Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Konscht viru Geriicht: Jeff Dieschburg a Gaston Vogel gewannen an éischter Instanz 

Konscht viru Geriicht: Jeff Dieschburg a Gaston Vogel gewannen an éischter Instanz
marco thoma

 

De Jeff Dieschburg huet en Tableau gemoolt. Eng flott Fra. Si kuckt mech iwwer hir plakeg Schëlleren un, e bësselchen romantesch, e bësselchen nostalgesch, wehmütig géing den Däitsche schreiwen. Awer och e bësselchen verféierend….mä d’Phantasie geet mat mir duerch.

Et ass wéi mam Mona Lisa: einfach, an einfach schéin. De Lëtzebuerger huet sech un enger Foto vun enger Artistin aus den USA inspiréiert, an eng Partie Leit – dorënner och Journalisten- waren am Fréijoer zu Lëtzebuerch ewéi d’Hyänen iwwer hien hiergefall an haten hien wéinst Plagiat an der klenger Lëtzebuerger Welt quasi onméiglech gemaach. Konschbanausen goufen zum Henker! An d’Fotografin aus den USA huet de Jeff Dieschburg op d’Geriicht geschleeft.

Zum Verdikt komme mir gläich, fir d’éischt e puer Wuert zum corpus delicti, also zum Tableau.

gkonline

Schonn nëmmen eleng d’Transpositioun vun der Fra als Foto eriwwer an e Bild an Uelechfaarw ass an dësem Fall eng Klass fir sech. Am Original kuckt d’Fra eis vu lénks un an ass e bësselche bleech. Op der Kopie wéi d’Konschtbanausen dat nennen – de richtegen Term ass Appropriatioun-, luusst si vu riets eriwwer, huet zousätzlech en Ouerréng un, dréit e Schwäert. Hiert Gewand ass blo an net gréng ewéi op der Foto, déi iwwregens fir eng Moudenzeitung gemaach gi war- een net onwichtegen Detail.

Beim Jeff Dieschburg handelt et sech ëm e sougenannten Diptychon, en onzertrennlecht Tafelwierk aus zwee Deeler.

gkonline

D’Fotografin Jingna Zhang huet also de Lëtzebuerger Artist ugeklot, well hien hirer Meenung no hier Fotografie ofgemoolt hätt. A si huet an éischter Instanz verluer! No deem Verdikt goufen et zum Deel ganz hefteg Reaktiounen.

gkonline

Och méi wéi topeg Reaktiounen – natierlech ënnert dem Anonymat- op der Internetsäit vun RTL. Eng dorënner en Opruff zum Haass, woufir sech och RTL veräntwerte muss.

 

Dem Jeff Dieschburg säin Affekot huet also an éischter Instanz gewonnen, ma huet direkt bei RTL intervenéiert. Hien hätt gären den Numm vun där Persoun, déi sech bei hinnen um Internet anonym als Allstarcast zu Wuert gemellt huet. Klamer op: ech hunn et ëmmer debille fonnt, datt een op deene verschiddenste Websäiten – besonnesch vu Medien- kann anonym seng kleng a grouss Gehässegkeeten lassginn. Méi feig a méi kretinéis geet et jo wuel net! Klamer zou.

marc Thoma

RTL huet dee Commentaire direkt vu senger Säit erofgeholl, mais le mal est fait! Et kënnt also nach eng um Geriicht no an och d’Fotografin huet ugekënnegt, nom Verdikt an éischter Instanz an Appell ze goen.

Et ass deemno nach net alles an dréchenen Dicher, ma eng éischt Schluecht ass gewonnen. De Marc Thoma huet mam Affekot Gaston Vogel geschwat an zugläich och mam betraffenen Artist. Den Zesummeschnëtt vun dësen zwee Gespréicher fannt Dir hei ënnendrënner an och, wéi gewinnt, op apart.tv. Et sinn interessant Explikatiounen vum Affekot, mënschlech Aussoen vum Kënschtler.

 

 

An hei nach de link zum ganze Verdikt:

jugement civil par voie électronique 07.12.2022 copie copie

 

 

 

 

Related posts

6 Comments

  1. Frank Bertemes

    Wat hei geschitt ass, ass een Hohn a weist, wéi wäit, wéi aaremséileg , wéi humiliant den Aarm vun deenen a-soziale Medie geet. Hei gëtt ee reel kreativen Artist, ee jonke Mënsch, deen eppes kann – wéi hie jo scho bewisen huet – vu Leit, déi sech hanner dem Anonymat dierfe verstoppen, ugegraff, schlëmm blesséiert an diskreditéiert. Dee jonke Mënsch ass kloer ee sensible jonke Mann, deen hei een Trauma riskéiert – och dat misst zousätzlech beuecht ginn. Wat hunn déi Leit sech mat hire Commentairen hei erlaabt? Aaremséileg Feiglingen, déi egal wat kënne vu sech ginn, ouni sech mussen erkennen ze ginn – sou eppes duerf dach ganz einfach net méi toleréiert ginn. Eemol méi huet de Maître Vogel hei eng exzellent Aarbecht geleescht an dem breede Public, ënnerstëtzt vun engem richtungsweisenden Uerteel, dat wierklech héchst begréissenswert ass, däitlech erkläert, ëm wat et hei eigentlech gaangen ass. Firwat déi sou grouss “Solidaritéit” mat enger Fotografin, déi näischt Groussarteges geleescht huet? Wann ee weess, wéi vill handwierklecht Fotografie-Talent och de Maître Gaston Vogel selwer a senge Wierker (niewt senger Aktivitéit als Auteur) scho bewisen huet, wéi vill Wëssen hien deemno op deem Gebidd perséinlech huet, sou versteet ee seng Roserei ëmsou méi – nieft där och vun him scho sou laang ugeprangerter, bekannter Problematik vun där applizéierter schändlecher Praxis vum Anonymat vu Commentairen op RTL respektiv deene “soziale” Medien – leider een Dauerbrenner…Wéini gëtt déi infekt Praxis mol endlech verbueden a just nach ee Commentaire publizéiert, wann ee muss mat sengem vollen Numm ënnerschreiwen, ier eppes dierf verëffentlecht ginn? Zivilcourage nennt dat sech, oder? Da wär scho villes bedeitend besser a vill Feigheet a groben Unfug am Netz verhënnert. Jo, ee Prozess, wéi hei ugekënnegt, wär an deem Sënn sécherlech “hilfreich”!

    1. Bartz Emile

      Excellent!

  2. Jean

    Souguer wann et sech em e plagiat gehandelt haett- quod non- ass de kommentar vun deer persoun dei ‘oeffentliche schlaege” dofir verlangt scho grenzdebil…an dei persoun hat och nach 3 staeren bei rtl.
    Scho bal fir ze lachen.

  3. Yoram Thilges

    Moien,

    Ech wollt Iech doropp opmierksam man, dass dir am PDF vum Verdikt d’Addresse vun der Demanderesse net zenséiert hudd.

    1. Guy Kaiser

      Merci. Dat hunn ech direkt nogeholl!

  4. Jay

    What is terrible with this is Luxembourg has so few talent, I mean we never hear about a Luxemburg artist on the world stage, then when we finally do, he’s a hack who plagiarize other artists. Not a good look.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *