Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Ugepisst! 

Ugepisst!
Image parAlexas_Fotos de Pixabay

de Schëllegen an der Affaire ëm den “onheemlech-geheime” Casier schéngt fonnt ze sinn: e pensionéierte Greffier! Dobäi war de Bréif vun der Procureure Générale a vum President vum Ierweschte Geriicht un de Chamberpresident weder an der Form nach am Inhalt ubruecht, am Géigendeel, hie war onglécklech, wéi sech d’Justizministesch Sam Tanson ausgedréckt huet, déi déi nei Cheftaine ass vun der Martine Solovieff. Den LSAP-Politiker Alex Bodry, ëmmerhinn zanter 26 Joer am politesche Geschäft, kënnt zu där nämmlechter Konklusioun, mat zousätzlech där valabeler Entschëllegung, datt déi politesch Oppositioun an dësem konkreten Dossier parlamentaresch Froen wéi aus enger Stalin-Uergel (keen Zitat!) erausgeschoss hätt, an also bei der Justiz d’Gefill opkomm wier, “zum Spillball vun enger parteipolitescher Strategie ginn ze sinn”. Wat esou vill wëll heeschen: de Bréif war net an der Rei, mä, wann een hien an dëse Kontext setzt, war den Ausrutscher awer net esou schlëmm. Dont acte, a séier zeréck to basics!

Et däerf awer sécher drun erënnert ginn, datt net dëse pensionéierte Greffier den Ausléiser war vun der Affaire, ma en éischter harmlosen Artikel op dësem Internetsit (http://3.127.214.33/letzebuerg-a-kgb-zaiten/ ), wou e Mann sech als Kandidat fir eng Plaz um Parquet presentéiert huet. Während dem Virstellungsgespréich huet de Procureur Général d’Etat adjoint him gewësse Saachen virgehäit, wou kee Mënsch wousst, aus wat fir engem Zylinder datt hien si erausgezaubert hat.De Verdacht op e ‘casier bis’, spéider ‘geheime casier’ genannt, koum op. Den Artikel gouf am Ufank net sonnerlech dacks gelies, bis datt de maître Vogel sech eng éischte Kéier agemëscht hat an eréischt duerno koumen d’Aussoen op fb vum greffier. Et war also absolutt net dëse Pensionéierten, deen de Steen un d’Rulle bruecht hat, oder?! De Pol Reiland steet allerdéngs zu senge Behaaptungen, wat d’Situatioun um “Casier” an de 70-ger Joer betrëfft!

Loosse mer also de Bréif vu Solovieff/Wiwinius als deplasséiert Aktioun ofhaken an zeréckkommen zu den eegentleche Froen: wéivill geheim Casier ginn et? A wat fir enge Verwaltungen? Ween huet wat fir en Zougrëff? Zu wat fir engen Zwecker kënnen d’Daten aus deene Casier benotzt ginn? Kann ee beim Staat eng Aarbecht refüséiert kréien wéinst klenge Jugendsënnen, fir déi een net um Geriicht bestrooft gi war?

Ech ginn derfunner aus, datt d’Justiz – d’Ministesch, d’Procureure an all di aner- mat der Politik kollaboréiert, fir datt op parlamentareschem Plang Majoritéit an Oppositioun kënnen zu enger Léisung zesummefannen. Et geet jo drëm, eventuell Casier konform zum rezenten Dateschutzgesetz ze maachen, oder awer, si ofzeschafen, ëm net méi awer och net ëm manner! Dobäi mécht et wéineg Sënn, de Greffier unzegräifen, him konfus Aussoen ze ënnerstellen, grad wéi wann hie Schwieregkeeten hätt, seng Gedanken op eng Rei ze bréngen. Dee Mann fillt sech “liicht ugepisst”, an ech kann hie verstoen. De Mäerder ass net grad ëmmer de Gäertner!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *