Recent Posts

Post Categories

Cash fir Bores an der Politik 
Déi klassesch Parteien sollen sech. bei der eegener Nues huelen. Reegelméisseg behuelen si sech méi domm wéi et den demokratesche...
Frank Bertemes: Demokratische Nachhaltigkeit 
Tanz den Tanz auf dünnem Eis. So eine Aufforderung, der man tunlichst niemals folgen sollte… Zurecht gilt nämlich diese metaphorische...
Onrou an der Bäckerei an am stater Schäfferot 
Zu de Fakten: e leschte Samsdech war Halli-Galli op der stater Theaterplaz, do wou fréier  an der Festungsstad d’Bréidercher gebak...
D’Sozialisten op der Sich no engem Jürgen Klopp 
D’Genossenschaft LASEP huet dëser Deeg mat engem Flyer all Bréifkëscht verstoppt. 12 Säiten déck, um Cover eng Hand déi d’Fanger...

Blog Post

Innepolitik

D’LSAP an de Referendum 

D’LSAP an de Referendum
image credits:pixaby

Virun 3 Joer war décke Rämmidämmi an der Lëtzebuerger Politik. D’Regierung war 2 Joer virdrun ausgewiesselt ginn an hat sech nach net richteg en place gesat an zugläich gouf iwwer 3 Froen fir de Referendum diskutéiert, virun allem gestridden. Am meeschte polemiséiert gouf natiirlech iwwer d’Fro, op een den auslännesche Matbierger sollt kënnen d’Wahlrecht gin oder net. Eischter harmlos war d’Fro, op een net och de jonke Leit vu 16 Joer unn sollt d’Wahlrecht ginn. An dach: eng ekrasant Majoritéit, nämlech 80,87 Prozent haten sech géint d’Wahlrecht vu 16 Joer unn ausgeschwaat!! Dat war e klore Verdikt.

Natiirlech ass dëst Resultat net a Steen gemeesselt an et ass legitimm, wann een an där Fro wëllt en zweeten Ulaaf huelen. Dat maachen elo d’Genossen: si proposéieren dat Wahlrecht nees an hirem Wahlprogramm. Well de Referendum awer eréischt dräi Joer hier ass, froen ech mech, op esou eng Propositioun zu dësem Ablack glécklech ass, ëmsou méi, wou 4 Fënneftel sech jo dergéint ausgeschwat haten. Bannent 3 Joer ännert sech d’Mentalitéit wuel kaum. Mä, dat wëssen d’Genossen wuel selwer a schreiwen dës Fuerderung an de Programm, fir ze weisen, datt si eemol wéi d’aner Kéier hannert hirer Iddi stinn, allerdéngs se net wäert duerchzesetze sinn mam Koalitiounspartner…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *