Presse, de 4. Pilier vun der Demokratie ?

0
150

Presse, de 4.Pilier vun der Demokaratie ? Ma zu wat fir engem Präis ? Déi éischt Méint a menger Pensioun hu mech a villem confirméiert, wat ech déi Joer virdrun mengen Ex-Kolleegen probéiert hunn, mat op de Wee ze ginn : d’Erausfuerderungen fir d’Zukunft vun der Presse wäerten gigantesch sinn ! Ech hat mir nämlech virgeholl, déi éischt 6 Méint an der Pensioun weder Radio ze lauschteren, nach eng Zeitung ze liesen. Ech wollt domatter de radikale Broch tëscht aktivem Journalismus während 38 Joer a Renteliewen acceleréieren. Ausnahm: Telé oder Fernseh, a ganz vill Internet. D’Resultat war fir e fréeiere Radiosmann eng Katastroph! Um klengen Handy kruut ech Saachen ze liesen, déi de Radio Minutten, Stonnen duerno bruecht huet! De Radio, bis dato de séierste Media, huet d’Partie souzesoen allkéiers verluer, an dacks goung eng kuerz Info mir duer: Accident am Lokalen, Vote vun engem Gesetz an der Chamber, Resultater aus dem Sport asw. An och wann ech méi Hannergrondinformatiounen wollt hunn iwwer dësen oder dee Sujet, war d’Offer aus der digitaler Welt meeschtens méi breet, wéi um Radio oder den Dag drop an der geschriwwener Presse. Dat ass eng gigantesch Erausfuerderung fir déi klassesch Medien, déi sech entweder mussen Eng afaale loosen oder déi fréi oder spéit mussen zoumaachen!

S


chonn elo ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg alarmant!

 Eng Zeitung erausginn oder Radio maachen, kascht Geld: Pabeier, technesch Installatiounen a virun allem, Personal! D’Zeitungen kënnen dat scho laang net méi eleng duerch de Verkaaf an Abonnementer stemmen, och net méi mat der Hëllef vu Reklammen, ëmsou méi, wou de Publicitéitsmarché zu Lëtzebuerg kleng ass, wëll heeschen, d’Reklammen gi bei wäitem net esou deier verkaaf wéi dat am noen Ausland nach de Fall ass. Bei Radio Lëtzebuerg ass d’Situatioun ähnlech: de Programm kann zwar nach vill Suen eraschäffelen, mä, à quel prix? D’Antenne gëtt ëmmer méi vu Publicitéitsplagen polluéiert, souzesoen “zougespamt”, an zwar esou, datt de Sputt no uewen ëmmer méi kleng gëtt; schonn elo ginn et Amenter, wou Informatioun a Musek ze kuerz kommen! Dat war jo och d’Haaptargument, fir viru Joerzéngten de Sender 100,7 an d’Liewen ze ruffen, also e Radio ouni Reklammen.

Déi geschriwwe Presse kritt vum Staat finanziell Hëllefen, an zwar net ze knapp! Wéi awer sollen dës Hëllefen an Zoukunft verdeelt ginn, wann déi Zeitungen ëmmer manner gelies ginn? Fir verschidden Editiounen ass d’Situatioun dramatesch an eng Besserung gesinn ech net, am Géigendeel! Déi jonk Generatioun ass mat Handy a PC grouss ginn a wäert mat 20/30 Joer kaum op de Pabeier eriwwerwiesselen,…ausser, do ass déi journalistesch Offer eng ganz aner, mat bei wäitem méi Hannergrondinformatiounen, mat Beiträg, déi net eleng op d’Top-Aktualitéit bezu sinn, mat kompetenten Analysen a Commentären. Dat nämmlecht gëllt fir de Radio: wa fréier Emissiounen vun enger ganzer Stonn vu ville Leit intensive gelauschtert goufen, esou ass de Radio haut zu séierem Konsum veruurdeelt, am genre: Näischt uerges geschitt zu Lëtzebuerg, ass d’Welt nach eenegermoossen an der Rei, wéi gëtt d’Wieder?! Fir datt de Radio interessant bleiwt, muss sech och do eppes fir d’Zukunft afaale gelooss ginn! Ma weder fir Radio nach fir déi geschriwwe Press geet en einfache copy/paste mam Internet duer, dat weist och d’Erofgoen vun den Abonnementer a vun der geschriwwener Press an och den “daily reach” vum Radio.

D


e Journalist, fënneft Rad um Woon?

Déi grouss Erausfuerderungen, déi op déi klassesch Presse duerkommen, bedeiten näischt aaneschters, ewéi datt déi verschidden Editiounshaiser massiv mussen investéieren, an zwar an d’Personal, an dësem Fall an d’Journalisten. Do gesinn ech allerdéngs méi wéi schwaarz, well déi lescht 40 Joer war ech reegelméisseg katastrophéiert, wann ech ze héiere krut, wat deen een oder anere Kolleeg esou un Akommes hat! Dee Betrag war munnechmol esou niddereg, datt ech alt mol am Geck sot, et misst een op d’Geriicht vun de Mënscherechter goen. Keng Angscht! Ech falen hei net iwwer mäi fréiere Patron hir! Bei RTL ass d’Situatioun liicht eng aner an ech gehéieren net zu deenen, déi an déi Zopp späitzen, vun där si Joer laang matt geläffelt hunn. Ech well hei ganz allgemeng schreiwen, mam Constat, datt et en Hohn ass, jonk Leit anzestellen mat liicht eppes méi wéi de soziale Mindestlouhn. An dobäi hunn dës Leit dacks e Master an der Täsch an Tonnen Universitéitsscholden op de Banken. Dann däerf ee sech net wonneren, wann esou Leit no e puer Joer de Journalismus verloossen! D’Argument: entweder, et huet een de Journalismus an der Panz oder net, geet net (méi) duer. De Reporter muss anstänneg bezuelt ginn, fir datt hien och bereet ass, 12 Stonnen den Dag ze schaffen, sech mat sengem Numm, senger Stëmm oder senger Binette an d’Ëffentlechkeet ze stellen. D’Argument geet och net méi duer, ze soen, de Reporter wär jo näischt wäert ouni d’Presse, well da kéint hien näischt schreiwen, wär also an der Ëffentlechkeet net bekannt, souzesoen, eng Erpressung op der Basis vum Ego-Tripp. De Journalist, dacks an der Gesellschaft als Paperazzi vernannt, muss och finanziell respektéiert ginn. Ma do gesinn ech éischter pechschwaarz! Wann een awer d’Presse als véierte Pillier vun der Demokratie wëll gesinn, da misst ee sech dat och eppes kaschte loossen!

CNS - Caisse Nationale de Santé
Image Credits: pixabay.com

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here