Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Divers

Mat vill Steiersuen géint d’Natur! 

Mat vill Steiersuen géint d’Natur!
matho

 

De lëtzebuerger Staat weess net méi, wat spueren ass. Fir d’Lescht huet eng Regierung radikal mussen op d’Brems drécken viru 45 Joer mat der Stolkris. Deemools goung et esou richteg ëm dat Agemaachent: op der Arbed hunn déi Zäit 27.000 Leit geschafft, an de Betrib war méi ewéi systemesch, well et houngen eng Abberzuel aner Betriber un de Stolwierker drunn. Et goung tatsächlech ëm d’Iwwerliewen vun eisem Land. Glécklecherweis huet sech parallel de Finanzsecteur ëmmer méi breet gemaach a mir liewen zanter 30 Joer am absolutte Floribus.

A grad esou schwammen eng Partie Gemengen an de Suen. Dozou gehéiert Hesper. Wiem wéi de Marc Thoma vill mam Vëlo ënnerwee ass, falen eng Partie Saachen op. Zum Beispill eng Vëlospist déi ouni Virwarnung mir-näischt-dir-näischt verbarrikadéiert gëtt, well an de Bëscher ronderëm massiv Beem ëmgeholzt ginn.

marc Thoma

Kloer! Et géing proportionell méi deier ginn, wa just déi Beem déiten ëmgeseet ginn, déi wierklech krank oder schonn dout sinn, mä, wa schonn, da schonn, et wier am Sënn vun der Natur. Grad an enger Klimabündnis-Gemeng.

De Marc Thoma ass vum Suedel geklommen fir Photoen ze maachen. Hei säin Zesummeschnëtt mat Kommentar.

 

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *