Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Politmonitor: wéi wäit däerf de Chef vun engem Meenungsinstitut an der Ëffentlechkeet goen? 

Politmonitor: wéi wäit däerf de Chef vun engem Meenungsinstitut an der Ëffentlechkeet goen?
Photo de Lukas: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-pointant-sur-papier-669614/

 

Et hat sech an der Zäit erëmgeschwat. De Charel Margue, deemolege Chef vun der TNS-ILRES hat nawell e Pendant zu deene Gréngen. Dat war och en internen Thema bei RTL. Haut sëtzt de Mann fir déi Gréng an der Chamber, woumadder seng politesch Orientéierung jo däitlech confirméiert ass. De Charel Margue huet seng politesch Preferenzen allerdéngs verstoppt duerchblécke gelooss, sech bei Interpretatiounen vu politesche Sondagen verroden. Méi net!. Säin Nofollger bei TNS-ILRES trëppelt do aner Weeër.

Den Tommy Klein ass héich aktiv op Twitter. An dat wërft Froen op. Schliisslech mécht säi Betrib fir RTL a fir d’Lëtzebuerger Wort reegelméisseg politesch Ëmfroen, déi souwisou kontroverséiert sinn. Ass et also glécklech, wann de Chef vun engem Meenungsinstitut sech an déi politesch Diskussioun amëscht? E puer Beispiller:

De 17. November kënnt hien mat dësem Tweet:

gkonline

Bon! Dat kann een nach witzeg ophuelen. Et gëtt sech eng Photo aus dem Lëtzebuerger Land geléint, fir dann en Text driwwer ze pechen mam Message: bei der CSV kritt de Wiseler kuerz virum Politmonitor weech Knéien. Allerdéngs handelt et sech beim Tweeter ëm de Chef vun engem Meenungsinstitut an normalerweis ass an der Halschecht vum November déi éischt Vague vun der Sonndesfro erlaanscht. Hat den Tommy Klein also zu deem Ablack schonn éischt Resultater ënner der Nues? Et koum dozou och e Rappell, déi Kéier gemënzt op eben grad d’Sonndesfro

gkonline

Ënnendrënner nach ëmmer d’Photo vum Wiseler, deen do sëtzt ewéi e Strummert. Wien déi Tweeten all gesinn hat, konnt effektiv denken: et kënnegt sech en Debakel un fir déi Chrëschtlechsozial. D’Confirmatioun koum Stonnen drop mat engem däitleche Resultat: RTL huet gepusht a getwittert, den Tommy Klein huet dat weider getwittert

gkonline

 

Also: bei der CSV maachen se laang Gesiichter, bei de Sozialisten breet Paangechlaachen. D’Resultat aus dem Sondage spillt hei keng Roll, dofir awer d’Roll vum Chef vun der Ëmfro. Den Tommy Klein huet och sos d’Politik kritesch kommentéiert an de Parteien den Dicks geriicht

gkonline

D’CSV koum am Laf vun de leschte Wochen besonnesch dacks zu Tweet-Éieren

 

gkonline

Dem Mann läit de Laurent Mosar um Mo. Do gëtt zum Beispill en Tweet vum Radio 100,7 gedeelt.

gkonline

An och de François Bausch kritt säi Fett!

gkonline

Feelt nach jst, datt de Mann Ponkte verdeelt!

Ech sinn dee Leschten, dee wéilt d’Meenungsfräiheet aschränken. Ma ech stelle mir an och Iech d’Fro: sollen net Manager vu groussen a mëttlere Betriber sech eng Eegendisziplinn operleeën, wat hiren Optrëtt grad an de soziale Medien ubelaangt? Kann zum Beispill en Direkter vun enger Bank d’Strategie vun der Stëmm vun der Strooss ëffentlech kommentéieren? Kann den Direkter vum Statec d’Sozialpolitik vun der Regierung kritizéieren? Kann, däerf de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank de Spunnes dreiwen mat der ABBL? Oder de Chef vun enger Krankeversécherung, deen iwwer al Leit hierfält?

Et wier e Staminee op héijem Niveau. Interessante Beschass! Deen awer iergendwann eis Gesellschaft futti géing maachen! D’TNS-ILRES ass kee grousse Betrib, ma ass indirekt- nämlech via seng Sondagen- och e politesche Betrib. Héich sensibel! D’Resultater vu sengen Ëmfroen si souwisou kontestéiert. Et soll een si just als Trend gesinn deen allerdéngs scho muer e ganz anere ka sinn. D’Resultat vun der Ëmfro läit meeschtens eng gehéiereg Portioun wäit ewech vum Resultat vun de Wahlen.

Do wier et ubruecht als Direkter net nach d’Roll vun engem zousätzlechen troublemaker ze spillen. Et sief, et wéilt een sech de Virworf als influencer gefale loossen!

 

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Tns ilres?
    Wann ech freier mol en appel um telefon vun der boite krut hun ech direkt agehangen.
    Mais bon…vleicht get et nach leit am laendchen dei dat wat tns un de mann/fra brengt eescht huelen.
    Traureg wier et.

  2. Frank Bertemes

    Spéitstens elo gesinn ech mech confirméiert, firwat ech sou eng héich douteust “Meenungsinstitut” net kann eescht huelen – genee esou, wéi déi Selbstherrlechkeet vun hirer jeweileger “Chefpersoun”, déi sech eng D wéi W – ichtegkeet ginn huet a gëtt, déi se net huet. Firwat och? Fir ween halen déi sech? Mech huet iwwregens nach kee gefrot – a brauch och keen – hir onwichteg Sondagen , déi weider näischt sinn wéi eng (strikt limitéiert) Momentopnam mat ganz wéineg Aussoën (déi och nach als extrem wichteg opgeblose ginn) intresséiere mech net – a vill Anerer grad esou wéineg.
    Wahltag ist Zahltag – an do ass de Wieler deen Dag (a keen aneren!) de Souverän – a sécherlech net deen TNS – ILRES-Klibbchen!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *