Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Vu politesche Loftblosen 

Vu politesche Loftblosen
Image parPete Linforth de Pixabay

mat engem gewëssenen Houfert, jo esouguer mat Optmismus huet déi nei blo-rout-gréng Regierung ugekënnecht, de märderesche Präisser am Wunnengsbau de Kampf unzesoen. Et housch zwar just “poursuivre les efforts en matière de logements”, ma am Detail gouf gouf déck opgetrompt, mat der Ausso, datt mam Staatsbduget vun dësem Joer den Akzent géing op d’Promotioun geluecht ginn fir de locatif. Wann also scho sos näischt geet, fir d’Präisser erofgedréckt ze kréien, da soll et méi einfach an eventuell méi bëlleg ginn, fir en Haus oder Appartement ze lounen. Héiert sech richteg flott unn, mä, et ass eng Loftblos! Wann de Staatsbudget sollt den Akzent setzen op de locatif, da misst elo alles fuerchtbar séier goen. Déi zoustänneg Ministesch Sam Tanson huet nach keen eenzege Projet zustaane bruecht, sou datt ech unhuelen, datt op deem Punkt vill Suën am Budget wäerten iwwereg bleiwen. Wéinstens misst d’Ministesch eis kënne soen, wéivill Gemengen dann iwwerhaapt wëlle matmaachen; et héiert een nämlech méi dacks, datt eng ganz Partie Gemengepäpp a -mammen léiwer Proprietären op hierem Territoire hunn, ewéi Locatairen, déi nach ëmmer am Grand-Duché als Persounen zweeter Klass betruecht ginn! Ouni d’Ënnerstëtzung op kommunalem Plang kann d’Ministesch direkt apaken! Woufir si net kann: zejoert sinn d’Loyerspräisser tëscht 10 an 12 Prozent geklommen!!! Ma et ass d’Confirmatioun, datt oh ënner Gambia1 näischt geschitt ass!

image credits: Sam Tanson/Twitter

weider gouf eng Reform vun der Grondsteier ugekënnegt. Déi ass awer wuel fir nach esou bal net, well d’Regierung huet ugekënnecht, datt si fir d’éischt mol wéilt d’Reform vun der Individualbesteierung ofwarden a virun allem, datt och déi lescht Gemeng hire PAG (plan d’aménagement général) ugeholl huet. De Risk ass domatter ginn, datt déi Reform fir déi näechst Regierung ass.

D’Staatsbeamtegewerkschaft proposéiert eng “Spekulante-Steier” am Kampf géint d’Wunnengsnout. Si erënnert drunn, datt et 176 Millionären zu Lëtzebuerg gëtt (117 Eenzepersounen an 59 Entreprisen), déi allkéiers am Bësetz sinn vun engem Terrain am Wäert vun op d’mannst 10 Milliounen Euro. Den Nationalcomité vun der CGFP proposéiert dofir eng Spekulantesteier vun mindestens 5 Prozent d’Joer um Wäert vum Terrain. Den OGBL huet de Sujet neierdéngs och entdeckt. “Sam Tanson, bitte übernehmen Sie”, ma et ass méi einfach eppes ze fuerderen, ewéi eppes an d’Praxis ëmzesetzen, besonnesch mat deenen zwee aneren Koalitiounspartner. A wofunner weider keng Riéds geet: et sollen ëmmer méi Investisseuren aus dem Ausland ginn, déi um Lëtzebuerger Wunnegsmaart matmëschen!

 

Lëtzebuerg soll esou séier wéi méiglech exklusiv vu Biostroum liewen. Den Ament si mir bei 6,4 Prozent erneierbar Energie, do ass nach Loft no uewen! A propos Loft: Wandmillen wëll keen a sengem Gaart (NYMBY) an d’Energiezentral zu Lenzweiler schéngt och ze verpuffen.D’Annette Welsch huet Recht, wann si am Luxemburger Wort den 28.Juni schreiwt:”Die Grünen wollen an die Macht-auch auf Kosten ihrer Ideale”. Si weist drop hinn, datt 6 vun 9 Deputéierten bluddech Ufänger sinn, an datt et kloer ass, datt dës Leit net ëmmer eng glécklech Figur déiten ofginn.” Dafür könnte man Verständnis haben, wäre da nicht dieses vor Selbstbewusstsein strotzende Auftreten, das an Überheblichkeit grenzt.”…”was die Minister Turmes und Dieschbourg bislang in puncto Klimawandel und Energiewende vorgelegt haben, ist jedenfalls warme Luft”. Do huet eng Journalistin déi Gréng duerchkuckt, an huet och de Courage, fir et ze schreiwen. Et besteet eben e groussen Ënnerscheed tëscht ideologescher Theorie a praxisgebonnener Politik. D’Kollegen an Däitschland hu sech deen nämmlechten 28. Juni eng éischte Kéier geout a proposéieren eng CO2-Steier an der Héicht vun 40 Euro d’Tonn. Dat wäert bei wäitem net duergoen, fir de Knascht an d’Ëmwelt ze reduzéieren, ma et geet schonn duer, d’Onzefriddenheet ënner de Leit, besonnesch bei deene sozial Schwaachen, un d’Glousen ze bréngen. Déi nämmlecht Erfahrung wäert d’Gretha och nach musse maachen.

A wéi ass et mat de Cadeauen gratis ëffentlechen Transport a gratis Crèchen? Déi kommen natiirlech gutt un bei de Leit; zugläich kasséiert d’Regierung ëmmer nach Milliounen an via eng Solidaritéitssteier. Sou gesinn, bezillt jiddereen awer nach säi Bus a seng Crèche. Och esou eng Loftblos, well d’Soli-Steier ass eng Kriisesteier.

“…Kriis a Cadeauën passen allerdéngs net beienaner…”

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *