Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Mario Dichter: Oppene Bréif un d’Adress vum Staatsminister 

Mario Dichter: Oppene Bréif un d’Adress vum Staatsminister
Image par Hier und jetzt endet leider meine Reise auf Pixabay aber de Pixabay

 

“Normalitéit“ an der Nokrichszäit just nach mat Passéierschäin?

 

 

 

„Monsieur le Président, je vous fais une lettre, que vous lirez peut-être, si vous avez le temps“, hat de franséischen Schrëftsteller Boris Vian virun bal 70 Joër an engem vun him selwer geschriwwenen Chanson mol gesongen, wouranner hien d’Erliefnisser an d’Iwwerleeungen vun engem sougenannten Déserteur beschreift, deen e.a. seng Landsleit dozou oprifft, net an de Krich ze zéien: „Et je dirai aux gens: Refusez d’obéir, refusez de la faire, n’allez pas à la guerre, refusez de partir“.

Villäicht hutt Dir Zäit, fir dëse Bréif ze liesen, deen ech Iech schreiwen, fir dass Der herno zum engen net kënnt soën, Dir hätt vu näischt gewousst an zum aneren fir hoffentlech e puer Leit an dësem Land doriwwer un d‘Nodenken ze kréien, wat mer eigentlech hei grad maan, bzw. gemaach hun mat eisen Senioren, Kanner a mat eis selwer.

Wéi am Lidd „Le déserteur“ sin och ech nët gewëllt, Matleefer an deem heite Krich ze sinn, wou een leider net kann désertéieren, ma nëmmen just op d’Ongereimtheeten an d’Ongerechtegkeeten hiweisen, déi et an engem Krich ëmmer gouf a gëtt. Dat éischt Affer vum Krich ass d’Wourecht, heescht et; „nun, die Wahrheit ist das zweite Opfer des Krieges, weil die Neutralität schon vorher verloren geht“ féiert déi däitsch Autorin Carolin Emcke an engem vun hire Bicher weider aus an dat ass genee dat, wat mer momentan (rëm) erliewen.

Am Krich si mer laut Ärem „Kolleeg“ aus dem Elyséepalast zënter Ugangs 2020 jo op e Neits, net géint eng Arméi an och net géint en anert Land, wéi dësen sot, ma de Feind wier awer trotzdeem do an d‘Regierung misst alles drusetzen, dëse Feind ze bekämpfen. Gemengt war natierlech dat, woumat mer zanterhier bal weltwäit all owes schlofen ginn an all moies rëm opstinn; déi faméis Pandemie, wéi se eis den 11. März dat lescht Joër vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) virgesat gouf an zënterhier nuets net méi gutt schlofe léisst an am Do net méi onbeschwéiert liewe léisst.

Här Staatsminister, ech wees éierlech gesot bis haut net, wat eigentlech konkret muss geschéien, fir dass mer rëm kënnen an e „normalen“ Liewensmodus iwwergoën, bzw. wourop d’Regierung hir Decisiounen stäipt, déi deemools a Rekordzäit an e soug. Covid-Gesetz (fir mech éischter een Ermächtigungsgesetz) gegoss goufen a wat vun do un schonns x-mol iwwerschafft, geännert an ugepasst gouf. Et misst deemno e ganz trëftege Grond ginn, fir iwwerhaapt esou e Gesetz ze maan, wat déif an déi perséinlech Fräiheeten vum Eenzelnen agräift a wat iwwert den Delai vun den 3 Méint, wéi et an engem Noutstand virgesinn ass, erausgeet.

Esou e Grond ass awer wäit a breet néierens a Siicht an ech wëll an deem Kontext op e puer allgemeng zougänglech Faiten hiweisen, déi no méi wéi engem Joër „Corona“ eigentlech jidderengem missten bekannt sinn. Wann Der se sollt kennen, hunn ech nach manner bis guer keen Versteesdemech fir déi soug. Mesuren, déi eis den Alldag an d’Freed um Liewen zum Deel veronméiglechen, fir vill Leit schwéier physesch a psychesch Suiten hunn an esouguer direkt oder indirekt kënnen zum Doud féieren. Wann Der se net sollt kennen, wier dat net manner verwerflech an erschreckend, géif et jo weisen, dass déi, déi mengen, anerer mussen ze „regéieren“, an enger Blos an hirem Elfenbeintiirmchen géingen liewen an näischt vun der realer Welt géife matkréien. Ech weess bal net, wat schlëmmer wier!

 

*******************

 

Besoten WHO hat virun der soug. Corona-Pandemie d’Critèren, bzw. d’Definitioun vun enger ‚Pandemie‘ geännert. Et brauch elo keng Iwwerstierwlechkeet méi (déi et par rapport zur Awunnerzuel hei zu Lëtzebuerg wärend der „Pandemie“ nie gouf an och net gëtt) fir eng Pandemie auszeruffen, ma et geet schonn duer, wann eng Krankheet méi geheeft wéi soss optrëtt, oder wann et eng „nei“ Krankheet ass. Dëst fanne mer elo neiderdéngs awer net méi doduerch eraus, dass iwwerméisseg vill Leit bestëmmten Symptomer opweisen, mä duerch e soug. PCR-Test, deen den Aussoën vu sengem Entwéckler no, niewebäi bemierkt ëmmerhin e Nobelpräisträger, näischt iwwert eng ‚Infektioun‘ ausseet a bei gesonde Leit sws. keen Sënn géif maan. Dat féiert natierlech eisen héichgelueften Large Scale Testing ad absurdum a wa mer mol éierlech sinn, gesäit e Blannen, dass mer mat där „Strategie“ komplett um Holzwee sinn, well absolut keng Korrelatioun tëscht der Unzuel vun positiven Testresultater a Leit mat Covid-19-Symptomer besteet, déi per Definitioun eigentlech eben NET de Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochssënn asw. sinn, mä eng schwéier Longekrankheet, déi zum Doud féiert. Dat zumindest ass eis deemools jo mol esou aus dem Räich vun der Mëtt iwwermëttelt ginn. Iwwerdeems wësse mer jo mol net, ob Leit mat oder un Covid-19 gestuerwe sinn a stierwen, wéinst der einfacher Ursaach, dass keng Autopsie gemaach goufen a ginn. Et gëtt einfach behaapt, dass all Doudegen, deen virun oder esouguer no sengem Doud positiv gestest gouf, e Covid-19-Affer wier. Esou huet eis den Direkter vun der Santé dat op eiser staatlech finanzéierter Telé jiddefalls mol erklärt. Eigentlech praktisch, wann een nieft dem Staats-Ministère och nach d’Ministèren vun der Kommunikatioun, de Medien an der Digitaliséierung ënnert sech huet…

Apropos Tester: Zu de Schnelltester z.B. an eisen Schoulen, weist eis den Robert Koch-Institut an engem entspriechenden Dokument op, wéi fiabel déi Tester sinn, wat z.B. falsch positiv Resultater ugeet. De Schnelltest, deen hei zu Lëtzebuerg an eise Schoulen an den Asaz kënnt, weist bei der aktueller Inzidenz vun 56 (déi rëm op PCR-Tester baséiert, déi wéi gesot keng „Infektioun“ kënnen noweisen) a ronn 94% vun de Fäll falsch positiv un! D.h. mat aneren Wierder, dass bal all Schüler wéi e Schwéierverbriecher behandelt, heemgeschéckt an agespärt gëtt, ouni dass dozou iergend e Grond besteet, woumat ech net wëll gesot hunn, dass ech déi Praktiken bei den iwwregen 6% guttheeschen an dass den Test iergendeng konkret Ausso hätt, vu dass et bis haut keng wëssenschaftlech propper Arbecht zur Isolatioun vum SARS-CoV-2 gëtt, déi zudeems d’Henle-Koch-Postulater géif erfëllen.

Wou mer grad bei de Kanner sinn, sief och op d’Problematik mat de Masken z.B. an der Schoul higewisen. Ech weess net, ob een grouss Etuden brauch (obwuel et der mëttlerweil en masse ginn), fir erauszefannen, dass et net gesond ka sinn, wann een keng frësch Loft kann, jo esouguer därf ootmen, zemools fir Kanner. Kanner si logescherweis nach an der Entwécklung a brauchen nieft vill Léift, Freed, engem zolitten Doheem, Schlof, gudder Ernierung, Beweegung a Kollegen och propper Loft, wat mat enger mat gëftegen Substanzen steriliséierter Fatz Plastik virun Mond a Nues wuel kaum méiglech ass. Dëst ouni eng kloër wëssenschaftlech fundéiert Basis de Kanner einfach zouzemudden an opzezwéngen grenzt un e Verbriechen, wat, wéi no all Krich, sécher wärt opgeschafft an hoffentlech dementspriechend och wärt sanktionéiert ginn.

Un e Verbriechen grenzt och eng scho bal nonchalant Propagéierung vun enger „Noutfall“-Impfung, wou et keng Etuden iwwert Laangzäitwierkungen (ka) ginn a wou et, och hei zu Lëtzebuerg, schonn Doudesfäll an deem Kontext gouf. Ouni d’Populatioun iwwert d’Risiken opzeklären an ouni den Hiwäis, dass et sech bei dësen neiartegen Impfungen ëm experimentell Impfstoffer handelt, déi zum Doud kënne féieren, ginn d’Leit als Versuchskanéngercher riicht an d’Messer lafe gelooss, Kanner inclus.

Ganz niewebäi gouf elo hei zu Lëtzebuerg och de soug. „Covid-Check“ agefouert, wou een per QR-Code beweise muss, dass ee getest, fäerdeg geimpft oder nees gesond ass; demno eppes wéi e Passéierschäin, wéi mer ët aus DDR-Zäite kennen, just dass en elo digital funktionéiert a gesond Leit ausschléisst an domadder diskriminéiert. „D’Onscholdsvermutung“, wann een dat esou an deem heiten Fall ka nennen, fällt deemno eweg, esou wéi et an engem Rechtsstaat awer eigentlech ubruecht wier an all eenzelnen Bierger gëtt vu viran als potenziell Gefoer fir de Rescht vun der Gesellschaft agestuuft. Dat ass dégeulasse a viru net allzelaanger Zäit hätte mer dem Regime a China bei esou Praktiken nach de béisen Fanger gemaach! Elo maan mer hei zu Lëtzebuerg just dat selwecht, an d’Politik schummt sech net, fir mat enger gudder Portioun Zynismus nach ëmmer vun Demokratie a Rechtsstaat ze schwätzen.

An Zäit vu just 15 Méint huet also déi lëtzebuerger Regierung (oder sollt een wouméiglech och hei de Begrëff „Regime“ gebrauchen?) et mat Hëllef vun enger Zort psychologischer Krichsféierung färdeg bruecht, aus Gesonden Kranker ze maan (déi daat opgrond vun enger permanenter medialer Propaganda dann och nach selwer gleewen), d’Gesellschaft ze splécken, Diskriminéierung, Mësstrauen an Denunziantentum ze installéieren an salonfäheg ze maan an d’Mënschen vu jonk bis al op der Basis vun Angschtmaacherei mat totalitären Praktiken an enger „Zuckerbrot und Peitsche“-Strategie (momentan e bësschen méi Zuckerbrot) ze schikanéieren. Den Helmut Schmidt hat emol gesot, dass de Staatsterrorismus souguer aner Formen vun Terrorismus nach géif iwwertreffen an et goufen Figuren déi Säit vun Our, Sauer a Musel, déi sech an deem, wat zënter März 2020 hei ofleeft, sécher erëmfond hätten.

Schléissen wëll ech mat engem Auszug aus dem Lidd „Die Zeit ist reif“ vum Hannes Wader, wou de Protagonist virum Graf vun engem jonken Zaldot steet, deem säi Liewen opgrond vu sengem Asaz am éischte Weltkrich mat 19 Joër eriwwer war: „Für den Frieden zu kämpfen und wachsam zu sein, fällt die Menschheit noch einmal auf Lügen herein. Ja auch dich haben sie schon genauso belogen, so wie sie es mit uns heute immer noch tun.“

 

D’Zäit ass räif!

 

Ouni bescht oder schéin Gréiss, dofir awer mat der Hoffnung, dass „d’Corona-Pandemie“ als daat an d’Geschichtsbicher ageet, waat séch als ëmmer méi offensichtléch weist; als eng Zort Coup d’état(s), gesponsert an initiiéiert vun onduerchsichtigen Organisatiounen an enger Industrie, déi sech ethesch a mënschlech komplett verrant an disqualifizéiert huet.

 

Mario Dichter, entsaaten an empörten Papp vun 2 gesonde Kanner, den 8. Juni 2021, deen net geduecht hätt, dass esou eppes an enger Gesellschaft, déi séch fir opgekläert hält, nach emol méiglech wier.

 

P.S.: Vu, dass d’Regierung hier Decisiounen wëssenschaftlech net beleet, bzw. net ka beleeën, hunn och ech bewosst op Quellenangaben verzicht. Am Contraire zu de Behaaptungen vun der Regierung kann a soll awer jiddereen dat, wat ech am Bréif geschriwwen hunn, selwer iwwerpréifen!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Related posts

1 Comment

  1. Gilbert

    Bravo Här Dichter. De gréissten Deel vun de Corona-Mesurë si politesch bedéngt. Géifen se op evidenzbaséierte wëssenschaftlechen Etudë berouen, géifen an all Land (wéinstens an Europa) déi selwecht Mesure gëllen.
    Hei och emol ee ganz interessant Dokument betreffend d´Infektiounen an de Schoulen. Ech well hei just e puer Extraiten aus dem Dokument publizéieren. Fënnt een awer wann een e bësse googelt als PDF Datei.
    Ass vum Prof. Dr. Werner Bergholz.

    Stellungnahme Anhörung Ausschuss für Gesundheit des Deutschen Bundestag am 17. Mai 2021 9 Uhr, zum Thema „Infektionsschutzgesetz“.
    Fazit:
    Die Risiken für Schüler und durch Schüler sind minimal, eine signifikante Reduktion der potentiellen Gefährdung durch den Einsatz von Antigen-Schnelltests ist nicht erkennbar, birgt dagegen zusätzliche gesundheitliche Risiken.
    Die Inzidenzzahl bzw. der R-Wert hat keine erkennbare Relevanz für die Gefährdungsbeurteilung im Zusammenhang mit Schulen und sind aufgrund von technischen Mängeln nicht für eine sach- und fachgerechte Beurteilung des Infektionsgeschehens geeignet.
    Befund 1: Es ist aufgrund der RKI Statistiken evident, dass das Risiko durch eine Covid-19 Infektion für Schüler absolut vernachlässigbar ist.
    Befund 2: Auch im Vergleich zum allgemeinen Sterberisiko für die Altersgruppen von Schülern ist das Risiko durch Covid-19 absolut vernachlässigbar.
    Befund 6: Schulkinder spielen bei der Infizierung von anderen Altersgruppen keine Rolle, unabhängig ob Homeschooling oder Präsenzunterricht vorliegt.
    Befund 8: Eine Risikomanagement Bewertung kommt zu dem Schluss, dass das Infektionsrisiko durch den Schulbetrieb vernachlässigbar ist und deshalb regelmäßige Schnelltests an Schulen sinnlos sind, zumal von den Tests unmittelbar gesundheitliche Risiken ausgehen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *