Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Politik am Summerschlof! 

Politik am Summerschlof!

Et muss ee scho feststellen, datt dës Wahlcampagne esou zimmlech viru sech hinplätschert. Offiziell fänkt se zwar eréischt no der grousser Vakanz unn, inoffiziell leeft se allerdéngs zanter d’Land erëm ass vun der Pëngschtcroisière. Den Toun an, an tëscht de Parteien huet sech liicht verschärft an et reent politesch Fuerderungen a Verspriéchen. Den Ament awer mol huet d’Land d’Trottoiren eropgeklappt, vill Leit sinn an der Vakanz, wëllen also wéinstens fir e puer Wochen näischt vu Politik wëssen, einfach mol ofschalten. Da kommen se zeréck, ginn am Schnëtt dräimol iwwer de Paerdsmaart, also op d’Fouer, kënnen dobäi de Wues bewonneren, iwwer deen den Tram kutschéiert an eréischt dann soll et richteg lass goen mat der Campagne. Bis dato also zimmlech langweileg! Dat huet dermadder ze dinn, datt d’Campagne an Zwee gedeelt ass: e bësselchen virun der Vakanz, e bësselchen duerno; do kënnt keng Stëmmung op. Viru 5 Joer war d’Situatioun jo eng komplett aner. Do war géint de Juncker geputscht ginn, Stëmmung also garantéiert. An haut? Ech hunn um Nuetsdësch en Info-Blat leien vun der CSV (Op de Punkt) an eent vun de Genossen (Mir hu Wuert gehalen): dat hëlleft effektiv, séier a gutt an en déiwen Nanaronki ze faalen, op d’mannst bis d’Stater Braderie, wann och d’Politiker nees zeréck am Land sinn. Da gëtt e bësselchen op d’déck Tromm geschloen, et kënnt eventuell zu deem engen oder aneren face-à-face, zu steiwen table-ronden an da gi mer schonn eis Kräizercher molen, Athéisten kënnen dat och mat engem “x” maachen.

Virun der Vakanzenzäit hunn di verschidde Parteien – Traditioun oblige- op hir Pressekonferenz invitéiert, verbonnen –typesch Lëtzebuerg?- mat engem gudde Maufel fir de Journalist. All Partei klappt sech fir déi Geleegenheet selwer op d’Schëller, d’Sozen ënnersträichen, wéi vill a wéi gutt déi lescht Méint an och Joer dach geschafft gouf, déi Gréng mat där nämmlechter Leier a mam Appel un de Wieler, si bitte schön an d’Regierung zeréckzewielen, well eben nach net « alles goud » ass, an déi gréissten Oppositiounspartei äntwert e bësselche motzeg, datt si – wär se dach nëmme gelooss ginn- villes aneschters gemaach hätt. C’est de bonne guerre seet de Fransous, gehéiert zum Geschäft ewéi d’Hostie zum Tabernakel, ma daacht näischt fir e publizisteschen « Heuler », fir en nohaltegen politesche Message.

An dach! et deet sech eppes!

déi demokratesch Partei hat Uganks Juli hiere Kongress. Eng weider Geleegenheet, sech op en Neits op d’Schëller ze klappen. Dofir sinn Kongresser do, fir d’Foussvollék ze motivéieren. Op deem Kongress hätt eigentlech de Wahlprogramm mussen ugeholl ginn…ma dee war aus Zäitgrënn net richteg fäerdeg! D’Parteipräsidentin Corinne Cahen, déi vu sech selwer behaapt, extrem ongedëlleg ze sinn, konnt mam Premier Xavier Bettel, just Eckwäerter opzielen: steierlech Entlaaschtungen, esou gutt fir d’Privatleit ewéi och fir d’Betriiber. Héiert sech verdammt gutt unn, ma ëm wéivill Prozent? Dat konnt net gesot ginn. “Mir hu keng Zäit, fir laang ze träntelen”, gouf de Premier ze verstoen, an esou hat d’Partei keng Zäit, de Programm am Detail auszeschaffen. Deen Detail, deen nun awer wierklech wichteg ass fir de Wieler, soll een an den nächste Wochen kënnen um Internet noliesen. Schonn éischter aussergewéinlech an et sinn net wéineg DP-Leit doriwwer verwonnert gewierscht!

Image source:Twitter corinne cahen

Et gëtt an der Partei eng gewësse Stëmmung géint d’Präsidentin Cahen, och wat de Congé super Plus betrëfft. Si muss sech waarem undoen, wann am Hierscht d’Wahlresultat sollt schlecht ausfaalen. E Verloscht vun zwee Mandater wär nach acceptabel, alles wat driwwer läit, verlaangt no perséinleche Konsequenzen. Den enjeu fir d’Präsidentinn ass also grouss!

Déi aner Parteien sti programmatesch net besser do! Och eng CSV konnt bis ewell nach kee ganze Wahlprogramm aus dem Hutt zauberen. Do héiert een als Argument, datt et wéineg Sënn mécht, en décke Schmöker esou kuerz virun der Vakanz op den Dësch ze schmäissen an de Wieler domatter eleng ze loosen. Et ass sécherlech net falsch, well déi wéinegst vun eis huelen e Parteiprogramm mat op Ibiza oder Madeira, fir deen niewt Sangria a Sonnecrème bei der Piscine leien ze loosen, ma et ass d’Confirmatioun, datt et näischt bréngt, d’Wahlcampagne an zwee Deeler ze rappen.D’CSV presentéiert hiere Programm elo Häpperchersweis. Naja! An hiere Spëtzekandidat Claude Wiseler ass zeréck geruddert, wat seng éischt Visiounen ubelaangt vu Gemengefusiounen an och vun den Zukunftsperspektiven fir déi spéider Pensionären.

Am September brauchen d’Leit eng Zäitchen, fir aus der Vakanzestëmmung erauszekommen; Leit mat Kanner këmmeren sech dann prioritär ëm d’Schoulrentrée, Papp a Mamm mussen och nees an den Tratt kommen op der Aarbecht, an esou ass de Sputt kleng, sech och nach ëm Politik ze këmmeren, e puerhonnert Säite Programmer ze liesen vun deene verschiddene Parteien. Dann ass et scho méi einfach, sech e Bic schenken ze loossen! Souwisou wäaerten di Programmer bei de grousse Parteien extreem flaach ausfaalen: datt ee manner seet, datt ee manner vum Géigner kann attackéiert ginn!!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *