wär et elo un der Zäit eng ze maachen! “Il existe néanmoins dans une multitude de cas un besoin…” Richteg! Ma da schreift och a wat fir enge Beräicher. Ech selwer koum virun engem Mount op e Käschtepunkt fir de Staat vu ronn 40 Milliounen Euro. Wann ech dat kann erausfannen, da mat Sécherheet och e Conseiller, premier en rang!

Et ass nun emol esou -an dat och zu Zäiten wou d’CSV un der Muecht war-, datt d’Gewiichtung tëscht Regierung a Parlament komplett schréi ass: d’Regierung disposéiert iwwer zeg dausende Mataarbechter wougéint d’Parlament héchstens op e puer Dose kënnt! Dobäi geet d’Land an der Reegel all fënnef Joer e Parlament wielen an net eng Regierung. Da behandelt et och deementspriéchend!

Et wier un der Zäit, datt de Chamberpresident de Griffel eraushëlt an der Regierung e gepefferte Bréif zoukomme léisst. De Fernand Etgen soll schliisslech de President sinn vun alle Volleksvertrieder, wéinstens an der Theorie…

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *