Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Fage a google: eng Blamage fir de Site Lëtzebuerg! 

Fage a google: eng Blamage fir de Site Lëtzebuerg!
Gemeng Biissen

Fage wëll Jughurt zu Beetebuerg produzéieren. Jughurt ass gutt fir d’Gesondheet, op d’mannst fir d’Schanken. Jughurt brauch allerdéngs niewt der Mëllech, vill Waasser a Stroum. Domatter dinn sech déi verschidde politesch Parteien méi wéi schwéier. Nodeems den Dossier scho virun dräi Joer agereecht gi war a Fage och schonn déi éischt Grimmelchen Steieren bezuelt huet, ass den Dossier anscheinend ëmmer nach net esou wäit, datt een endlech kéint eng Decisioun huelen. Dobäi heescht et regelméisseg op Promotiounsreesen vun de Wirtschaftsdelegatiounen:“Kommt an de Grand-Duché! Mir sinn d’Land vun de kuerze Weeër! Yes, we can!”. Kuerz ass deemno zu Lëtzebuerg relativ. Ech stelle mir d’Patronen vu Fage vir, wann se sollten an den nächste Méint matgedeelt kréien, datt esou Leed et eis och deet, eng Implantatioun vun enger Jughurtsfabréck leider net méiglech ass. 3 Joer Waarden, Plangen, Investéieren, an alles fir d’Kaz. Dann ass et besser, an Zoukunft op esou Promotiounsreesen ze verzichten, well, mir wëlle bleiwen wat mir sinn! Basta!

 

google ass nach méi esou eng Blamage! De Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet komplett recht, drop hinzeweisen, datt d’Land dréngend muss d’Economie diversifiéieren. Dat hunn anerer virun him och scho gesot an elo ergëtt sech eng eemoleg Geleegenheet! Google wëll jo op Lëtzebuerg kommen, net well d’Leit zu Biissen mat den Hénger opstinn, ma well den Data Centre de Stroum fir de bëllegen Tariff kritt ewéi eng Schwéierindustrie.

De Gemenroot vu Biissen huet zwar an deem Sënn gëschter de PAG geännert, sou datt elo een éischte Schratt gemaach ass, mä just hallefhäaerzeg: 4 CSV-Conseljee woren dofir, 2 CSV-Vertrieder woren dergéint (Luxemburger Wort) , 5 Oppositiounsmember hu sech enthalen. De Buergermeeschter Jos Schummer ass alles aneschters wéi glécklech a fillt sech vu senger eegener Partei am Stach gelooss. Recht huet de Mann! Et kann een duerchaus novollzéien, datt eng CSV Méinte laang d’Regierung viru sech hi joot, jidfer dräi vun de Majoritéitsparteien an den Eck dréckt, ma och fir eng Oppositiounspartei kënnt de Moment, Faarf ze bekennen a sech kloer ze positionnéieren. Dat huet si net gemaach, huet éischter, wéi et de Buergermeeschter Schummer festhält, sech enger populistescher Kritik um Regierungsprojet hirginn!

Dat ass Politik, wéi d’Vollek se net gäeren huet. Eng CSV als gréissten Oppositiounspartei – an iwwerhaapt- muss de Courage hunn, no enger Phase vu Kritik un der Regierung hir eege Meenung zu engem Dossier op den Dësch ze leeën. Dat nämmlecht gëllt natiirlech och fir déi aner Parteien. Et ass ewéi am Kaartespill: Poker fäerdeg, Weise gëllt!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *