Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Gesellschaft

Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 

Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik
Photo de Mateusz Dach: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/decor-a-suspendre-crane-noir-et-blanc-3660228/

D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi am Däiwel senger Zopp gerouert. Den Ament sinn d’Piraten nach just gutt genuch, fir d’Summerlach ze fëllen. Dat war nach virun engem Joer aneschters. Zeitungen, Radio an Televisioun haten hinne virun de Wahlen méi ewéi guttwëlleg de Mikro zur Dispositioun gestalt an der intimer Hoffnung, et kéim endlech frësche Wand an d’Land, a wann net, da wären si ëmmer nach ze gebrauchen als Konkurrenz vis-à-vis vun den traditionelle Parteien.

Dat war de Spunten ronderëm Haddock a Co och zum Deel gelongen. Kee wosst zwar esou richteg – ausser déi ganz jonk Wieler- fir wat fir politesch Zieler si sech asetzen, an nawell koumen si zejoert op 6,74 Prozent vun de Stëmmen. Déi 5 politesch Formatioune Piraten, Fokus, Volt, déi Konservativ a Liberté konnten zesummen 10,78 Prozent vun de Stëmme rafen. Net esou déck, an dach hunn déi Kräizercher deenen anere Parteie gefeelt. Besonnesch wann ee bedenkt, datt et bei LSAP, DP an CSV zesummen grad emol 4 Prozent Wiesselstëmme ginn hat. Eng kleng Klamer: dat ablécklecht Behuele vun der Press ass den Ament alles aneschters ewéi éierlech!

Hypokritesch wier dat bessert Wuert. Viru Joer waren déi nei politesch Formatiounen méi wéi wëllkomm fir e bësselche Medien-Tam-Tam. Besonnesch dem Sven Clement sinn se hannendru gelaf wéi wann hien den nächste Staatsminister géing ginn. Och de Franck Engel vu FOKUS koum gutt ewech, awer ëmmer nëmmen aus dem Bléckwénkel: wéi kann ech nach e bësselche Bordell méi an d’Politik erakréien? Virun allem RTL misst haut seng eegen Astellung kritesch hannerfroen an an d’Analysen a Commentären mat afléisse loossen. Klamer zou.

Hätten déi Gréng zejoert net esou massiv d’Maschen am politesche Geheekels verluer, Gambia wier déi drëtt Etapp gefuer. Dees muss sech virun allem. eng CSV bewosst sinn, déi no 10 Joer an der Oppositioun grad emol ëm 0,9 Prozent geklomme war. Sécher, si ass déi gréisste Partei a villäicht (nach) eenzeg grouss Vollekspartei; kloer och, datt d’Zäiten eriwwer sinn,wou déi traditionell Parteien op Erich Honnecker-Resultater konnte kommen, an nawell mussen si elo schonn d’Zukunft am Avenir preparéieren. An do ass ënnert den Zaldoten ronderëm deen net onbedéngt fuschneie Luc dach Sputt no uewen.

Photo de Sora Shimazaki: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/pirate-meconnaissable-avec-smartphone-tapant-sur-ordinateur-portable-au-bureau-5935791/

Déi kleng politesch Formatiounen wäerten sech no an no a Loft opléisen. Dat kann ee grad esou begréissen ewéi bedaueren. Besonnesch duerch d’Piraten hat d’Politik am Alldag vun de Jugendlechen neien Opdriff krut, an dee soll een net d’Päif-aus-goe loossen. DP, LSAP an CSV mussen sech zum Deel programmatesch erneieren, mussen sech bewosst ginn, datt fir eng ganz Partie Jugendlecher den Index net méi deen nämmlechte Stellewäert huet ewéi fir déi eeler Generatioun. Wat een nees ka bedaueren an och begréissen.

Engersäits sinn d’Piraten nëmme Matrousen ewéi anerer och. Esou ass déi ëffentlech Sécherheet bei hinnen grad esou ee Sujet ewéi bei de Bopen a Bomercher. Anerersäits maachen si sech Gedanken iwwer eng multipolar Welt, iwwer deen ëmmer méi groussen a séieren technesche Fortschrëtt. Faust a Macbeth sinn do nach just gutt Geleeënheeten, aus dem Alldag fortzelafen, souzesoen als Pausebréitchen am struggle for life. Kënschtlech Intelligenz, Mini-Atomreakter, Roboter déi eis am Stot hëllefen, eng ëmmer méi verwurrelt Informatik, déi eis deementspriechend ëmmer méi iwwerwaacht, kontrolléiert…

Dat sin d’Sujeten vun de jonke Leit vun haut, an do kucken déi grouss Parteien gréisstendeels zimmlech domm aus der Wäsch. Änlech Situatioun bei de Gewerkschaften. Et gëtt héich Zäit, datt déi Al mat deene Jonken an d’Gespréich kommen. De Medien-Tam-Tam iwwer den Ënnergank vun de Piraten ass éischter ouni Bedeitung, wichteg ass, datt déi klassesch Parteien sech endlech der Problematik vun de Jugendleche bewosst ginn. Nei Erausfuerderungen brauchen eng nei Politik, nei Orientéierungen, nei Gesetzer.

D’Puppelcher vun haut sinn d’Bope vu muer, just datt déi dann am Altersheem vun engem Robocop gefleegt wäerte ginn…

 

Related posts

1 Comment

  1. Guido

    Zum Thema “Überwachungsstaat” der sich seit einigen Jahres stetig auf nationaler uns europäischer Ebene ausbreitet waren die Piraten treu auf der Linie der Altparteien soweit ich dies beurteilen kann.
    Dabei wären sie gerade zu dieser Thematik gefordert gewesen.
    Viel Geschrei und wenig Wolle sprach der Wolf und schor die Sau.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *